Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Helleff

 
Helleff
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    18.03.2011
  • Gekuckt:
    44464
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    23
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    350 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=53889]
Kommentar vum Fotograf:
"Les vigoureuses mains de ce dieu puissant travaillaient sans relâche et ses pieds étaient infatigables ; sur ses épaules se dressaient les cent têtes d'un horrible dragon, et chacune dardait une langue noire ; des yeux qui armaient ces monstrueuses têtes, jaillissait une flamme étincelante à travers leurs sourcils ; toutes, hideuses à voir, proféraient mille sons inexplicables et quelquefois si aigus que les dieux même pouvaient les entendre, tantôt la mugissante voix d'un taureau sauvage et indompté, tantôt le rugissement d'un lion au coeur farouche, souvent, ô prodige ! les aboiements d'un chien ou des clameurs perçantes dont retentissaient les hautes montagnes."

oder

This is the end, beautiful friend
This is the end, my only friend, the end
Of our elaborate plans, the end
Of everything that stands, the end
No safety or surprise, the end
I'll never look into your eyes
Again
Jay 19.03.2011 - 00:06
geil
gtaddei1 19.03.2011 - 09:31
Merci jay fir dei exclamatioun!
Zora 19.03.2011 - 07:10
Kann een och esou soen, d'Hellef ass do, awer keen kann se notzen, wans de am gaang bass ze erdrenken, an kent keen Mensch fir der den Rettungsreng ze geheien, ass et dein Enn, een stuarkt Bildclosed_eye
gtaddei1 19.03.2011 - 09:39
Merci zora, deng art an weis dest foto ze interpreteieren gefaellt mir ganz gudd. Et ass och e bessi daat waat ech wollt soen , me awer mat enger mei optimistischer visioun opschons et apokalyptesch duergestallt ass.
D helleff ass do me keen kent drun well de rettungsreef formell dohinner gestallt ass an dofir stellt keen sech d fro firwaat den do steet bis eng keier en typhoon kennt ( den text beim kommentar ass den text aus gaia deen d naissance vum typhon relateiert an der griechescher mythologie). Firwaat emmer d natur provozeieren anstatt mat hier an harmonie ze liewen?
Mir missten ais d fro stellen , wei liewen mir haut?
Zora 19.03.2011 - 09:46
Daat Bild huet mech eigentlech och ob Japan bruet, esou vill Léit wou wellen helefen, an d'ass een machtlos, an grieschesch Mythologie fannen ech souwiesou den Glanzclosed_eye
gtaddei1 19.03.2011 - 09:56
Ech och, tsunami an nuklear, mee mir och an aist welt, three mile island, tchernobyl, golf vun mexico, amokocadiz, asw asw asw
Wei lang nach no enger meenung, 10 , 20 , 50 joer? Mee doudsecher net mei
Zora 19.03.2011 - 11:32
Do geseit een erem wei kleng Menscheet ass, an waat notzt dann dei ganz Wissenschaft an Technik, wann esou eng Naturgewalt kent, guer näischtsmile
gtaddei1 19.03.2011 - 15:09
Oh dach dei ass schon normal , d'Wissenschaft... mé waat feieren Brokeren, Geschaeftsmaenner asw op... dénen ass just nemmen de Profit la raison d'être!
An mir ??? sinn mir besser?
Also ech doud secher net...
gtaddei1 19.03.2011 - 09:40
Merci fir de fav
Zora 19.03.2011 - 09:47
bigsmile
Nagarjuna 19.03.2011 - 08:53
Super Foto, awer fir mech bedeit den Rettungsreef éischter Rettung wéi "the end". Hei mäin Vers zur Foto (sou wéi ech d'Foto empfannen):
"Puissé-je être le protecteur des abandonnés,
Le guide de ceux qui cheminent,
La barque, le navire et le pont
Pour ceux qui désirent traverser les eaux!"
---Shantideva (Bodhicharyavatara Ch. 3 / V. 18)
gtaddei1 19.03.2011 - 09:49
Merci jc,
Daat freet mech fill dass du et gefavt hues.
Den enn ass jo net den doud , an waat du dobai geschriwen hues passt mei ewei gudd och zu menger visioun.
Puis-je etre le protecteur des abbandonnes
- abbandonnes hescht jo net nemmen sdf oder soss esou eppes, me dei verlossen vun "goettlechkeet" ( erlaab mir desen term) dei net d harmonie kennen dei net parcimonie an prostratioun kennen vis a vis vum Allmaechtigen (oder d onnendlechkeet, natur, All , asw; allmaechtech ass vir mech dei formell definitioun, mee just waat mei ass ewei mir ! Opschons mir daar alles an ais hunn ewei do mir en sous-ensemble sinn vum ganzen)
le guide etc
- jo keinten mir esou gudd an ais erann kucken dann fannen mir jo aisen rettungsreef, mee daat flottst dobai awer ass dass jidderen den selweschten geif gesinn, et kennen jo net 9.000.000.000 verschidden menschheeten do sinn.

Mir kennen erann kucken mee mir wellen net oder mir kennen daat net well doberflaechlkeet ais nach tiraniseiert....

Nagarjuna 19.03.2011 - 10:10
D'Enn kann och den Doud sinn. Vir wat net? Dat schéint un engem Enn ass jo dass et een neien Ufank ass.
Zu dengem leschten Satz bei der Äntwert fir den Ed (cf. Bopi): Mir geet et schon duer Papp ze sinn an och selwer an dëser degeneréierter Welt ze liewen. Mäin Bouf deet mir schon leet wann sech bis 2030 näischt "grondleeënd" verännert huet un eiser ganzer Mënschheet. Dat huet net direkt eppes mat Japan ze dinn, awer Japan ass alt erëm eng Konsequenz ënner villen aneren. Kenns du den Caesium-137 Atlas vun der Weltwäiter Kontaminatioun no der Katastroph vun Tschernobyl? D'Nowéien hunn eréischt richteg virun 4 Joer (20 Joer no der Katastroph) ugefangen (hausse vun verschidden Kriebszorten). Den Zuch fiert den Bierg erof an d'Bremsen sinn schon laang futti. Ech sinn keen Pessimist, ech informéieren mech just. (TORCH)
D'Ganz Mënschheet deet mir leet well mir sinn all blann.
gtaddei1 19.03.2011 - 10:18
Oh waat ech daat mat dir deelen!!!
Ech hunn mei angscht mengem klengen seng zukunft ze kucken ewei ech angscht haat meng eegen ze kucken wou ech jonk war!
Den zug an d bremsen ass wierklech e flott bild ... Hoffen just dass um enn vum bierg et platt get fir dass den zug an rou auslaafen kann!
Effektivement hunn ech dest bild och op japan refereiert awer net nemmen! Japan ass eng drepps !
Et gert duer dass mir mol e bessi mei bewosst ginn ! Fir dass den ed bopi keint ginn!
gtaddei1 19.03.2011 - 10:19
Cesium!!! Do sinn d franzousen champion !
suraki 19.03.2011 - 09:44
ewéi d'Zora, mëscht e bëssen nodenklech smile
gefëllt mer super gutt!
gtaddei1 19.03.2011 - 09:54
Merci Ed!
D menace vun der Natur? Ech mengen dei verleiert villeicht an deenen leschten zaiten ier Gedold.
Mir bueren fir de petrol, mir wullen fir den eisen, mir dinn ais heizungen mat 200 goen, mir dinn uranium explodeieren, mir produzeieren esou villes waat mir net brauchen ( marchandise) , an mir verleiren de senn vum bien , jo de bien de consommation!!! Mir verdeelen de reichtum esou schlecht! De komunismus huet et gudd verdeelt me konnt et net produzeieren.
Et get heisch zait zum reef an de seel ze greifen fir eng nai welt welt ....
Du wells jo villeicht eng keier bopi ginn?
Nathalie 19.03.2011 - 11:54
Flott dei doten, Flott Fuerwen, gefällt
gtaddei1 19.03.2011 - 15:09
Merci Nathalie
mischii 19.03.2011 - 15:52
Hoffentlech geet de Rettungsreef nach duer
Gefällt mer als Bild immens gudd
hei och e Film vum Yann Arthus Bertrand deen een onbedengt muss gesin hun: Home
http://www.youtube.com/watch?v=NNGDj9IeAuI
gtaddei1 19.03.2011 - 19:16
Merci Mischii
Ech hunn de Film schon kannt mé wosst net dass dén och um youtube wier.

Merci fir de Fav
TRASH_Doll 20.03.2011 - 16:48
gefällt mer ganz gudd. flott teinung och
gtaddei1 20.03.2011 - 17:56
Merci!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
2 Benotzer an 370 Gäscht online