Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

next generation ?

 
next generation ?
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    30.05.2011
  • Gekuckt:
    21059
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    14
  • Beliichtungszäit:
    1/320 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    35 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    532x800
  • Späicherplaz:
    282 KB
  • Originaldatum:
    2011:05:30 23:52:08
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=55960]
Kommentar vum Fotograf:
Ech haat des photo zsm mat kollegen fir den next generation concours gemeet deen d'uni.lu organiséirt hat. et goung drem sech och ennert aanerem kritisch mat der aktueller entwecklung vun onserer Gesellschaft ze beschaeftegen. mir haaten demols als 2. an der catégorie photo ofgeschloss.

des photo louch mir besonneg um haerzen, an ech sin elo beim "raumen" rem driwer gestouss an hun fond, dass een se ierch net kann virenthaalen.

et ass eng uprangerung vun aktuellen politischen entwecklungen wéi se an der ganzer welt geschéien... och wann momentan eng gréng well en bessen europa erobert. et dierf awer net vergiess gin, dass bis haut hin rechtsextrem parteien och an europäischen laenner déi sech démokratien nennen nach emmer présent sin an emmer méi brisant an nennswert präsenzen an den nationalen parlamenter vun der europäischer unioun hun. brauch een net weit sichen ze goen, dem "vlaams belang" an der belge ass een vun den beschten beispiller.

eng nei generatioun vun gehiirgewaeschten leit trett lues mais secher rem op, get esouzesoen erugezücht. wiert ierch géint déi klengkarréirt mentalitéit an loss rietsextremismus an dem geféierlechen gedanken"gut" vun intoleranz an onbegrennten hass keng chance.
Metalbambi 31.05.2011 - 00:38
Ah hues de se awer nach online gesat! smile
Gefält mer nach ëmmer saugutt, ass einfach eng top Iddi gewiercht.
TomEwert 31.05.2011 - 00:39
mjo, déi wor wierklech komplett an vergiessenheet geroden... an ech haat haut nach den super grant drop wéi ech alt erem d'noriichten gekuckt hun, an hun se dann och rem op méngem rechner beim "raumen" fond smile

merci
gloda 31.05.2011 - 09:21
Cool Foto, e bësse Surreal, se bréngt d'Iddi gutt eriwwer och ouni de Kommentar.
m-otiv 31.05.2011 - 09:51
cool iddi
DarkRoom 31.05.2011 - 09:53
ech hun daat doten Bild richteg gudd fonnt ... bis ech de Kommentar geliess hun unhappy

Meng Meenung : et gin Biller déi brauchen keng groussarteg Erklärungen, an schon guer keen zousätzlechen politeschen Statement - egal an wéi en Richtung
TomEwert 31.05.2011 - 12:12
waat en bild brauch oder net leit menger meenung no nach emmer an der hand vum photographe. heiansdo muss een och faarw bekennen an net emmer anonym an konform durch liewen schleichen.
DarkRoom 31.05.2011 - 14:21
Selbstverständlech läit daat an der Hand vum Fotograf smile
Ech hun jo och gesoot : Meng Meenung
Daat Bild mat Titel eleng huet schon esou vill eegen Ausso, do brauch et keen weideren Kommentar - am Geigendeel
Mee ech well daat elo hei net ausarten loossen (wanns de wells, mier kennen daat och gären iwwer PN weider diskutéieren) smile
TomEwert 31.05.2011 - 14:23
lol ... vllt. ass mein kommentar en bessen sec riwerkomm smile wor am fong net esou meng absicht. mir kennen gaeren diskutéiren awer dann léiwer engkéier um phototalk face2face smile
DarkRoom 31.05.2011 - 14:35
oder esou smile jo
an, ech hun eigentlech e breede Bockel, esou séier sin ech net beleidegt, oder rosen, oder esou - an nodroend sin ech och net
TomEwert 31.05.2011 - 14:46
tip top ... bass du dann dobai um phototalk?
DarkRoom 31.05.2011 - 16:25
nee, sin fier deen nächsten - also muer - leider net am Land sad
Richie 31.05.2011 - 16:28
Dei ass Super!
rabbit 31.05.2011 - 16:34
eng super Idii an gut ëmgesat
suraki 31.05.2011 - 17:32
well d'Bild fir e Concours gemaach ginn ass steiert et mech besonnesch,
(do gëtt jo dann e bëssen aneschters geschafft a méi genau gekuckt en Jury passt dann op all Klengegkeeten op) dat däin Gaardeschapp net parallel a besonnesch déi lenks Säit Schief zum Bild verleeft, wat immens vum Motiv oflenkt. Déi schif Horizontal Linn vum Schapp steiert (mech) manner.
Fir de Rescht gefält et mer awer gutt smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 468 Gäscht online