Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Aus der Kummerfënster

 
Aus der Kummerfënster
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    18.05.2011
  • Gekuckt:
    11529
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    21
  • Beliichtungszäit:
    -2 0 +2
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    14 mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1998x1323
  • Späicherplaz:
    668 KB
  • Originaldatum:
    18/05/2011
  • Fotoapparat:
    D7000
  • Programm:
    HDR
  • Objektiv:
    Nikon 14-24
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:
HDR

Fir anzesetzen: [pg_img=55545]
Kommentar vum Fotograf:
Meng eïscht HDR
AalenKnipser 18.05.2011 - 18:31
Nët schlecht, fir déi eischt Kéier !
Abacab 18.05.2011 - 18:47
Merci, sinn frou iwwert all Kritik, well nemmen esou kann een et dono besser machen smile
AalenKnipser 18.05.2011 - 18:59
Op deen eischten Bléck sinn deng Faarwen "iwwernatiirlech",
gefaalen mir trotzdem ganz gudd.
Probéier mol dat selwescht bei enger Landschaftsfoto , ouni gepflegten Gaard, dann wirkt et warscheinlich besser !
Abacab 18.05.2011 - 19:32
Villmols merci fir däin Kommentar,
ech hätt fléit missen erwähnen, dass dat iwwernatiirlecht gewollt war.
Et sollt e besschen ausgesinn ewéi e Mäerchengaart an op kee Fall eng natiirlech Foto ginn. Hunn de Sujet fléit falsch gewielt.
ZerberuZ 18.05.2011 - 19:00
zefil grain am himmel ausser et war gewollt
an zefill faarw dran, deet en bessen wei an den aaen ..
an en bessen onscharf
wier vleicht besser gin wanns de se normall fotografeiert haes an en poolfilter geholl haes.
probeier nach eng keier smile net beis gemengt
Abacab 18.05.2011 - 19:34
Villmols merci fir däin Kommentar,
ewei ech schons geschriwwen hunn ech hätt fléit missen erwähnen, dass dat iwwernatiirlecht gewollt war.
Et sollt e besschen ausgesinn ewéi e Mäerchengaart an op kee Fall eng natiirlech Foto ginn. Hunn de Sujet fléit falsch gewielt. Wéih an den Aaen sollt et awer net doen! Dorunn muss ech dann nach schaffen smile
_MiAmI_ 18.05.2011 - 19:18
Sujet/Objet am Fong flott, mee schleissen mech dem Zerberuz un. Hat di dooten Problemer och am Ufank. Blend as ok, kanns awa roueg na mi eng kleng huelen 16,18 vleit 20 na. Kuck och dass den Iso niedreg bleift...
Vir de Recht musste an dengem Program kucken, vir dei aaner Saachen anzestellen, oft as manner mei. An dengem Fall as deng ze vill vun allem.... Probeier emol naemol smile
Abacab 18.05.2011 - 19:37
Villmols merci fir däin Kommentar,
ech hätt fléit missen erwähnen, dass dat iwwernatiirlecht gewollt war.
Et sollt e besschen ausgesinn ewéi e Mäerchengaart an op kee Fall eng natiirlech Foto ginn. Hunn de Sujet fléit falsch gewielt.
Dat mam Iso war gutt bemierkt, dee stung nach vun geschter Owend op 6400. Sollt eigendlech op 100 stoen.
Du sees et, oft ass manner méi, hei war fléit zevill dees Gudden smile
Ech schaffen drun, Fortsetzung folgt...
_MiAmI_ 18.05.2011 - 19:19
ajo, weivil eenzel Biller meste ?
Abacab 18.05.2011 - 19:37
3 Steck, 2 0 -2
m-otiv 18.05.2011 - 20:02
ass mir zevill grunge....(ewei baal jidereen deen matt HDR uffänkt, ass d'versuchung grouss et z'iwwerdreiwen...)

Strength net graad op 100 (éichter op 50) dann hues du deen Käer net drann

smoothing op middle, saturatioun erof
Highlight smoothing erop, dann wär dein himmel méi soft an manner Halo ronderem de Beem....
Mä op alle fall vill besser wéi esou munches waat ech schon gesinn hunn
Abacab 18.05.2011 - 20:33
Villmols Merci Vito, probéieren deng gutt Rotschléi emzesetzen closed_eye
m-otiv 18.05.2011 - 20:42
e gudden typ deen Ech matt der Zait geléiert hunn:
Photomatix nemmen ze benotzen fir 3 (oder méi) Fotoen zesummenzesätzen also net nemmen 2 0 -2 awer wierklech den histogram kucken an 1 ennerbeliicht (Peak vum histogram ass an den daischteren deeler also lénks) 1 esou gudd beliicht wéi méigleg (Peak an der Mëtt) an eng Iwwerbeliicht also Peak Riets....Heinsdo Brauch een och méi Fotoen fir op der ganzer range Wàerter ze hun.
Faarwkorektuer an noschäerfen dann awer léiwer am PS oder LR...Do huet een méi kontroll
Abacab 18.05.2011 - 21:11
Ok, merci villmols
_MiAmI_ 18.05.2011 - 22:06
Meng Biller bestin aus 6 Eenzel... Wei den m-otiv soot, kuuck dein histogram, an kuck da se all eenzel na eenmol ob dengem Bildschirm un, vir Schärft/Deiftenschärft ze kontrolleieren....
Hat oft dass ech daat net gema, an dun Doheem alles an den Trash geheien konnt....
Mee wei gesoot Manner as Mei, an eben VILL probeieren.
Meng eischt war schrecklech.... bigsmile
Abacab 18.05.2011 - 22:25
Ok, merci villmols confused
Pit 18.05.2011 - 20:46
Ech hat se jo schonns gesinn smile
Kann der keng Rotschléi ginn, hunn nach keen HDR gemaach, mä ech muss dat awer och eng Kéier probéieren.
bigmama19420205 22.05.2011 - 16:50
Gudd Iddismile

bessi vill faarweg,ma d' Gefill dofir daat kennt nach , wanns seu vill wei

ech beleiert geufs,,

da klappt daat bei dirclosed_eye
Abacab 23.09.2011 - 10:30
Merci bigmama19420205 smile
petz65 09.06.2011 - 12:56
HDR ass emmer interessant. Gefällt mir gut. Wei e Bild.
Abacab 23.09.2011 - 10:30
Villmols merci Petz smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Early

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 441 Gäscht online