Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Underwaterbeauty

 
All Fotoen an dëser Serie:
14162 Thumbnail
14163 Thumbnail
14165 Thumbnail
24656 Thumbnail
Underwaterbeauty
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    27.03.2011
  • Gekuckt:
    25589
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    20
  • Originaldatum:
    2010-2011
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher
2. Kategorie: Natur »» Waasserausbléck
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=54118]
Kommentar vum Fotograf:
Ennerwaasserfotoen aus dem Beräich Fashion
JADE 27.03.2011 - 14:39
ma daat ass jo emol eppes Neies !!

ech fannen daat ganz schéin ... zemols och déi Graphik déi derbäi erauskënnt ... an deem Sënn gefaalen 3 an 4 mir nach am Beschten

an dann den Faarwenmix,
an d'Natierlechkeet vun dengen Models (baal wéi wann sie ausserhalb vum Waasser wieren ... och op deenen aaneren Fotoen aus deem link op denger Profilsäit)

also: genau esou ... an nach méi esou! smile
gtaddei1 27.03.2011 - 14:46
Fantastesch!
ZachOry 27.03.2011 - 15:05
wow di drett as quasi genial smile respekt smile schued dat ennen bessen kurz gerooden as unhappy
WorldTraveler 27.03.2011 - 16:00
Genial!
suraki 27.03.2011 - 18:14
wëllkomm a nach vill Spaass hei smile
wann een hei e Start mëscht ewéi du, an direkt eppes wéisst
wat hei um Site nach net ze fannen, dat ass dach emol eppes.
ech well weider esou flott Biller vun dir hei gesinn smile
Michelle 27.03.2011 - 18:42
Merci Villmols bigsmile
Dier wärt secher nach méi vun mier gesin, well et mecht mer immens Spaass sou Fotoen ze maan! Ech maan dat lo säit annerhalwen Joer an probéieren emmer besi mi kreativ z gin an ze experimentéieren. Ech hun allerdengs nach technesch vill ze léieren, am moment maan ech emmer gaaaanz vill Fotoen an dann sin emmer puer gudder dabäi closed_eye
schued dat et keng mi spezifesch kategorie hei gett ...
JADE 27.03.2011 - 22:18
jo, effektiv, Header-foto ass nët déi richteg Kategorie

villäicht gesait een vun den Admins dëst an ännert daat
an mëcht dir eng Kategorie extra derbäi
Michelle 27.03.2011 - 22:51
cool naja muss jo keng ennerwaasserkategorie fier mech sin, mee sou eng fashion kategorie mengen ech fehlt awer schon.
JADE 27.03.2011 - 22:53
jo déi fehlt hei nawell! smile
jorsch 27.03.2011 - 22:15
Dramhaft schéin!
Michelle 30.03.2011 - 19:22
Villmols merci bigsmile
Nemo 31.03.2011 - 18:35
Ganz flott gemaach daat do, Respekt !!

Klengen Typ méngersaits --> externen Blëtz (de Fall gesaat du hues en Bechs op déngem Geheis) bigsmile

Doduerch kriss de déi Bewegungsonschärften net dran an da gin déng Fotoen na bedeitend besser wéi se emmerhin scho sin closed_eye

I like !!
Michelle 31.03.2011 - 23:03
merci smile
am moment schaffen ech mat enger Panasonic FT2 di huet iwerhaapt keen Geheis closed_eye ech sot dem Locke och schon dat ech mer iergendwan eng gudd Ausrüstung kaafen smile spueren na besi ... wärt mech un däin tipp erenneren merci closed_eye
Nemo 01.04.2011 - 10:09
Ah jo, hu grad gegoogelt, déng Knips as einfach nemmen waaserdicht bis 10 m.....OK, da gett daat mam externen Blëtz wuel net vill fir de Moment. bigsmile

Kuck et einfach positiv, sou gees de alt na net mat 7 kg Material an d'Waasser wei sou munch aner Leit....:-P

Mee egal, deng Fotoen sin nach wie vor top. closed_eye
Locke 31.03.2011 - 19:14
top!! mär wollten daat mam M-otiv och emer maaan, mee kreien d`Schwemm nie gelount sad wou hues du dei hei gemeet?
Michelle 31.03.2011 - 23:07
merci smile
an enger privat piscine, d as ganz flott do ze shooten mee se misst méi déif sin (se as mengen ech sou 1.50) an d kennt nemn heinsdo sonnenluucht ran mat där ech awer haaptsächlech schaffen.
JamJam30 08.05.2011 - 18:46
Schein Foto smile
Michelle 08.05.2011 - 20:50
merci smile
Fennec 24.05.2011 - 17:18
Eng flott Serie hues de hei, kennt e bessen op David Lachapelle eraus, Schued dat den Baseng net ganz deif as, hat emol an den Thermen esou eppes probeiert, sin awer dun erausgeheit gin, Junge junge, et daerf een keng Fotoen an der öffentlecher Piscine machen, do hues du bedeitend mei Chance.

Ganz flott Resultat mat der klenger Kompakter Maschin.
Michelle 24.05.2011 - 19:47
Also ech hun David Lachapelle lo missen googlen, mee seng Biller ging ech lo net onbedengt als Virbild huelen, se hun ging ech soen en ganz aanert Ziel. Ech leen méi wert op d Ästhetik an hun grouss Virbilder wéi Howard Schatz, Zena Holloway, Ric Frazier, Barbara Cole an nach eng retsch tongue
merci awer! smile Meng kleng Kompakt an ech gin weiderhin eis bescht!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 567 Gäscht online