Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Between 2 worlds

 
Between 2 worlds
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    17.04.2011
  • Gekuckt:
    16573
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    7
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1500x666
  • Späicherplaz:
    343 KB
  • Originaldatum:
    2011:04:17 19:28:26
  • Fotoapparat:
    NIKON D5000
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=54726]
Kommentar vum Fotograf:
Op ARBED Terres Rouges uewenop an der Mett tescht den 2 Haalen (lenks dei aal Héischierwen a lénks daat aalt Gipswierk)
Et as e Pano aus 11 Photoen dee bessi kriddeleg weinst der Dier an der Mett fir ze verschaffen war. Hoffen et gefällt.
Metalbambi 17.04.2011 - 20:05
Do war zwar weder en Héichuewen, nach en Gipswierk, mee dovunner gëtt d'Foto net méi schlecht... closed_eye
Géif lenks awer den Ufank vun der Dier raus schneiden, deen zitt onnéideg den Bléck op sech.
(Zur Info: Sinn 2x einfach Siloen, riets ass/war Kallek dran, lenks weess ech net. Am Deel ënnendrënner, wou virun puer Méint nach Waasser dran stoung, sinn Zich ra gefuer an d'Wagonen konnten vun uewen belueden ginn.)
BerBe 17.04.2011 - 20:18
Wei ass elo keen Wasser mei dran? Den Huet awer net ganz Onrecht, well zu Terre Rouge stongen io awer 5 Heichuewnen dei vun der Hall aus beleden gouwen
http://www.industrie.lu/images/usinedesch.jpg
Mee wei gesot d'Foto ass top
ZerberuZ 17.04.2011 - 20:34
do waren schon heichuewen sou weit ech wees mais dei stungen mengen ech hannendrun smile
do lenks ass den minetts brecher esou weit ech wees .. an waaser steet nach emmer dran !Dës Foto ass net méi am System!
oder hei http://fc-foto.de/24268362
muss meng analogue fotoen op dia emol vum speicher zorteieren .. do sin der nach dobei wei venedeg hannendrun stung smile
BerBe 17.04.2011 - 21:36
Io op der Seit vun mengem Link ass eng Foto wei dat emol ausgesinn hud, d'Heichuewen sungen hannendrun, an hir Beluedungsrampen sinn erof an dei Haal gaangen smile

Ech hat elo schon gemengt dat ganzt wir elo eidel gepompelt ginn tongue

ZerberuZ 17.04.2011 - 21:38
jo hun den link gesin smile
Metalbambi 18.04.2011 - 00:16
't war eidel, ech sinn am August derduerch spadséiert.
Locke 18.04.2011 - 09:52
Merci alleguersmile
kruet zwar eng keier gesoot dass daat Héischierwen sin, mee egal, looßen mech gären eps besserem beléieren bigsmile ps: lo as rem Waasser dran (wei sou, wei ech dei lescht keier do war) closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 456 Gäscht online