Extras: ënneraanerem dem Sutebe sein Objektiv :-) merci nach un dech
Fir anzesetzen: [pg_img=57179]
Kommentar vum Fotograf:
zu Stadtbredimus stungen se ...d'Musclecars :-) een méi schéin ewéi deen aaneren ! wann ech een hätt dierften mathuelen dann waer ët dësen gewiercht ;-)
oh jo! dukes ech muss och un den film denken, ein Duke kommt selten allein wéi se do am rond-point driften mee et as wierklech een vun den schéinsten autoen iwerhaapt
Jo wous de Recht hues ,hues de Recht ! Ët gin och nach aaner schéiner ewéi den Mustang GT Shelby deen och do war bei deem ech och nët nee géif soen mee ech sin einfach vernarrt an den Charger an merci och fier den Fav
Merci gesoot .... jo do gin ech daer Recht ! Définitiv stungen se immens no beieneen fier der souvill wéi méiglech op den Site ze kréien. Woubei ech maer soen datt en 1/4 vun deenen menger Meenung no nët esou richteg an déi Scene gepasst hun .... just well ët en US Car as muss deen nët onbedingt en Bekanntheetsgrad hun. Nuje hun daat bescht dorauser gemaach
Ganz schéin Foto'en , mega gudd gefällt mer dei foarweg. Do hun ech mer dach nët der Deeg esou en dä.... Film ugekuckt mam Nicolas Cage an do fueren se och mat genau esou engem Charger durch Geigend. Duerch deng Foto'en héiert een jo baal deen bombastesche Sound Fannen ech super gelongen deng Biller !
Merci fier dein Comment Zersch, freet mech wann se gefaalen! Jo bei deem Sound hues de einfach en Poulet !! Bei deem Auto breicht ech keen Radio an keng Fensteren dran
Merci Clod, jo ët war mat Momenter nët ganz einfach well d'Autoen einfach ze no beieneen stungen an fier den Moment z'erwëschen wou dann och nach keen laanscht geet oder firdrun stoen bleiwt wanns de bei verschidden Fotoen iwwert den Buedem gerobbt bas naja
Freet mech awer wann d'Serie gefällt
Merci Jean-Jos fier dein Comment ... jo déi hieten huet maer effektiv am faarwegen och besser gefall ewéi am S&W ....sou wierkt déi Monsterschnëss einfach besser fannen ech
Merci gesoot Nagarjuna, jo déi 4. as och mein Fav .... hat en Weitwenkel geléint kritt an wollt daat emol ausprobéiren ! Wosst guer nët dat een do sou no un den Objet kann erungoen Hun ëmmer gefaart dat ech widdert den Auto kommen ! Den Sutebe soot ëmmer --Méi no, méi no, méi no --- Mengen ech leen maer och esoueen Objektiv zou ..