Deen Telefon ass gutt gesinn, deen steet en bëssen verluer do um Buedem.
D'Konzept vun der éischter huet een schon oft gesinn, kann ech awer ganz gutt verzeien, ech well et och nach ëmmer eng Kéier maachen.
Ech hätt awer gäeren en richtegt Monster-Gebai derfir.
Technesch propper Aarbecht, ech entdecken keng kromm Linn, géif awer den bausseschten Deel bis an d'Schwaarzt ofdäischteren.
Ech sin schons esou oft do langscht gefuer dass owes all d'Luchten un ware esou dass daat Gebei baal rift fier esoueng Foto ewei dei eicht... Merci fier den Kommentar
ech fannen déi 1. definitiv gutt, 2 an 3 hätt ech wahrscheinlëch trotz telefon ewech gelooss, fir mëch ass do d'kompositioun nach nët wierklëch ausgeraift. bei der 1. ënnerstëtzen déi schwarz linnen dat grafëscht element an der foto, an bei 2 an 3 stéiert mëch dat wenst den waissen sailen déi d'grafik nët ënnerstëtzen, meng menung
Ech fannen dass dei Buroen owes wann se esou eidel beliicht sin immens stéril ausgesin an dann d'Gefill gin wei wann d'Leit dei do schaffen just nach Nummeren sin. An fier d'Nummer ass schons mam Telefon gesouergt esou guer ier een do ass