Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Heemecht

 
All Fotoen an dëser Serie:
14660 Thumbnail
14661 Thumbnail
14662 Thumbnail
Heemecht
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.04.2011
  • Gekuckt:
    12042
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    32
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nei Bauwierker
2. Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nei Bauwierker
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=54594]
Kommentar vum Fotograf:
De Kiischpelt vun öwen gesinn
wuff 12.04.2011 - 18:12
Et gesäit aus wei wann Kiischpelt géing no rechts an en Lach rutschen.
Ech géing dat ganzt en bësselchen méi no lenks dréien. An d' Stëtonguesflécken vun dengem Sensor ewech stempelen daat as bei sou engem groen Himmel keen Problem. Mais wat wëlls du ons eigentlech mat dëser Foto weisen?
bigmama19420205 13.04.2011 - 19:52
haat villeicht dee Moment eng an de Knëien, wee wees ? bigsmile
Zora 13.04.2011 - 20:13
Hahaha, net schlecht smile
VeloBen 12.04.2011 - 18:43
Naischt fier ongut mee, déi Serie fannen ech leider och net gut. Do haett ech opp bessert d'Wieder gewaart an se och am Picasa wéinstens riccht gerëckelt.

Ech huelen mol un du hues déi mat denger aaler kamera nach gemaach well se sin och nach leider schrecklech onscharf gin.
gunman 12.04.2011 - 18:44
Allerweltsphotoen vum Feinsten ! Fier mech sinn se all onscharf, an déi 2 éischt kippen no riets, an déi lescht no lenks.
Et deet mer leed, mais ech sin nun emol keen "Schmusikritiki", och wann daat hei vielleicht net den Standard ass.
Mais neischt fier ongutt !
Mexx 12.04.2011 - 18:49
witzegerweis hun ech grad quasi wuertwirtlech dat selwecht gesoot wei d foto gekuckt hun cool
bigmama19420205 13.04.2011 - 06:59
OK ; OK
Zora 12.04.2011 - 19:26
Ech geing an denger Platz mech erem ob eenzel Motiver konzentreieren, dei's de bei Weitem besser hin kriss, net ob gin, naischt fir ongud, awer hei muss ech deenen aaneren Recht ginclosed_eye
bigmama19420205 13.04.2011 - 06:55
ech wees ..merci trotzdeemsmile
Zora 13.04.2011 - 08:01
Net traureg sin, ech man haut och nach schlecht Fotoen, kukk mol Bicher, ass emmer interessantclosed_eye
bigmama19420205 13.04.2011 - 19:40
Fotoen ,,ass eppes daat muss gefaalen,, et get och Fotoen , weu ech denken ,, waat ee SCH.. ma annerer se weg drun..bigsmile
Zora 13.04.2011 - 20:13
Jo kloer, d'ass Affaire de Gout, ma gud d'ass mer net all deen selweschten Gout hunclosed_eye
rabbit 12.04.2011 - 20:10
ech hat do och Fotoen gemaach an doraus eng Panorama erstallt Panorama Kiischpelt
bigmama19420205 13.04.2011 - 19:49
eppes ass jidwerfall secher ,, sëu vill Mähnungen haat ech bis lo nach nie ,, zu kenger Fotobigsmile

Mika 12.04.2011 - 22:48
Natur hällt stall...Nitt opginn, nach engkéier probéieren, op d'Luucht oppassen an probéieren schäerf fotoen ze maachen, du kriss daat hinn smile
bigmama19420205 13.04.2011 - 06:54
probeieren, okunhappy
Mika 13.04.2011 - 08:55
Keen unhappy-Smiley hei! closed_eye
rabbit 13.04.2011 - 15:24
Nitt obginn, aus Fehler léiert een bei, jidderen hat well Fotoen gemaach déi an d'Box gangen sënn
bigmama19420205 13.04.2011 - 19:33
merci dir,, mei rabbit, hun meng Fotoen guer net seu schlecht gesinn, sen eben un de Kiischpelt verleift , eegaal wei en ausgeseit bigsmile
bigmama19420205 13.04.2011 - 10:13
merci Mika ,se freu wann een eierlich ass
Mika 13.04.2011 - 11:57
Dofir ass Photogen do closed_eye Ech hunn och nach vill ze léieren mat menge Fotoen, mee heiansdo kann ech och Leit weiderhellefen, an da sinn ech frou, wann si d'Kritik unhuelen an draus léieren smile
bigmama19420205 13.04.2011 - 19:36
man ech och , ass fir mech guer kee Problem ,hun eben eierlich Leit lëiwer, wei dei hit Mänung verschweigen, an se dënken ...smile
AalenKnipser 13.04.2011 - 10:54
Courage BigMama , fuer weider, loss dech nët decouragéiren !
bigmama19420205 13.04.2011 - 19:30
se freu AaleKnipser dats du rem do bass, lo hun ech rem EEN op menger Seit bigsmile
bigmama19420205 13.04.2011 - 19:45
mir zwee gin durch dëck an dënn, mir sen där éislëcker Kniët bigsmile
AalenKnipser 13.04.2011 - 22:16
Ma sëcher daat !!
xaph32 13.04.2011 - 11:10
ech wert lo doudsëcher nët nach méi soen wéi déi aaner, mir ass just eppes opgefall, ech fannen nie deng exif-donnéen, déi kënnen awer hëllefraich sin fir engem en tuyau ze gin closed_eye

sinon, looss dëch nët découragéiren, fotoen maan ass e schéinen hobby!
bigmama19420205 13.04.2011 - 19:43
fannen daat och , a fir mech ze découragéieren muss ee frei opstoen bigsmile
bigmama19420205 13.04.2011 - 19:50
ech vermessen nach een ,,,, Zersch weu bass de !!! bigsmile bigsmile
Poly 13.04.2011 - 21:09
cool emol eppes aneschtes, jiddereen huet aner Usiichten a séin style, fir Landschaftsopnamen ze maachen smile
Zersch 13.04.2011 - 22:12
Zersch wou bas de...? Majo hei sin ech. smile

Jo ech sin jo am Moment mei mat Kachen beschäftegt. :-( Waat deng Fotoen do ugeet kann ech leider och nët vill méi dozou soen wéi meng Viirgänger , sin wirklech net schoarf an däin Dööref rutscht wirklech fort smile mais ech kann et och net vun hei aus dem Süden unhaaaaaaaleeeennnn...
Tschëffft ! Lo as et fort ! smile
Am eecht ech wees du verstees Spaass an du hues jo och mat aneren Fotoen schon bewisen dats de um Wee bas et besser kënnen ze maan ewei déi do. Bleiw drun , du mëchs dat. Ech gleewen un dech an déer schéiner Natur hues de jo genug do owwen vir nach vill schéin Fotoen ze machen. Allez , an déi next un Ugreff geholl , et kënnt jo emmer en neien Rootschlaag dobäi
bigmama19420205 14.04.2011 - 11:56
Merci , hun op dei Komentär gewaartbigsmile
Weust dat och seu geif ausfaalen, mir mecht et och neischt aus bigsmile

ech gi mech net seu seier geschloen , daat weest du !

An der Zwëschenzeit , känne mir zwee eis Mähnungen, smile
Maach et gut, bis dei nächst...........

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 460 Gäscht online