ët deet mir Leed wann ech daat elo schreiwen, an dech eventuell domadden schockéieren kéint ...
also, doduerch, dass esou een Ënnerscheed an deenen 2 verschidden Ebenen (Pläng?) ass, gesäit ët fir mech aus wéi wanns du just een Kapp am Grapp häss
ech hun ët elo missten soen ... well heiansdo ass een als Papp/Mamm esou emotionnel geprägt/beanflosst beim betruechten vun esou Fotoen, dass sie daat nët esou gesin an brauchen een Aan vun bäussen
dh d'Idee ass wierklech gutt, awer d'Ëmsetzung nët graad esou an mengen Aan
zu dengem komentar do muss ech dir soen dass ech deng krittik net mat dir deelen kann, et war genau déi idee déi ech haat an emgesat hun, just dass meng Fra gemengt huet et wir besser wann een hatt nach e bessen gesait op der foto ech selwer wollt just d'hänn an den kapp hun......et soll esou sin dass en grad ukomm as awer nach keen en gesin huet an daat soll den fiirwetz reitzen (wéi geseit en aus?? a.s.w.)
hun as sech déi foto femach fiir op den cover vum fotobook waat ech vum Jay an der nächster zeit machen.
wéi gesoot, daat war just daat waat ech doranner interprétéiert hun ...
an wéi esou oft, ass eng Interpretatioun immens perséinlech, an ech hun effektiv eppes ganz perséinleches (an Erliewtenes) dran gesin ...
nach eng Kéier et deet mir wierklech Leed, wann ech iech villäicht elo ze no getrueden sin
an wéi den Kwitchibo esou oft seet: Haaptsaach ët gefällt iech Elteren an ët ass daat waat dir ausdrécken wollt
iech als Elteren schéngt et jo ze gefaalen, also wonnerbar
meng eischt Gedanken zu dem Bild wärt ech der duerfier och net verrooden, mee drécke mer et emol esou aus : mech huet dat Bild och zimmlech irritéiert & et wär fier mech en absoluten "no-go" fier en Fotobuch vun engem Neigebuerenen