Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Somewhere

 
Somewhere
Lizenz ënnert daer d'Foto steet:
Fräie Gebrauch op der Wikipedia, ënnert der Conditioun datt den Numm vum Auteur ugi g�tt.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    23.04.2006
  • Gekuckt:
    29334
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    17
  • Beliichtungszäit:
    1/400
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    300 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x578
  • Späicherplaz:
    358 KB
  • Originaldatum:
    2006:04:23 15:49:09
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 30D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng  
Extras:
RAW, an bessen gecropt.

Fir anzesetzen: [pg_img=5440]
Kommentar vum Fotograf:
Ech wollt haut bessen mech dohi setzen an probeiren Villecher ze fotografeiren, se wollten awer net su richteg. Dun hun ech desen sou gesin do uewen op der Heck setzen, nieft der ech grad sutz ze laueren. Hun se express sou flaach iwert'Heck geholl, wollt genee daat Resultat sou kreien mat der ganzer Onschärft, an dann just den Villchen schaarf.
dendan 23.04.2006 - 23:48
SUPER... gefällt mer gut... Mat der Onschärft vum Hannergrond hues de awer bessi nogehollef, oder?
Johny 23.04.2006 - 23:49
Nee wisou sollt ech? War grouss Blend an den Hannergrond do war wäit ewech.
Ass trotzdem gudd dass se der gefällt mee vläicht gefällt se besser wanns de wees dass et net nogehollef war closed_eye
dendan 23.04.2006 - 23:52
Nee, och wanns de nogehollef häss wier dat fier mech keen Ennerscheed... d'Reultat zielt =;o)
War da wierklech wäit ewech... sin emmer neidesch mär gelengt sou en Hannergrond einfach net!
Johny 23.04.2006 - 23:55
Jo et war wäit ewech. Dertëscht war eng Strooss an dann nach war dei aaner Säit vun der Strooss eng Insel (also se ass och lo nach do), wou eng Velospiste dann nach do hannendrun laanscht geet. Wärten am ganzen sou 20m gewiecht sin. Ech hun bessen mussen hin an hier goen dass ech am Hannergrond keng Leit mat drop kruut, mee sin frou dass et geklappt huet.
elmuzo 24.04.2006 - 01:16
Déi gefällt mer. Däin 'Gespills' mam Hannergrond an mat der Onschärft viir ass gudd gelongen. Uuups, hepp, ouni ze vergiessen dats de däin Haaptsujet exzellent an Scene gesaat hues.
Johny 24.04.2006 - 01:17
Merci smile
sutewi 24.04.2006 - 11:51
also dei foto gefällt mier zwar gutt. den fillchen ass d'haaptsaach am bild an den hannergrond ass och neutral
Naturknipser 24.04.2006 - 14:00
minimalistesch a cool - vu mir 9/10
Johny 24.04.2006 - 14:09
Merci smile
Sylvia 24.04.2006 - 20:32
ech gesinn dech schon hannert der Heck laueren vir den klengen Pipmatz ze erweschen ...loll
Schein geroden and schein scharf !
Johny 24.04.2006 - 21:51
Ohjee closed_eye
Merci fir de Kommentar.
Paukl 24.04.2006 - 22:18
Eng wirklech schein Foto.
Johny 25.04.2006 - 21:43
Merci fir de Kommentar.
amBesch 25.04.2006 - 21:40
Dëst ass wiirklech eng immens flott Photo. Ech fannen ët super mat der Onschärft vun der Heck vir, excellent! Sou gët de Bléck wiirklech just op de Villchen gelenkt, ët ass naischt aneres do wat iergendwéi stéiere giff. Eng ganz flott an harmonesch Photo (och vun de Faarwen hir), super!
Johny 25.04.2006 - 21:43
Majo dann hun ech genee daat erreecht waat ech wollt smile
Mojoo 13.03.2007 - 09:30
Immens flott. Den Naturknipser soot et: "minimalistesch", an genau dat gefällt mir och. D'Faarwen wierken natierlech an den Kadrage ass immens flott gewielt. Wann ech esou Fotoën gesin kréien ech riesen Loscht ob Déierenfotografie. Ech hun eng immens Fiirfreed ob dei nächst Vakanz, wann ech endlech Zäit fannen an mech domadder beschäftegen kann smile
Johny 13.03.2007 - 21:40
Daat do ass awer net sou einfach schonn ze kreien well et ass schonn gecropt, an dann nach bei 300mm ... an dobeiw ar ech no. Mee Probieren geht über Studieren closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 331 Gäscht online