Vito deng Ideeën an besonnesch deng Ëmsetzung vun deenen Ideeën begeechtert mech ëmmer nees!
Ech sinn e grousse Fan vun dengen Arbechten!!!
Kompliment och hei stellvertriedend un deng Models an M-UA's!
bei nr 3 huet dain model e bëssen bugs-bunny-zänn, dat gesait iergentwéi komësch aus,,
4 gefällt mer guer nët, notamment um niveau vun denger location an den crop ass och bossëg
en plus schingt et mer wéi wann an dëser serie nët onbedingt e konzept dohannert stëcht, dat passt nët zu dengen aaneren serien, also ech denken ech kennen besseres vun dir an ech moossen dëch och dodrunner
sorry, ech wëll der nët op d'féiss trëpelen...
jo 4 kann ech novolzéihen...do ass et och wou ech mir guer net secher war...
Bugs Bunny Zähn? a bon?
Bei der éischter sinn Ech awer ganz zefridden an wäert déi och an mengem Portfolio haalen...fir an sou engem enke Raum, esou eng Beliichtung hinzekréien, daat war guer net esou einfach
Merci....Ech wees Du treppels mir net op d'Féiss..Maach du roueg
egaal....jidereen duarf jo seng Meehnung hunn...Et gin Leit di fannen Ech geif dem George Clooney glaichen, an Aanerer eben net ... im Auge des Betrachters eben..