Flott geknipps, fannen hett just fleit keinten bessen mei Kontrast am Himmel sin, wees awer selwer wei schweier dat ass. erennert mech awer immens vill un meng Foto wou ech virun engem Joer ropgeluerden hun
Ahjo. tatsächlech, hätt net geduecht dass schon een aneren eng foto vum Pont d'Arc drop gesaat huet (Mengen am Summer wann ech rem doennen sinn man ech mol eng Foto wei et hannert Dem Pont d'Arc ausgeseit, mat den Kanufuerer dei do tippen, dat ass mir nämlech och schon ob der Plaatz geschitt).
Bon, den Pont d'Arc ass einfach en wonnerscheint Motiv fir ze knipsen. Ech mengen souguer dass eis 2 Fotoen ob zimlech der selwechter Plaatz gemach gin sinn.
an ech kann jiddferengem ze empfehlen en kuken ze goen wann een grad do am Eck ass
Ah jo wei et do hannendrun ausgeseit geif mech och mol intresseieren.
Sin desen summer och nees doennen, gin dann mol en tuer do rower trepelen.
Ma ech stung uerwen op der haptstroos wou d'ausbuchtung ass, wou een kann mam auto stoen bleiwen.
Jo ass definitiv empfehlungswert
Genee do ass meng och entstaan Ech sinn relativ oft an der Ardeche, an ginn dann vun zu zeit bei den Pont d'Arc ob d plage oder kuken weider urwen den kanuen no. Ass objiddefall och empfehlenswert mol bis ob d plage do ze treppelen, ass iweregens en sandstrand wat jo soss doennen net sou üblech ass
Natirlech ass et en kenstlechen sandstrand, mee wann een mol gaer eng oofwislung zu den steng hätt ass dei heiten plage awer och relativ flott, an virunallem proper
D' Ardèche insgesamt ass einfach eng wonnerschein Geigend.
Hun lo och nach eng Foto ropgelued, och rem eng schein Vue. Hoffen mol dass se ungeholl gett.
An lo ass dann mol Schluss fir haut. Schließlech hun ech jo den moien missen frei obstoen fir aus der Ardèche rem zreck bis an Leztebuerg Lo gin ech mech mol ausrouen an dann geet et muer rem weider