Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Contre Jour

 
Contre Jour
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    07.06.2011
  • Gekuckt:
    34864
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    37
  • Beliichtungszäit:
    LE HDR
  • Blend:
    f10
  • Brennwäit:
    16mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    640x640
  • Späicherplaz:
    329 KB
  • Originaldatum:
    Abrëll 2011
  • Fotoapparat:
    Canon 5 DMK2
  • Programm:
    M
  • Objektiv:
    16-35 Canon
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=56251]
Kommentar vum Fotograf:
Revenir pieds nus
dans les traces trop larges
comme si on rentrait chez soi.

Glisser sur le sol
se laisser écorcher
par les échardes de la mémoire
et rendre grâce à la source
à la leçon de l’humus
à l’éclatement végétal.

Il faut
murmurer d’une voix profonde
les rêves éteints
la cendre lavée de tout l’ocre humain.
Il faut dire à voix froissée
ce qui hurle en soi
avant de se taire.

Anonyme 2008
Maimonides 07.06.2011 - 00:57
"Wann dem Mier
seng Wellen
am Sand sinn,
an d Spuren
dertëschent,
d Planzen um Hiwwel
weider wuessen,
an d Mier, dorënner,
ëmmer erëm hin an hier,
an hin an hier, fléisst,
dann misst een sech
bal denke kënnen,
wat, villäicht,
bleiwen däerf."

Anonyme 2011.
gtaddei1 07.06.2011 - 01:02
D'Absence vun der Zäit...
Maimonides 07.06.2011 - 01:23
D Präsenz vum Vergoen:
" panta rhei ".
!
gtaddei1 07.06.2011 - 01:02
Merci Charel... fir den Anonymen Stëck
Maimonides 07.06.2011 - 01:37
Deng Foto, Gennaro, gefält mir super. Zemools d Liicht an de Cadrage. Näischt Wichteges aus ausgefriess, an d Schieter sinn desto besser.
gtaddei1 07.06.2011 - 12:56
Merci Charel... fir alles
JADE 07.06.2011 - 01:14
Frustratioun, nëmmen Frustratioun pur ...

... well ech verstin aer Gedichter/haiku's/Poesie/Wierdermolerei nie unhappy

ech hun einfach nët déi néideg Synapsen dofir
Maimonides 07.06.2011 - 01:29
JADE,
lo pack dech !
Ech soen nëmmen
"Haïku" !
smile
JADE 07.06.2011 - 01:47
nee, mee ass wouer, also ech schummen mech nët, ne smile
sin just bessi frustréiert, dass déi Antennen sech bei mir nët entwéckelt hun

dann zur Foto,
ben Format gefällt mir, den Contenu, den Cadrage an d'Perspektive, an déi Sonn déi wéih deet an den Aan, an dann déi Téinung (so gegen Nacht, so)
Maimonides 07.06.2011 - 01:57
Vu "schummen" huet hei nach keen geschwat, JADE,
ausser dir.
Ech hunn just gesot du solls dech packen,
well wann ee weess wat "Haïku" ass,
dann soll een och net maachen
wéi wann seng Haut aus Lieder wier.
An iwwerhaapt:
wat fir eng Antennen sinn da bei dir entwéckelt ?
Dat musse mir jo awer bal wëssen,
well soss kënne mir ni richteg senden.
smile
gtaddei1 07.06.2011 - 13:00
Merci fir d'Foto.
De rescht:
Jade ech mengen du ennerschaetzt dech villeicht e bessi. Deng Komment sinn wann net dei bescht ennert dei bescht!
En plus do kennt oft eng sensibiliteit eraus dei dir Eegen ass. Ech faerten dei Komment oft... am gudden!
Antenne ewei Kategorie... et ass just nemmen é Wee deen én Entweckelen muss ... do kritt én dourno nai voie neuronale préférentielle dei op esou Saachen sech oofstemmen.
Den Talent ? daat ass wann dé Wé sech spontan entweckelt an kén Effort muss maachen fir et ze leieren... Ech hunn missen alles an mengem Liewen leieren... Talent hunn ech nemmen fir mir d'Liewen ze komplizeieren.
Zora 07.06.2011 - 06:56
Ech fannen an den leschten Deeg gin hei Foto gewiesen, dei Stemmung vun der Person eriwer brengen soll, waat ech super fannen, well esou entstin ganz flott Fotoen!
gtaddei1 07.06.2011 - 13:03
Daat hescht dass d'Foto en moyen vun der Expressioun get ... Impressiounen... an net nemmen en Reportage
Firwaat och net, an wei du daat sés ... et enstinn mei interessant Fotoen, dei net nemmen Biller sinn mé eng richtesch transpositioun vun der Realiteit am service vun de gefiller, eng richtesch emotiv reltioun tescht dem Objet an Observateur.
Daat get oft Surrealismus genannt.
Poly 07.06.2011 - 13:28
ech beschränke mäin Commentaire op d'foto,
"contrejour" wéi se heescht ass super, zemol den spot propper, de sand propper verschafft an den Wénkel passt och, als fir mech technesch top smile
gtaddei1 07.06.2011 - 13:47
Merci Poly
Et war irgendwei en Defis ... mé den Groofilter huet vill geholleff, wei ? wés ech net
Zersch 07.06.2011 - 15:46
Den Verlaaf vum Sand as herrlech , foarwleg immens flott , hell , mettel an Donkel passt super. Kriit ech dei contre-jours nëmmen mol esou hin. Ganz schein emotional Foto !
gtaddei1 08.06.2011 - 08:45
Merci , ech sinn frou dass d'ambiance gudd opgeholl get
gloda 07.06.2011 - 16:19
Do wier ech elo och gär. Du hues eng schéi Stëmmung am Bild.
gtaddei1 08.06.2011 - 08:45
Merci villmols an vun dir gesoot ass doubel waert
alex 07.06.2011 - 16:22
wann een sech lo virstellt do ze sin, keen Mënsch weit a breet, wonnerbar, herrlech smile
gtaddei1 08.06.2011 - 08:45
Et war herrlesch ... en rischtech Meditatioun Ambiance
marischen 07.06.2011 - 16:31
Eng richteg Dramfoto smile
gtaddei1 08.06.2011 - 08:44
Merci , smile
Poly 13.06.2011 - 00:25
smile
gtaddei1 13.06.2011 - 12:26
smile
bigmama19420205 13.06.2011 - 08:15
gut besin smile
gtaddei1 13.06.2011 - 12:26
thx
Blimchen 13.06.2011 - 12:45
Super smile ech hat och dës Fotp gewielt. Ech fannen se ass dir immens gut gelongen. Mir gefällt ganz gut den Cadre vun der Foto an weis du se fotographesch obgebaut hues. Et stemmt einfach alles.
Gratulatioun
gtaddei1 13.06.2011 - 13:34
Merci villmools.
Et freet mech
Jean-Jos 13.06.2011 - 13:05
Félicitatiounen Gennaro.
Ech hat dës verpasst a gewielt hun ech eng aner...vun dir smile

A nach eppes, dem Maimonides säi Kommentar passt exzellent bei däi Bild. Am Stereo passéieren déi 2 méng Synapsen nawell gutt.
gtaddei1 13.06.2011 - 13:33
Dem charel sein komment ass schon kopeiert gin fir dourno op mengem Fotobuch .
Ech sammelen all creative komments dei d foto valoriseieren oder zersteieren.
Jo , la parole et l image, ech associeieren an de charel erfennt!
Chapeau!
Zersch 13.06.2011 - 13:37
Gratulation , dann hun ech jo eemol richteg gewielt closed_eye
gtaddei1 13.06.2011 - 13:59
Thx that's leiw vun dir...
Et mecht freet
_MiAmI_ 13.06.2011 - 14:23
absolut verdengt. smile
gtaddei1 14.06.2011 - 16:40
Merci villmools
Zora 14.06.2011 - 22:30
Gratuléieren och!
gtaddei1 14.06.2011 - 23:41
smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 332 Gäscht online