Et war eng super frëndlech Crew, well einfach emol esou an d'Cockpit spazieren kennt mengen ech och net all Daag fir :D (an dat dann beim 1. Fluch ) Dei lescht Foto ass den Marseiller Hafen esou wei den Pilot en geseit
a schéi brav den Autopilot un, mee d`Gescwindegkeet an d`Héischt maan se weinstens selwer (wann ech daat na richteg aus mengen FS Zäiten erkennen kann)
Korrekt, hien sot et wär en langweilegen Beruf wann een laang flitt, well d'737 mecht esou guer d'Landung per Autopilot , muss och elo mol mat FS ufänken, ass anscheinend en super Progrram
also se brengt dech roof bis 1m iwert pist, mee da muss de de Rescht manuell maan, soss geet et schief mee den ILS as scho praktesch
ajo, hues du keng Probs mam Autofocus bei denger S8000, meng muss een deemno wei 20x op de Knäpchen drecken bis se focusseiert, an da gi na d`halschent vun de Biller onscharf... -.-
Dach deen Problem hun ech och!!! Hat elo schon geduet et wier nemmen meng, virun allem bei schlechten Lichtverhältnisser, bei mer sinn elo vun 450 Fotoen eng 1 - 40 onscharf
hun e souwuel wei och, souguer wann den autofocus eps auswielt, as et 50/50 dass se awer net scharf as, mee nja, mol kucken, vläit hellt e se zreck an ech kreien e bong, da gett et s9100
i know, mee fir de Rescht hun ech jo meng D5000 mee et nervt all Keiers fir eng Foto mussen 20x ze klicken an dann as se na net scharf, dofir mol kucken waat se am CK soen...
Hun och eng Foto vun mer an dem Pilot, Co-Pilotin hud dei gemach kann se awer net hei erop lueden , mee dei waren einfach nemmen frëndlech, natirlech haten se och nemen gudd gelaunten Leit fir op Lloret un Board (ennert deenen och den Jong vum Pilot war)
Ech sin och en Fan vun der Flugsimulatioun (obschons daat hei jo keng Simulatioun ass) -an trainéiren op X-Plane- mais ech fannen awer, dass déi Photo aus dem Cockpit net scharf genuch ass. Daatselwechet zielt fier déi Sicht op den Hafen vun Marseille (meng Meenung).
Op jidden Fall hats Du Chance, dass Du iwerhaapt an den Cockpit komm bass ! Daat ass haut net méi esou einfach, daat sees Du jo selwer.
Mei scharf geed leider net , io ech wees dat ech Glëck hat mee Dier stoung op fir dass dei un Board kucken kennen goen, mee wei schons gesot et waren keen Risikopassagierer un Board, mee nemmen Schüler