Kommentar vum Fotograf:
Ech hu meng Foto "Bal nëmme Raps" e bësse banal fonnt a sinn den Owend erëm op d'Plaz gaangen, fir ze experimentéieren.
An der Mëtt sinn d'RTLs-Tierm vu Jonglënster an hanne riets déi vu Beidweiler.
D'Luucht am Raps kënnt vun engem Auto, dee grad laanscht gefuer ass.
( De Chauffer muss wuel geduecht hunn, wéie Verréckten do am Stackdäischteren nach Fotoe mécht. )