Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Volonté de Mariage

 
Volonté de Mariage
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    30.03.2011
  • Gekuckt:
    14193
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    22
  • Beliichtungszäit:
    HDR
  • Blend:
    f/9.1
  • Brennwäit:
    35 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    580 EX 2x
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    322 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Canon 5 DMK2
  • Programm:
    M
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Männer / Jongen  
Extras:
E Spiggel

Fir anzesetzen: [pg_img=54211]
Kommentar vum Fotograf:
Un éclair... puis la nuit ! - Fugitive beauté
Dont le regard m'a fait soudainement renaître,
Ne te verrai-je plus que dans l'éternité ?

A une passante de Charles Baudelaire
(Extrait)

JohnJ 30.03.2011 - 06:38
Flotten text zu flottem bild
gtaddei1 30.03.2011 - 12:02
Merci Johny
Zora 30.03.2011 - 06:46
Eng setzen geloossen Braut um Hochzäitsdaag,autsch, eng Horrorvirstellung, gudd eriwer bruetclosed_eye
gtaddei1 30.03.2011 - 12:09
Zora , esou kenn én daat och gesinn.

Mé et ass villeicht just nemmen ee Mirage, eng Fantaisie vum Protagonist.
D'Braut ass duergestallt an engen vergangenen Kontext, dei an engem Spiggel representeiert get , Irreel.

D'Horrorvirstellung ass fir dén dén drémt.

Komesch awer ewei d'Subjektiviteit emmer an de Biller gestach ginn... seng égen Valeuren an Aengschten!
Et gesait én awer net dén aaneren smile
Zora 30.03.2011 - 13:08
Et gin Psychologuen dei mat engem Spiggel schaffen, fir een mat sech selwer ze konfrontéieren, déi eng gesin een Häufchen Eelend do stoen, dei aaner hieren Dämon, deen bei deenen engen kontrolléiert kann gin, bei deenen aaneren furchbaaren Schued kann unrichten, ass et esou wei's de mengs, huet der elo just am Haudfraaen Jargon gezielt, grinsclosed_eye
gtaddei1 30.03.2011 - 13:18
De Spiggel forceiert dech an dech erann ze kucken ... daat brengt dech dein ganzen Wiesen wellste no "dir" sichst. Do ensteht eng progressive regressioun bis an den Essentiel vun sengem Wiesen , d.h. de Näischt.
De Näischt get vun den méschten Lait als den Doud interpreteirt an am fong ass et just sein richteschen Wiesen vun wou én och evtl (wann et neisdesch ass) an aiser Intellektualiseierter Welt en mei personnifizeierten Programm kenn opbauen.
De negativen Gefill vum Näischt ass och oft responsable fir eng total incapaziteit sech ze relaxeieren , beroueschen , Frénésie ass gebraucht bei déenen Lait ... asw asw...
Mé fir bis op de Näischt ze kommen gét én duerch all dei Zemmeren vun senger Perseinlechkét ... an do sinn m,ol vill Surprisen.
D'Angscht fir verlooss ze ginn , d'Angscht vun Alleng sinn , D'Fantaisien dei én do ronderemm op baut ... eng Aaner Diskussioun... eng vun déenen Zemmeren aiser perseinlechkét...bigsmile smile (schlemm fir dest Zait esou eng Diskussioun Zora... mé interessant Dialektik
Zora 30.03.2011 - 13:27
Ma geseis de daat brengen och erem nemmen mär 2 ronnsmile, well Zäit ass relativ, an den Näischt ass iwerall an Néierens, mech geing mol wirklech gären wessen waat esou een Psychologue seet, wann an mein Kapp eran dierft, mengen den breicht dorno selwer eenclosed_eye, gudden Appetitconfused
gtaddei1 30.03.2011 - 13:30
Den ass geschuetzt... dén schafft ... genau ewei op der Post am Guichet...
Dei Kapp an sein Contenu ass fir hien en Ankommen vun Piipen an dourfir ass et dass et hinnen oft quiitsch egal ass (d'un point de vue personnel, d.h wann hien d'Dier zou mescht vun semgem Büro vergesst hien alles an zielt seng Suen)
Gudden Appetit fir dech, ech hunn keng Zait... smile
Maimonides 30.03.2011 - 21:36
D'Séil, Zora,
ass wéi eng Kommoud:
voll Tirangen.
Bei deenen engen
huet et engt ganz Liewen
gedauert fir se zouzekréien,
a bei aneren
ass et net esou einfach
fir se opzekréien.
An da ginn et der nach
déi de Virwëtz stëtonguepelen.
Am Groussen a Ganzen
huet een awer besser
Draachen schlofen ze loossen.
Zora 30.03.2011 - 21:44
Bei verschiddenen hätt een besser se zou ze nälen, bei verschieden anerer klemmen se einfach nemmen, an der dei se all obstoen hunclosed_eye
gtaddei1 31.03.2011 - 16:49
Genau smile
Sinfono
ZerberuZ 30.03.2011 - 18:00
flott gin daat doen , gudd idee an erem ganz vill interpretatiouns meiglechkeeten smile
gtaddei1 30.03.2011 - 18:05
Thx... smile
Do kenn én esou vill Saachen soen dass én 1 kescht Wein ausgedronk krittbigsmile
ZerberuZ 30.03.2011 - 18:24
klengt interessant bigsmile komm mier setzen eis mat enger kescht wein fierun d'bild an philosopheieren bigsmile en gemittlechen pinot gris wier gudd ...
gtaddei1 30.03.2011 - 19:25
fir un ze faengen an dann ginn mir op e gudden rouden au dem Land vum Zora senger Rutschbaan smile
Weini?
D'Naechste Keier wou et gudde Wieder get an mir hun all neischt ze dinn ... dann machen mir daat ... Ech hunn de Pinot an de Roudenbigsmile
ZerberuZ 30.03.2011 - 19:37
weieng rutschbahn ??
jo pinot ass seier organiseiert falls de es net genuch hues bigsmile
daat mat der zait get mei schweier
Zora 30.03.2011 - 21:47
An vergiesst nemmen net den Freixenet, soss gin ech zickegtongue
gtaddei1 31.03.2011 - 16:50
Freckste net ass net roud weiss grengbigsmile
gi87 31.03.2011 - 09:14
Ganz Gudd ! Dei Foto heut eppes komesches un sech, mengt een et gief een iergenwei duerch eng Öffnung Kuken, an beim 3ten Blëck ass ma reicht opgefall dass Braut halt Refelxioun am Spiegel wor ! Irgendwei eng optesch täuchung mat Drann. Wor dat gewolt ?
gtaddei1 31.03.2011 - 12:02
De nagarjuna huet mech dobben opmierksam gemeet. Et ass effectivement eng optesch teuschung!
Merci och fir de fav.
Miisamm 31.03.2011 - 19:35
Génial! Gesäit am ganzen e bessen aus wei :
"Alles verluer ausser d'Hoffnung!"

Ass elo meng eischt interpretatioun su aus dem Bauch, klappt awer ganz gudd fir mech.
gtaddei1 31.03.2011 - 20:24
Daat ass wouer , d hoffnung ass emmer dei lescht dei dierft verschwannen.
D hoffnung deet baal emmer d fantaisie schaffen. Disperatioun muteiert oft an enger virtueller welt wou d hoffnung nees existeiert, seff dass daat och mam Doud endescht smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 590 Gäscht online