Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

ewéi an alen ...

 
ewéi an alen ...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    25.06.2011
  • Gekuckt:
    27684
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    48
  • Beliichtungszäit:
    1/200 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    50 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -0.66666666666667 EV
  • Gréisst:
    1150x817
  • Späicherplaz:
    359 KB
  • Originaldatum:
    2011:06:25 11:13:16
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark II
  • Programm:
    Program
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften
2. Kategorie: Natur »» Planzen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=56886]
Kommentar vum Fotograf:
... analogen Zäiten

gëschter no dem mer e bëssen iwwert sch/w "puer" gepotert haten, ... de Nagarjuna an ech selwer, war d'Loscht do mol erëm en "normalen" sch/w eropzeluedenen.
Nicon07 25.06.2011 - 12:02
Wat ass een "normale" s/w? Wéini ass s/w " pur "? Kann s/w iwwerhaapt " pur " sin? Well ech, als Unkundiger (ni hun ech mol nëmme Chimie an der DK geroch... unhappy ) hu méng s/w ëmmer an engem Labo ëntwéckele gelooss an automatesch op Pabeier beliichte gelooss. Dat misst jo da per definitionem " puren " s/w sin, well jo do näischt gewedelt, näischt mat Zonen beliicht asw. gin ass. Mais dat wat dobäi ëmmer rauskomm ass, war fir engem de Goût um s/w ze verdreiwen. unhappy

Ah jo, et geet jo ëm déng Foto.... Schéine propere s/w, dezent kontrastéiert, just genuch fir datt et net soft ass, mais net zefill, datt d'Zeechnung an de Schieder verschwënnt.


By the way: woumadder hues du de n digitale RAW an s/w ëmgewandelt? Mat "Désaturation"? oder mat Kanalmixer? oder mat s/w am PS. Well di läscht Mégléchkeet, fir 6 Farfkanäl gesonnert hell oder däischter ze maachen, erlabt engem dach awer sou s/w ze kréien, deen ee bestëmmt am Labo sou kaum beliichte kann, oder?

Ech sin op Reaktiounen gespaant. Vläicht entsteet jo mol neess eng Kéier eng tiefgründech Diskussioun hei iwwert Fotografie. smile
suraki 25.06.2011 - 20:58
sorry Nico ech schreiwen séit enger décker halwer Stonn, d'Säit ass mer elo ofgestierzt an a mengem "copy paste" ass neicht méi an cache, ... muer fléit nachemol, ech hu mech elo richteg geiergert unhappy
Nicon07 25.06.2011 - 21:01
Net iergeren. Dat do ass mir am Ufank vu ménger "Carrière" hei op PG schlagméissech geschitt. Dat schingt ebg Fatalitéit ze si, wann een eppes méi Profundes hei lass wëll gin... unhappy smile
suraki 25.06.2011 - 21:27
a Kuerzform da nach emol,

e normale sch/w fir "mech" ass e Bild ouni vill Gepiddels, ouni Strukturen, Flecken oder Schréipsen déi eng Foto verfälschen .

e pure sch/w ... e grousst Wuert ? fléit en FineArtBild en digitalen ZoneSystem mat Zeechnung an den déiwe Schieter (zone 2) bis an déi hellst Liichter (zone 9) . Dat dann nach mat alle Groewerter vun ënnen bis uewenaus . Eis nei Printer mat den pur Grokartuschen a guddem Barytpabeier kennen dat erëm grad esou gutt ewéi Freier d'Barythpabeieren aus der analoger Zäit.

d' Ëmwandelen ass en Thema fir sech wou een net einfach äntfere kann. Ech selwer bekenne mech, an et gëtt mer jo ëmmer erëm virgeworf, zu verschidde Filteren. Dezent agesat geséi een se net, an se verkierzen eis just d' Zäit fir e Bild ze maachen.
Wat sinn Filteren iwwerhaapt, froen ech eis Photoshoppuristen oder déi déi sech dofir halen, et ass neicht aneschters ewéi eng perfektionéiert Batschdatei ,... ewéi d'Aktiounen am PS
Ënnert den Aktiounen fënnt en ganz flott Saachen fir op sch/w emzewandelen ... mat dem Virdeel dat en, fir mech wichteg, ëmmer erëm reproduzéierbar Resultater kritt .
Nicon07 25.06.2011 - 21:37
Ah, déng Äntwert schwätzt mir aus dem Häerz. Ech sin nämléch och der Meenung, datt een di Méigkechkeeten, déi engem Filteren an der EBV bidden, och soll gebrauchen. Dezent agesat kann een domadder een Effet de naturel ereechen, deen een ouni Filteren net kritt.
mischii 25.06.2011 - 21:59
merci Ed,
muss lo soen , dass och mir am PS (hun zwar nëmmen elements)den s/w umwandeln net daat brengt waat ech well, ech benotzen Desaturatioun a setzen dann och Filtren an, meeschtens Verlaufsfilter, deen dann an e groe Pixelmatsch schon besser Growerter brengt
suraki 25.06.2011 - 22:18
dat bëscht wat momentan vir ëmzewandele gëtt as den Silver Effex vu Nik, hien gëtt der esou guer de Kär vun de verschiddenen ! Filmer richteg erëm, also keng einfach harmonesch Widderhuelung
Miau 25.06.2011 - 21:39
Eng flott a rapid Method Nico as iwert den LAB Color

Datei am PS opmaachen
Mode - Lab color - Channels -
LAB - a Channel & b channel desaktiveieren
zereck am "Image" - Mode - Grayscale klicken - OK Klicken
Save under - Ferteg
Nicon07 25.06.2011 - 21:41
Merci, déi hun ech nach net kannt. ech probéieren dat mol. Bis elo hun ech entweder mat Kanalmixer oder Black&White ëmgewandelt an d'Farfregeler ugepasst, bis d'Resultat mir gefall huet.
suraki 25.06.2011 - 21:45
dat doten hunn ech och ëmmer gemaach, bis ech op d'Nik'en ëmgeklomme sinn. Dem Willy seng Methode probéieren ech awer och.
thx der Zwee
mischii 25.06.2011 - 22:03
ok, merci Willy, mol kucken ob et dat op elements 8 gëtt, da wärt ech probéiren
Miau 26.06.2011 - 11:37
Dat mam Silver Efex stëmmt, t'ass ee Super Plug-in.
Mais ech schaffen och geleeëntlech mam "Grayscale" Kanalmixer Nico, sief es am RAW oder am Jpeg (mat Bridge als RAW opgemaach). Meeschtens geet es duerch op "Auto" zu klicken an ee wéineg di entspriechend Curseuren ze réckelen fir de "Finetuning"
Désaturation alleng brëngt net vill
suraki 26.06.2011 - 11:46
gutt formuléiert Willy, zum Silver ... et ass en flott Arbechtsdéier wann en en graffe Kär vun engem bestëmmten Film naturgetrei well erëmginn fir de Rescht muss en e net onbedéngt hunn.
Nicon07 25.06.2011 - 22:09
Hun ech elo probéiert, dat ass eng ganz gudd Method. Merci! ech hun awer nach just Auto Contrast hannendru gemaach.

Bild kënnt mar, wann ech neess een upload fräi hun.
Miau 26.06.2011 - 11:16
..bäi ganz Kontrastreich Motiven maachen ech och virdrun nach een Tonemaping
Jeanny 26.06.2011 - 06:25
merci Willy, dat probéieren ech och aus.
Miau 26.06.2011 - 11:30
an der Zäit wo den Edy an ech nach an der Donkelkammer geschafft hu war nobeliichten an ofwedelen "Brout vun all Dag", am Ufank vum Digitalen Alter hat ech perséinlech och Recours op ee (gudden) Labo fir meng SW Opnamen, d'Qualitéit awer war ofhängeg vum gelieferten Fichier, an do huet nëmmen eng gutt Veraarbechtung vum der Digitaler Opnam oder Scan gehollef, mat nobeliichten an ofwedelen (Burn and Dodge) um Ecran, elo gëllt datselwecht fir op den Homeprinter...

Zora 25.06.2011 - 12:45
An deen kent gudclosed_eye
suraki 25.06.2011 - 21:29
merci Zora
Miau 25.06.2011 - 14:24
dezent schéin Edy
suraki 25.06.2011 - 21:29
freet mech Willy !
Jeanny 25.06.2011 - 17:38
a geseet ganz flott aus Edy
suraki 25.06.2011 - 21:29
och e merci un d'Janny
mischii 25.06.2011 - 18:40
gefällt mer gudd, an ech sin och lo richteg gespaant wats Du dem Nico äntwers
Nicon07 25.06.2011 - 19:53
Et wonnert méch eigentléch, datt bis elo nach guer keng Äntwert op méng Umierkung koum. Mais bon ... gut Ding will Weile haben.
suraki 25.06.2011 - 21:30
da kuckt emol Uewen, meng Minifuerzform,
merci nach emol dier Zwee smile
Nicon07 25.06.2011 - 21:39
Mir hu gesin (also d'Michèle vläicht och, dat wess ech elo net, mais ech ganz sécher) Du muss mir awer nach erkären, Ed, wat eng MiniFuerzform ass... closed_eye
suraki 25.06.2011 - 21:42
ech loossen et einfach emol tongue
Nicon07 25.06.2011 - 21:44
Dat ass präzis a kloer formuléiert. tongue
Nathalie 25.06.2011 - 21:32
Ganz flott geknippst, an hei gefällt mer den schwarz/weiss och smile
suraki 25.06.2011 - 21:46
merci Nathalie dat freet smile
marker 28.06.2011 - 23:05
...schéin douce Tounwerter mat allen Nuancen, an de Kadrage gefällt genau esou gutt..
...vum Ansel hät's der heifir eng ''bonne note'' kritt.. closed_eye
Nicon07 29.06.2011 - 11:06
Ech froe méch, wat den Ansel alles gemaach hätt, wann hien och schon DSLR a Photshop&Co zur Verfügung gehat hätt...

Ech hun nach gëschter séng Portfolioe (an engem Buch) gekuckt a sin ëmmer neess begeeschtert dervun. Mir kënnt et awer fir, wéi wann hien nach e besse méi kräfteg Kontraster am allgemengen hätt, mais hei beim Ed sénger Foto wieren déi déidléch.
suraki 29.06.2011 - 12:18
wat den Adams gemaach hät ?? Wahrscheinlech hätt en sech futti gelaacht, wann en eis mat eise 10M oder 15M Billercher hantéiere gesinn hätt ... ewei wann en eng 8x10 inch mat APS Film vergläiche giff, der haut en 18M mat 1,5M bigsmile

marker 29.06.2011 - 15:38
Den Ed huet dir jo schons geäntwert Nico, an op den Adams sech elo futti gelaacht hätt wees ech net, a well hien dem Fortschrëtt jo och nii ofgeniegt war denken ech dat hien daat ''Digitalt'' fir seng Zwecker schons genotzt hätt, mais fir ee richtegen Print secherlech nach emmer op een Negativ zreck gegraff hätt.
D'Photographie ass eenorm vereinfacht gin, an ech selwer notzen dësen Virdeel vun der digitaler Technik och fir meng Zwecker, an momentan ass d'Qualitéit vun engem gudden S/W Printer och ganz héich, kann awer trotzdeem ''nach net'' mat engem Print vun engem Negativ esou richteg mathalen, bei verschidden Motiver fehlt et einfach un der néideger Substanz resp. der Déift am Bild.
suraki 29.06.2011 - 17:26
ech giff esouguer behaapten dat déi richteg Profi A0 sch/w_printeren mat 6-7 Grotéin do awer bal mathalen, an bezweiwelen och dat mer en analogen Barith vun esou engem Print mam Ae nach ënnerscheeden kennen.
an natierlech giff eisen gudden alen Adams haut digital schaffen, ... mat 6x6 oder emgebautenen 8x10 Vergréissere als Opnahmegerät bigsmile
Nicon07 29.06.2011 - 17:46
Ech hun ee Buch vum selwéchten Autezr iwwert Fine Art Printing zwee Mol. Di éischt Êditioun aus enger Zäit, wou di "bescht" DSLR d'Nikon D2x resp. d'D200 war, war hie kategoresch géint s/w digital an huet geschriwwen, een digitale Print kéint awer och nimols enger analoger Beliichtung och nëmmen an de Schied kommen. (dat war 2003) Fënef Joer an de Progrès mi spéit (Canon 1Ds Mk xy, Nikon D3, etc) schreift hien bal de Contraire, datt et mat de Printer mat Grocartouchen an den héichopléisende Capteure vun den DSLR am mat der richteger EBV besser Resultater kritt, déi analog quasi onméigléch sin. Wien ass dat? Kuckt hei!
http://www.andreasweidner.com
marker 29.06.2011 - 18:26
Ech hun 4 Bicher vum Weidner, a wéi's de de richteg see's widderspréichen verschidden vun sengen Aussoen sech an sengen Léierbicher innerhalb vun e puer Jôer.
Ech beruffen mech elo emol op zwee, an zwar sain Bildband ''Küstenklänge'' mat exzellenten Opnahmen, fir main Gout iwwertreffen verschidden déi vum Adams. Daat lescht waat ech vum Weidner hun heescht ''Digilog'', wou hien seng analog 8x10 Inch Negativen scannt, fir se duerno um Rechner ze verschaffen an ze printen. Vill vun sengen Beispiller an dësem Buch sin Auszich an Manipulatiounen un Biller aus sengem ''Küstenklänge''. Hien schreiwt och hei dat durch déi digital Manipulatioun Sachen méigeleg sin déi analog net machbar wéiren, z.b. méi Dynamik an stateschem Waasser, oder Wëscheffekt an de Wolleken etc. etc. mais mir gefällt esou ëtonguepes net, wann do nodréigeleg manipuléiert gëtt.

Bon, waat d'Qualitéit vun héichwärtegen digitalen Printen ugeet därf een och net Ätonguepel mat Biren verglaichen, a wann een Printen, als Basis 24x36 Millimeter vum Film mat där selwechter Gréisst um Capteure verglaicht, dann kritt een haut am digitalen besser Resultater. Ech hun ëmmer erem d'Tendenz dee selwechten Fehler ze machen, déi digital Printen mat mengen analogen 4x5 Inch Printen ze verglaichen, an daat ass effektiv falsch.
suraki 29.06.2011 - 18:34
déi Link geet net Nico, do ass e Backslash ze vill am Ufank.
ass awer schon interessant!

Ech hunn engem Kolléisch Mëtt de 90'er gesot, dat en 2000 nëmme nach giff digital Apparate verkafen, hien huet mech ausgeglach a gesot dat L.... ni wärt an der serieuxer Fotografie op deen Zuch giff sprangen closed_eye
..... an d fiert rasant schnell !!!!
Nicon07 29.06.2011 - 19:50
Lo misst de Link goen, Merci fir den Hiwäis!

@ marker: "Digilog" hun ech och an och "Perspektive Fine Art". Zu de groussen Negativer kann ech just soen, datt ech mol 1998 mat méngem Schwoer e puer Woche laang eng Linhof Technika mat Schneider Objektiver ausprobéiert hun, déi hie geléint kritt hat. Do hu mir 4x5 Plakken dra beliicht, mais do war irgend ee Problem um Balgen, well d'Fotote waren alleguerten "voiléiert", wéi wann do minimalt Streeliicht mat dra komm wier. An déi Plakken hu mir natiirléch misse beim S... zu M... entwéckele loossen. Dun hat ech och eeemol vum fréiere Patron vum Atelier photo zu Miersch eng Mamiya 67 fir e puer Deeg geléint kritt. Dat war een Erliefnëss par rapport zu der Canon A1 an der Nikon F70, déi deemols mäin Hobbygeschiir waren. Duerno sin ech op Mëttelformat ëmgeklomm mat enger .... Lubitel Lomo... closed_eye
marker 29.06.2011 - 21:17
Linhof Technika équipéiert mat Schneider Lënsen, .....TOP

Schon aleng dee ''Feeling'' mat esou Geschier ëmzegoen ass dach schon ee Genoss. Ech hun eng Sinar ebenfalls mat Schneider Optiken, wou ech nach bis virun 3 Joer Deeg lang durch d'Alpen geschleeft hun, mais daat ganzt ass mer haut fir esou Excursiounen vill ze schwéier gin.

Ech tippen elo mol einfach, ...den S... vun M...., ass daat deen wou den Brudder een Elektrikergeschäft huet?

PS: Kuckt ierch och emol dësen Typ hei un Link
suraki 29.06.2011 - 21:32
richteg flott Link !
maache mer en 4x5 inch Club op bigsmile , ech si
mol mat Plaubel Makina III dorëmmer gelaf
marker 29.06.2011 - 22:08
....hehe, ..de Club bléiw secherlech kleng closed_eye

...sou, an elo hud dir mir Loscht op S/W gemach, an ech denken ech lueden och mol erem ëtonguepes hei erop.. closed_eye
suraki 29.06.2011 - 22:20
enn den mat sch/w ugefangen an esou laang dermadder geschaaft huet, misst eigentlech ëmmer op sch/w Loscht hunn, ... ech si gespaant closed_eye
Nicon07 29.06.2011 - 22:12
S.. vun M.. get et der méi, mais et ass net deen, deens du mengs. Deen, deen ech mengen, ass am Westen vun der Stad, do wou elo ee Wäibuttek a séngem fréiere Geschäft ass smile


Dee Link ass super, merci villmols.
suraki 29.06.2011 - 12:11
merci fir "d'bonne note" vu eisem Adams smile) ....iwwregens an der Spillschoul hu mer fir 5 deer en "hellegt Bild" krit confused
thx marker
marker 29.06.2011 - 15:43
....ech war nii an der Spillschoul, daat war déi Zait ''um Land'' net iwwerall esou üblech, dofir wees ech daat mat deem hëllege Bild net esou richteg.... bigsmile

o.k. da gin ech dir och nach eng bonne note fir dëss herrlech Foto, da kënn's de dengem hëllege Bild schons e Steck méi no.. closed_eye
suraki 29.06.2011 - 17:26
bigsmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 550 Gäscht online