Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Libellen um Baam

 
All Fotoen an dëser Serie:
15989 Thumbnail
15990 Thumbnail
15991 Thumbnail
15995 Thumbnail
15996 Thumbnail
Libellen um Baam
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    17.05.2011
  • Gekuckt:
    33884
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    23
  • Originaldatum:
    17.05.2011
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 1D Mark IV
  • Objektiv:
    Canon EF 100mm f/2.8 Macro
Kategorie: Natur »» Makro
2. Kategorie: Déieren »» Insekten & Spannen
Extras:
Canon Macrolite MT-24 EX & Diffuser

Fir anzesetzen: [pg_img=55531]
Kommentar vum Fotograf:
Eng Serie vun enger Keilfleck-Mosaikjungfer (Aeshna isoceles) geknippst den Mëtteg um Baggerweiher zu Remerschen. Merci un de Rabbit fir den Numm!

Déi zwou läscht sinn alternativ Cropen vun der éischter an der drëtter ... all Kritik ass wëllkomm.

Hei d'EXIFën (Manual):

1) 1/800 ƒ/8 ISO 400
2) 1/800 ƒ/6.3 ISO 400
3) 1/800 ƒ/8 ISO 400

Ech hat eng 1/800 geholl wëll zimmlech fill Loft woar haut.
mischii 17.05.2011 - 21:44
e Kommentar vum Fotograf brauch een hei nët direkt
mäi Fav ass 2, well een hei d"Enn vum oofgebraachenen Aascht gesäit an den Hannergrond nët sou onroueg asss
Schluck 17.05.2011 - 21:56
Am Sënn vum Hannergrond schon, mais hun d'Compo hei net sou gudd fonnt, mais wollt awer no erun ... hun och leiwer wann een d'Spëtzt vum Ascht gesait
Pit 17.05.2011 - 21:47
Eng ganz flott Serie, woubäi ech déi 1ten am beschten fannen, well den Ausschnëtt, den Bildopbau an den Schärftenverlaaf mir do besonnesch gefält.
Schluck 17.05.2011 - 21:58
Merci Pit, bei der eischter gefällt mir och dat Gesammtbild am Beschten
rabbit 17.05.2011 - 22:28
also Schluck ech bewonneren deng Foto allkéiers, fir mat f/2.8 sen se perfekt ginn, bravo, géif soën et wär eng "Keilflecklibelle" http://de.wikipedia.org/wiki/Keilfleck-Mosaikjungf...
Schluck 17.05.2011 - 22:45
Merci Rabbit fir den Numm .. ech mengen och dass et sou eng ass wann ech d'Biller ob Wikipedia sou kucken. Sie sinn awer net mat f/2.8 dat ass just d'Valeur vum Objektiv ... ech setzen d'EXIFën uewen bei dass de kanns kucken
rabbit 17.05.2011 - 22:49
Merci, well ech konnt mir nitt virstellen fir sou eng Tiefenschärfe mat 2,8 ze realiséieren wär
Schluck 17.05.2011 - 22:53
Hei ass ee coolen addon fir den Firefox:


https://addons.mozilla.org/de/firefox/addon/exif-...
Schluck 17.05.2011 - 23:00
Hun der d'EXIFën beigesaat
Abacab 17.05.2011 - 22:55
Absolut Top!
Schluck 17.05.2011 - 23:01
Merci Marc!
Jeanny 18.05.2011 - 06:15
eng TOP Serie Schluck ,
bass och super equipéiert smile
Schluck 18.05.2011 - 11:51
Merci Jeanny, jo do hues de effektiv recht ... den Makroblëtz kann ech ob allen Fall jidder Macrocanonist empfehlen. Ech hun zwar ee bëssen gebraucht fir ënn an den Grëff ze kreien mais lo lossen sech d'Resultater awer sou lues weisen.
Jeanny 18.05.2011 - 19:13
aha, da kann ech bei dech an Leier kommensmile
Schluck 19.05.2011 - 10:59
Mir kënne jo eng keier eis zu Remerschen treffen, ech hat wëlles ee Samsteg den Moien nees ze goen wann ët net reent ... oder ob Grevenmacher falls d'Wieder soll schlecht sinn. Den Blëtz kann ech der weisen mais soss geif ech awer eischter soen dass ech bei dëch an d'Leier kommen.
Scyv76 18.05.2011 - 08:59
Freck déi dooten sin wiirklech super. Déi impressinant Déiftenschärt schon bei f 6.3 wonnert mech, bis op en Stéck vum Flillek ass d'Libell jo quasi komplett schaarf. Fannen se super, d'Bildqualitéit ass wiirklech fantastésch, gestachen schaarf, an daat ouni Stativ. Kompliment !
Schluck 18.05.2011 - 11:54
Merci Scyv76, dat leit dorunn dass d'Libelle zimmlech heich souts, also Distance zum Sujet zimmlech grouss woar. D'Bild ass ee crop dofir mengs de ech wier vill mei no drun. Bei enger TV vun 1/800 kriss de secher keng Verwackelungsonschäerft mei dran an och den IS gläicht villes aus.
Scyv76 18.05.2011 - 11:58
Béi déer Bildqualitéit hätt ech nii geduecht dass et en Crop wiir smile Okay daat erklärt déi extrem Déiftenschärft natiirlech smile Jo effektiv mat 1/800 bass de emmer gudd, du hues jo do gudd Wiederbedingungen an woors net ze no um Sujet soss sin déi 1/800 schon net méi sou einfach ze réaliséieren béi déer Blende smile
Schluck 18.05.2011 - 12:13
Jo, genau ... wei schon uewen am Kommentar, ët woar extrem fill Loft .. bei daer do wier ët lo nët sou onbedingt neideg gewiescht.
DarkRoom 18.05.2011 - 13:31
Mäin fav ass Nummer 3 - do gefällt mer den Cadrage am Beschten
Zu den Fotoen u sech brauch een jo wuel näischt mei ze soen
Schluck 19.05.2011 - 10:55
Merci gesoot DarkRoom, mir gefällt mëttlerweil dei Lëscht am Beschten
He-Lx 20.05.2011 - 18:36
Eng wonnerbar Serie.
Schluck 23.05.2011 - 09:55
Merci Henri smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 366 Gäscht online