Ma du hues der do eng ganz schéin Blimmchen erausgesicht fir ze photographéieren. Den Haaptmotiv (also déi méi grouss Blumm vir) ass och schéi scharf, an d'Faarwen si ganz flott. Wat mer lo nët sou besonnesch gefällt ass de Cadrage. D'Blumm ass éischter uewen am Bild a kuckt dann och nach no uewen. Dat ass vlaicht nët sou optimal.
Klengen Tip: wanns de d'nächste Kéier soueppes photographéiers, da probéier mol esou ze cadréieren, dass den Haaptsujet an d'Bild erakuckt. Ansonsten, einfach weider esou!