Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Cover Girl

 
Cover Girl
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.08.2011
  • Gekuckt:
    22385
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    11
  • Beliichtungszäit:
    1/250 sec
  • Blend:
    f/7.1
  • Brennwäit:
    55 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    911x1200
  • Späicherplaz:
    397 KB
  • Originaldatum:
    2008:08:23 18:13:41
  • Fotoapparat:
    NIKON D200
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    AF-S DX NIKKOR 17-55 mm 1:2,8G ED
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher
2. Kategorie: Digital Art »» Mënschen an Emotiounen
Extras:
Elichchrom Studioblëtzer an Photoshop

Fir anzesetzen: [pg_img=58099]
Kommentar vum Fotograf:
Salut,

Ech hat mol firun enger gudder Zeit desen Portrait vum Christina erob gelueden. Deen hat fir vill Gespreich an Kritik gesuergt. Wat ech demols net geschriwen hat, wor dass d' Photo fir desen Projet wor.

Ech geif mesch iwert Aer Koments freen.
MbG -Luc
Abacab 12.08.2011 - 22:02
Gratulatioun zu dengem Cover Girl! Fannen et ganz flott! War mer elo mol di Kommentarer vun deem Bild ukucken! Ka nemme soen, wann e Bild esou vill Text geschriwwe kritt, dann huet et eppes! An dann ass et och egal op et positiv oder negativ geschriwwen assclosed_eye
Luc_69 13.08.2011 - 20:52
Salut Alleguerten,

Oh ech hat mer elo net esouvill Resonance erward.

Firob, nee et ass keen offiziellen "Vogue" Cover, durfir och den "S". Sugur mam "S" denken ech dass d' Arbescht no um Limit leit.
Mee no risk no fun smile

Gudd gesin Zora.

Wei et schengt sin awer elo mei Leit un der Background Geschicht intresseiert wei ech gemengt hun.
Also hei den Projet.

Ech hun firun 3 Joer mol enkeier en Workshop oofgehal "Cover"
Den Inhalt war, wei machen ech en Cover fir en Mode oder Glemour Magazin. Demols haten - 8 Leit dorun deel geholl.
(Natierlech publizeieren ech just mein Cover hei)

Bon den Workshop huet sech iwert zwee Deeg gezun an wor eischter technesch orienteiert. En bestung aus zwee Deeler.

1. Studio: Bei mir Doheem an mengem Studio.
Wei machen ech en Portrait fir esou en Cover ?
Model, Pose, Beliichtung (an desem Fall 3 Blëtzer), Beliichtungsmeeser, Makeup an Visa etc...

2. Photoshop: Ob engem MAC mat Photoshop CS3 an calibreierten Ecran.
Inhalt wor Digital Bearbeschtung. Beauty Retouchen etc.. oni dass et gekünstelt ausgeseit.

An dest ass dobei eraus komm.
Well demols d' Kritiken esou controvers woren hat ech den Cover net erob gelueden.

Merci fir Aer Koments. Ech sin frou dass d' Arbescht Ierch gefaellt an stin fir weider Froen ob.

@_MiAmI_ emmer gaer.

MbG - Luc -
_MiAmI_ 12.08.2011 - 23:13
wow, wk top. war kuerz deng aaner Foto do kucken, eierlech gesoot war et ma ze vill vir alles ze liesen, well des Foto hei mech elo intersseiert. Waat soll ech soen, super beliecht etc, hun virun kuerzer Zait och ungefaang mech vir Portrait, Beliechtung ze interesseiren, wei vill driwer liesen kucken ... smile
mengen werd dann mol nach deen Een oder Aaneren Tip bei dech froen kommen. closed_eye
Nagarjuna 13.08.2011 - 09:39
Wat ass dat fir eng Zeitung? Déi richteg "Vogue" gëtt jo ouni 's' geschriwwen. An wat mécht den Link op deng Websäit ënnert den Präisser. Ech kann och mam beschten wëllen näischt um Google iwwert déi Zeitung fannen. Wollts du dir do een Dram erfëllen oder wollts du just een Cover vun enger Zeitung imitéieren??? Ech war mir och elo d'Kommentaren ukucken zur Foto. Et war interessant eng Kéier driwwer ze fléien. closed_eye
Zora 13.08.2011 - 10:39
Also VOGUES wuar eng amerikanesch Gesangsgrupp aus den 60er, hätt den "S" eweg geloss, mä trotzdeem hues de der eng schein Méih hei ginclosed_eye
arwa 13.08.2011 - 14:08
den S weg loossen - daat ka richteg deier gin closed_eye
Zora 13.08.2011 - 14:15
Denken ech ochclosed_eye
Pit 13.08.2011 - 14:02
Also mir gefält dat, ass net méi schlecht, wéi wann een am Zeitungsbuttek d'Coveren kukt.
Jean-Jos 13.08.2011 - 14:06
Also ech liesen "dass d' Photo fir desen Projet wor", dat heescht jo nët méi an och nët mannner, wéi datt een e Projet hat, deen e vläicht iergends'wou présentéiert huet asw... et steet nët do, datt dee Cover och wierklech realiséiert gouf, dem Nagarjuma sai Kommentar hëlleft awer ganz kloer hei ze relativéieren.

Ech hun d'Kommentaren vun der 1. Foto elo mol gelies a froe mech ganz einfach, ob do nët 'Virgeschichten' sin, déi ech nët kennen, ansonsten ech nët alles verstoe kann.

Dat Gesamtbild hei gefällt mer an et gesäit een, datt vill Aarbécht dra stécht an datt och vill know-how do ass.
Nagarjuna 13.08.2011 - 14:55
Ganz denger Meenung, awer et wier jo dann och interessant gewiescht ze wëssen ëm wat fir een Projet et sech do gehandelt huet. Mir war am Thumb den 'S' net opgefall an ech duecht dass hien den Cover vun der Vogue mat enger Foto gemeet hätt déi hei ganz kontrovers Kommentaren kritt hat. Dem ass jo net sou. Et gierf mech awer dann freeën e bëssi méi iwwert deen Projet gewuer ze ginn. smile
Jean-Jos 13.08.2011 - 14:59
Dem stëmmen ech zou, ëmsou méi dat gëscht, wéi d'Foto gepost gouf, scho genau 3 Joer hir waren...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
2 Benotzer an 535 Gäscht online