Hues déi Hell Beräicher hei en bëssen ze stäerk ofgedäischtert, alles hannert der Fënster misst méi hell sinn, vir dat et sech of hëft. Sou erkennt een bal net dat do iwwerhaapt eng Fënster ass.
Edit: Hunn grad deng Galerie mol duerch gekuckt. Du tendéiers am groussen Ganzen derzou deng HDRen ze däischter/ze wéineg kontrastéiert ze maachen. Trau dech roueg och mol iwwerbeliichten Plaatzen dran ze loossen, oder nëmmen liicht Struktur dran ze setzen. Eng Foto lieft am Endeffekt vun Kontrast, Beliichtung am groussen ganzen, däerfs deen also net sou rof drécken, soss gëtt d'Resultat direkt fade. Ass un sech den Problem wou jiddereen am Ufank mat den HDRen huet (ech hunn déi mëttlerweil all aus menger Galerie geläscht.. ).
merci fir den Tipp, huelen dei Kritik ganz gären un de Prob as just, dass ech se emer sou beschaffen wei se mär am beschten gefaalen, dofir faale mär sou Sachen nie op