D'Beliichtung gëtt der Foto eng schéin Stëmmung an den Cadrage mam Stecker fir lenks den mam Kabel riets op d'Maschinn féiert ass ganz flott. Déi Hover-Blénkmaschinnen hunn mech meng ganz Jugend begleed. Ëmmer grad Sonndes Mueres ass domat d'Trapenhaus geblénkt ginn...
Déi hunn zwar och den Stepps an dem Sack opgefaangen, awer ënnendrënner dréinen 3 Scheiwen (Telleren). Als éischt huet een 3 Scheiwen (Biichten) drop gemeet fir de Bueden mat mat Crème anzerreiwen, an duerno sinn d'Biichten duerch Filzscheiwen ersat ginn fir ze Blénken. Dat mécht een wonnerbaren Kaméidi an engem Trapenhaus... Déi kritt een haut nach...
Super gemeet an flott idee zum setting!
Et get e besse d gefill vun der mickey mouse am
Apprenti sorcier, juste hei ass den staubsauger deen geschwenn vum selwen danzt
Uh villmols merci, den apprenti sorcier war jo am fantasia mat dran, mat den danzende Biischten? Hun dat schon eiwe net mei gesinn . Aus dem Bauch eraus geif ech mengen stroum drop, an e leeft/danzt