merci Nathalie
d'Schäerft léit do am Noberäich nëmmen op engem cm,
en plus ass dat (50J) alt Objektiv do nëmmen an der Mëtt schaarf,
de Rescht ass flou ... en Lëns mat Charakter
Och flott fir Portraiten , ... wann en et gären huet
Dei méscht fannen des flott...an du Ed ... Fotografesch an der Rei dei dooten?
3 Elementer , neischt waat awer richtesch eraus-stecht...
Mech mét dest duerchernén... den Viuellen Equilibre ass net net richtesch gerooden no menger Ménung
Kanns du méi präzis ginn? Ech fannen, si huet "Soul"... Villäicht net perfekt no all den Regelen vun Schoul... kann sinn... Awer dat passt zu dem wat ech an mengem Profil als Zitat stoen hunn vum Delacroix. (...an dat grad vun engem kompulsiven Perfektionist)
Als eischt ass den visuellen Equilibre duerchernén bruecht duerch dei verschidden Formen an Faarwen.
1- Ronn vs Dreieck... den Thema ass d'Graas an net dei Rondelen uewen lenks (spiggelvue)
2- Greng Vs Gro ... mmmh dei fosforeszent Greng Fuerw ass mei stark also eremm vum thema eroof komm
3- Luucht Strahlen riets uewen ... vum Thema ooflédend
4- Den HGannergrong mat Fouilli
Also ech fannen des net mat vill Soul mé eng Agressive Foto dei ench net lang kucken ...
merci emol gesot Gennaro,
ech si mer ganz bewosst dat bei dësem Bild hei d' Meenungen sech total deelen wäerten. Et ass en Bild mat enger aler Optik gemach, dat ech weise wollt ... dat net verschafft ginn ass, dofir uewen och nach den helle wäissen Sonneflëck Fir mech lieft eng Foto och vu Géigesätz, ronn eckeg asw . Dat bësse schaarf wat um Bild ass, léit am ieweschten gëllene Schnëtt, den Haaptmotiv selwer am rietsen Drëttel dofir fir mech selwer photografesch korrekt.
keen Equiliber, ... eist Sonnesystem ass den Inbegrëff vun Chaos, also pur, an trotzdem sinn ech dovun faszinéiert.
Frees de mech hei no engem richteg gudde Bild, .. mat Sécherheet net. Frees de mech no Fotografesch korrekt, (kann awer nemme fir mech schwetzen) jo... ech loosse mech awer nach gären beléieren ... et schreift fléit ausser dem Nagarjuna ( ech muss firtéicht déi Profil nach eng kéier méi genau kucken JC ) nach en eppes derzou ?
Ah Ed , ech wollt dir neischt bebrengen.. bis elo ass daat nach emmer de contraire.
Mé et ass kloer dass d'Kontradiktiounen dei hai an deser Foto sinn net eng rouesch Foto dorausser maachen mé eng Agressiv onrouesch Foto.
Chaos --- Mmmh jo awer én Chaos mat enger énormer Entalpie ... also organiseiert dofir fragile
gudd oder Schlecht Bild ass jo net Questioun... Soul oder net Soul och net ... mé en Empfannen wann én et kuckt ... villeicht wollt ech fir mech dass dest geif aneschters ausgesinn... daat ass alles ... Dofir awer eng besonnesch Foto
interessant wär ze wëssen wat nach aner Läit dervunner halen ?
Ech hunn e Bild doheem (3m x 1,5m) NewYork an der rushhour relativ abstrakt, mat den typeschen gielen Taxien ... meng gutt Frae hat sech doranner verkuckt, ... ech kréien hat nach Häerzklappen wann ech drop kucken !! .. an ech soen der elo net wou et hänkt
Dann passen ech léiwer elo op, wou ech schon e bëssi gesondheetlech Ugeschloen sinn, dass ech mir d'Ae net och nach verdierwen mat deenen aggressiven Musteren.... (Dat huet elo missten sinn, hehehehe)
dat Bild hei ass dat schéinsten op der ganzer PG !!!
wat seet de Brodman dann elo ? ... du kanns et direkt moossen,
bass de an der Praxis?, .... däin Bluttdrockzipps steet lenks, de Bols 15 Seconnen mol 4'er