Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Blo Prachtlibelle

 
Blo Prachtlibelle
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    25.05.2011
  • Gekuckt:
    34048
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    31
  • Beliichtungszäit:
    1/320 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    100 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    Compulsory Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x534
  • Späicherplaz:
    452 KB
  • Originaldatum:
    2011:05:25 22:01:02
  • Fotoapparat:
    Canon EOS-1D Mark IV
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 100mm f/2.8 Macro
Kategorie: Natur »» Makro
2. Kategorie: Déieren »» Insekten & Spannen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=55789]
Kommentar vum Fotograf:
Eng Blauflügel-Prachtlibelle (Calopteryx virgo) geknippst an der Mëttesstonn zu Clairefontaine hanner Eischen ob der Bëlcher Grenz.

http://map.geoportail.lu/?lang=fr&zoom=9&X...
WorldTraveler 25.05.2011 - 23:04
Do wir ech ganz gespant ze wessen, wei daat Exemplar do heescht! Ass ebstemmt selten! Hunn ech nahc ned gesin bei mengem Weiher!

Soss ass et eng ganz flott Photo! smile
nomihoudai 26.05.2011 - 09:16
http://de.wikipedia.org/wiki/Blauflügel-Prachtlibelle

Di as net sou selten, si flitt just net sou gär bei Weiheren mä einfach an da Landschaft rondrem.
Schluck 26.05.2011 - 09:37
Si sinn oft bei Baachen ze fannen an sëtzen ob den Blieder vun den Baemm, selten sinn se nët, just immens schweier ze knippsen
gi87 25.05.2011 - 23:11
Super Erwescht Schluck ! Fannen se gelongen !
Hei wor meng Prachtlibelle soit an enger annerer farw !Dës Foto ass net méi am System!
Schluck 26.05.2011 - 09:38
Merci Gianni, ech gesinn ech muss onbedengt och mol rëm an d'Ardéche ... deng ass immens flott an den Foarwen
Pit 25.05.2011 - 23:15
Wow, déi do ass awer super geroden. Déi Faarwen sinn jo immens.
Schluck 26.05.2011 - 08:29
Merci Pit, jo dei do sinn immens schein ... eng Pracht eben
Nagarjuna 25.05.2011 - 23:37
Wonnerbar! Schued dass den Fokus net op den Ae läit. Dann wier se absolut Perfekt. D'Faarwkontraster sinn wonnerbar.
Schluck 25.05.2011 - 23:43
Jo, si sutz zimmlech heich um Baam an ech hun manuel focusseiert, ginn ee Freideg nach eng keier dohinner an probeieren ob ech se besser kreien. Dat do ass eng Zort dei zimmlech wibbelech ass an ët kënnt een mam 100er net no genuch errun. Ech huelen och den 70-200 mat den Extension Tubes mat dann kann ech mei ob Distanz bleiwen
Nagarjuna 25.05.2011 - 23:47
bigsmile Hues du een Termin mat hier... smile))) *ironie alarm*
Weess du tatsächlech wou déi Libell sech ophält? Sorry fir meng Ignoranz, awer dat ass schon ganz interessant wats du do geschriwwen hues. Ech kennen mech do net sou aus an denken dass ech déi wuel ni méi gierf erëm fannen. Awer do sinn ech bei wäitem keen Expert.
Schluck 25.05.2011 - 23:51
Hehehe ... Do huet ët nëmmen sou gewimmelt vun daer Zort, die sinn schon och nach ee Freideg do ... an ech wees mëttlerweil wei se sech verhaalen an wou een sichen muss smile
rabbit 26.05.2011 - 00:36
der doter hat ech den Moien och gesinn, krutt awer keng richtig geknippst
Schluck 26.05.2011 - 00:40
Dei sinn och immens wibbelech, ass nët eifach esou eng ze erwëschen, dat do ass dei eischt blo dei ech eingermossen erwëscht hun
Jeanny 26.05.2011 - 05:56
deng Prachtlibell an hirer ganzer Pracht Schluck.
däi Faarwen sinn einfach super
Schluck 26.05.2011 - 09:40
Merci Jeanny, ech fannen dei och wonnerschein, dat do ass dei eicht dei alt ee bëssen eppes ginn ass
Zora 26.05.2011 - 07:38
Blo??? Jep passt bei dechbigsmile, nee serieu flott wei emmerclosed_eye
Schluck 26.05.2011 - 09:41
Jo, sie hat ee bëssen gedronk ... woar jo och zur Apéro's Zait bigsmile
Magic 26.05.2011 - 09:14
Super déi do.
Schluck 26.05.2011 - 09:41
Merci gesoot Magic
VeloBen 26.05.2011 - 11:15
Excellent déi. Dein Titel passt optimal. Deen Fliegel ass awer staark conturéiert. Mier een Tick zevill des gudden. Hues du deen nogeschärft oder ass deen originall schon esou ?
Schluck 26.05.2011 - 14:28
Jo, ech ginn der Recht, si ass zevill iwwerschäerft ... d'Fliegel sinn zwar och effektiv esou .. ech hun hei keen HighPass driwwer gesaat wann ët dat ass wat's de mengs.
VeloBen 27.05.2011 - 17:12
OK. Dann loss et esou.
Schluck 30.05.2011 - 10:28
Nee, mier ass se och zevill ... ech ginn der 100% Recht. Hoffen dass ech demnaechst eng anner kann anfänken
sylvie 27.05.2011 - 18:19
Mär gefällt se grad sou smile
DarkRoom 26.05.2011 - 13:51
WOW - déi ass jo wonnerschéin !
... oder wonnerprächteg, wei den Numm et schon seet smile

Kannst de se vläischt och e bessen mei grouss astellen fier dass een d'Détailer besser gesäit ?
Schluck 26.05.2011 - 14:25
Merci ... gif ech gaer, mais dofir ass se net gudd genuch, ech probéieren ob ech demnaechst se besser kreien. Hun een Rendez-vous mat hinnen ee Freideg no der Aarbëscht virum FFYS closed_eye
DarkRoom 26.05.2011 - 14:30
bigsmile kontrast-räichen Programm
Schluck 26.05.2011 - 14:57
Kenn's mech jo, hun nach vergiess dertëschent nach mat Frauschen an den Brico Dieren kucken goen ... all fräi Minute ass verplangt
DarkRoom 26.05.2011 - 15:52
... majo dann komm derteschend och nach bei mech Heem hellefen Hecken schneiden - dann sin ech Owes nämlech och eischter färdeg fier op den FFYS closed_eye
Schluck 26.05.2011 - 15:55
Keen Problem, machen ech dach direkt smile Ech klonen mech schnell dann brauch ech mech nët ze stressen closed_eye An iwwerhaapt, hues de keen Mann, oder winstens ee Gärtner ?

CU @FFYS
DarkRoom 26.05.2011 - 15:59
hehe ... dach, mee deen därf schon de Wues méi'en, de Gart emgruewen & ausmeschten & virbereeden fier d'Gardenhäischen closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
2 Benotzer an 498 Gäscht online