Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

It's a Nikon

 
All Fotoen an dëser Serie:
15938 Thumbnail
15940 Thumbnail
It's a Nikon
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.05.2011
  • Gekuckt:
    31972
  • Favoriten:
    4 (Wen?)
  • Kommentarer:
    44
  • Originaldatum:
    15.05.2011
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 1D Mark IV
  • Objektiv:
    Canon EF 100mm f/2.8 Macro
Kategorie: Déieren »» Insekten & Spannen
2. Kategorie: Just for fun »» Witzech Fotoen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=55499]
Kommentar vum Fotograf:
Hei ee Macro vun engem Paiperleck den sech ob den Apparat vun der Konkurrenz sëtz. Wat mer am beschten gefällt ass dass den Paiperleck och nach grad an den Canon Foarwen ass :-D
Schnuddel 16.05.2011 - 20:59
Mega déi do... iwwert den Geschmaach vum Päiperlek wat d'Kamera ugeet kann een streiden, mä esou konnts du wéinstens eng Foto man closed_eye
Maimonides 16.05.2011 - 21:48
Bei där 2. gesäit een awer ganz gutt
dass de Päiperlek quasi erféiert ass
wéi hien gesinn huet
wou hien do dann
schlussendlech gelant ass.
closed_eye
Exzellent Serie, Schluck.
Schluck 17.05.2011 - 09:10
Hehe, jo sou gesait ët ee bëssen aus ... en hat wahrscheinlech sein Brëll net ob. Merci Maimonides smile
Schluck 17.05.2011 - 09:09
Merci Schnuddel, et schengt "Les gouts et les couleurs" och fir Paiperlécken ze gëllen ... effektiv konnt ech awer doduerch eng Photo vun ëm machen.
VeloBen 16.05.2011 - 21:05
Gfällt mir och . Schéin scharf gin ! bigsmile
Schluck 17.05.2011 - 09:12
Merci VeloBen smile
rabbit 16.05.2011 - 21:35
einfach Super
Schluck 17.05.2011 - 09:12
Thanks rabbit ... freet mech smile
Zora 16.05.2011 - 21:47
Den Päiperlek wees waat gud assclosed_eye, an deen Makro, einfach nemmen gäilbigsmile
Schluck 17.05.2011 - 09:13
Hmm ... ech mengen eischter enn huet net gudd gesinn closed_eye

Merci Zora, och fir den Fav
Zora 17.05.2011 - 11:27
Also Schluck, och en Päiperlek huet sein Stolztongue bigsmile
Schluck 17.05.2011 - 12:03
Jo genau, dofir huet en sech jo ob d'Nikon gesaat wëll en Leiwer wollt vun der Canon geknippst ginn tongue
Zora 17.05.2011 - 13:08
Dei gesäit een jo awer net um Bild, mengen lo haalen mer ob, ass schon alles richteg esouclosed_eye
WorldTraveler 16.05.2011 - 21:52
Beschten Schärft dei ech bis elo gesin hun! Genial!
Schluck 17.05.2011 - 09:14
Thanks WorldTraveler, freet mech dass se der gefällt
Scyv76 16.05.2011 - 22:06
Déi sin staark, virun allem och de kontrast vum péiperléck an natiirlech och déiftenschärft !!
Schluck 17.05.2011 - 09:16
Merci Scyv76, den "N" ass awer leider net 100% scharf .. vu que daas et ee Schnappschoss woar ass ët awer ok.
Scyv76 17.05.2011 - 09:21
Net schlemm, d'Schärft léit awer perfekt um Péiperléck...deen ass och méi schéin wéi den N vun der Nikon smile
Schluck 17.05.2011 - 09:23
bigsmile bigsmile bigsmile ... jo, woues de Recht hues , hues de Recht
gunman 16.05.2011 - 22:12
Kompliment !! TOP Macro ! Scheck déi emol bei NIKON...déi kennt glaat an engem Héichglanzprospekt vun der Firma optauchen.
Schluck 17.05.2011 - 09:26
Een decken Merci !! Keint een effektiv mol probeieren ... wenn wees ?
Watleeft 16.05.2011 - 22:16
Flotten Päiperlek, wou hues te deen dann fonnt?
Schluck 17.05.2011 - 09:16
Merci Watleeft, den hun ech zu Grevenmacher fonnt
bigmama19420205 16.05.2011 - 22:29
mei Wosch wär et seu een ze begëinen , du hus de awer Ersatz gebraucht , fir ze knipsen bigsmile oder

super Fotoclosed_eye
Schluck 17.05.2011 - 09:17
Merci bigmama, einfach eng keier ob Grevenmacher fueren ... et lount sech
Pit 16.05.2011 - 23:03
Flotten Makro, gutt Schärft, Farwen an Kontrast passen gutt. Gefällt mir.
Schluck 17.05.2011 - 09:18
Merci Pit, hun d'White Balance awer lo nach eng keier richteg ungepasst .. hat se ee bëssen ze schnell eropgelueden
Jeanny 17.05.2011 - 07:10
däi sinn super Schluck, zu Gréiwemaacher fotograféiert
Schluck 17.05.2011 - 09:19
Merci Jeanny (och fir den FAV smile) jo, woar zu Grevenmacher
Zersch 17.05.2011 - 08:49
Ganz flotten Makro , wéi ëmmer Schluck ! Mais... ech duecht Sprechwuert wier : Wo man sich wohlfühlt da lässt man sich nieder ? devil
Schluck 17.05.2011 - 09:22
Merci gesoot Zersch, freet mech dass meng Makroën der gefallen! smile Mais bon, mam Sprechwuert ... "Wo man sich wohlfühlt da lässt man sich nieder" ech huelen un ën hat den Brëll net op an hat sech verflunn closed_eye
Zersch 17.05.2011 - 16:22
smile ok da loosse mer et esou stoen smile
Schluck 17.05.2011 - 16:27
Eierlech gesoot ob Canon, Nikon oder whatever kënnt et nët un
Zersch 17.05.2011 - 16:32
Ganz sëcher nët , fällt alles ennert Rubrik "spaassen" smile Deen eiwege Krich Canon-Nikon as mer schon säit jeher op den S.. ähm d'Lëns gaang closed_eye
Schluck 17.05.2011 - 22:27
Rischtitsch, ee bëssen spassen an stëtonguepelen muss och heinsdo sinn
ZerberuZ 17.05.2011 - 18:02
esouguer schmetterlinge wellen eng nikon smile
mool eng mei witzeg deierefoto, an wei gewinnt vun dier gudd fotografeiert smile
Schluck 17.05.2011 - 22:26
Merci ZerberuZ, den hat sech genau richteg gesaat smile Hun se bei Nikon ob den Facbook gesaat an do schengt se och gudd unzekommen ... wann dei weisten dass se mat enger Canon gemach wier *grins
ZerberuZ 17.05.2011 - 22:32
schreif drenner dass se mat canon gemaach ass bigsmile
Schluck 17.05.2011 - 22:35
Woarden nach eng Woch bis genuch der se "geliked" hun bigsmile bigsmile closed_eye
ZerberuZ 17.05.2011 - 22:39
du bass en schlechten mensch bigsmile bigsmile .... sadistesch bis an d'sail bigsmile
maan den geck bigsmile
Schluck 17.05.2011 - 22:42
Ech wees smile Merci fir d'Kompliment bigsmile
ZerberuZ 17.05.2011 - 22:44
bigsmile bigsmile
NikonD80 17.05.2011 - 21:32
einfach Top, iwwregens, ëmgedréit wier dat bestëmmt net sou gutt ginn closed_eye smile bigsmile
Schluck 17.05.2011 - 22:30
Hehehe ... do hues de mer lo awer eng um Plateau zerwéiert ... Do hues de Recht, wann's de mat enger Nikon eng Canon photgrapheiers kann d'Resultat nët sou gudd ginn well d'Canon vill besser Biller mëcht devil closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 401 Gäscht online