Mir gefällt déi ganz Kompositioun super, de Bléck verleeft vun deem kräfteg grénge Punkt op déi brong a bleiwt schliesslech op deene viischten klenge "Wutzen" hänken. Mee och d'Faarwen stëmmen 100prozenteg.
Kanns du w.e.g. nach e puer Prezisiounen iwert d'Opnahm ginn (Blend, Zäit). Wäer léif.
Zylla, ech hunn elo wierklech missen an d'Original EXIF'en kucke goen, hat eng ganz Serie mat ënnerschiddleche Blenden, Zäiten asw gemaach.
Dëst Bild hei huet :
400 ASA
0,4 s
f8
-0,33 (ewéi all meng Biller, d'Faarwe gi méi kräfteg)
et war mat Canon 5D II opgeholl gin
mat engem 100 f2,8 Makro (dën Aalen)
esou no ewéi technesch méiglech, drun um Objet (20cm?)
vir liicht opzehellen war nach e Metz Rengblëtz (15MS-1)
mat halwer Leeschtung um Objektiv montéiert.
d'Bild ass dono nëmmen zu 2/3 (Bildopbau) ze gebrauche gewiescht.
gutt, hoffen dat dat der duergeet )
a nach en léiwe merci fir de Kommentar !