a kuckt kee mech,
de Fra ass mer opgefall, an haut hunn ech gesinn dat si als lescht eragelaf ass, a mat enger Fläsch Schampes belount ginn ass, Zoufall oder net ?
dat doen war laut mengen metadaten 19h40, an de leschten Delai war um 1 Auer mueres fir unzekommen, do geséit e jo wat déi nach virun sech hat, unbelievable
Genau, et soll ee sech Zäit huelen ze drénken bei esou Kiirperhéichleeschtungen - déi Zäit ass wierklech nët verluer, bien au contraire.
Gutt gewise Poly, an ech wëll nët wësse, wéi se a Faarw ausgesäit...
jo dass schon bemierkenswert, wat en bei esou Events ka gesinn, vum 100 järegen, iwwer buerféiss oder blann, mech motivéiert dat op jiddefalls,iwwer munch "Klengegkeeten" bei sech ewech se gesinn,a wat alles vu Wëllen an engem Mënsch ka stiechen
Ee ganzen Marathon sinn ech nach nie gelaaf, just eng e puer halwer, an ech kann just soen dass schon iwerhaapt eng Leeschtung ass esou eng Distanz ze packen, mol ganz ofgesinn vun der Zäit
nee, Respekt soen ech, ech kann daat nët, an vill vill vill manner och nët
mee trotzdem déi Fra ass villâicht awer bessi iwert hier Limiten eraus gelaaf