Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Owes zu Dortmund

 
All Fotoen an dëser Serie:
13109 Thumbnail
13110 Thumbnail
13111 Thumbnail
Owes zu Dortmund
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    10.02.2011
  • Gekuckt:
    56450
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    29
  • Originaldatum:
    9.2.2011
  • Fotoapparat:
    Nikon D700
  • Objektiv:
    Nikkor 24-70mm f:2,8
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nuetsopnaamen
2. Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nei Bauwierker
Extras:
Stativ an en Fernsehtuerm

Fir anzesetzen: [pg_img=53014]
Kommentar vum Fotograf:
Gëschter Owend zu Dortmund um Fernsehtuerm.
Ech war net weinst dem Fussball do, ma wëll meng Frendin do studéiert. Mer waren ropp op den Fernsehtuerm, vun wou aus een eng schéin Vue hudd op ganz Dortmund.
Den Panorama ass uerwen enstaan, an zwar aus 11 HDRen à 9 Fotoen, heescht en besteht aus 99 Eenzelfotoen.
Et sen anch e puer Lensflares dran, well mer den ganzen Zait Spoten vum Tuerm drageliicht hun, dei laang Beliichtungszeiten vum HDR hun leider dun zevill Liicht vun de Spoten matt drakritt. Ech krut verschiddener am Photoshop rausgemaach, ma aanerer leider net. Tjaja, muss Nikon mol froen op se mer eng Geigenliichtblend vun 1 Meter Längt bauen kënnen.
Nichts destotrotz ass et en 360Panorama gin. Den Tuerm vun ënnen ass freihänneg geknippst matt ISO 3200.

Den Panorama ass hei, well et een volen 360 Grad ass, bessen kleng, ma hei gëtt et en zwar net an voller Opléisung, ma an 6000px Längt:
http://erics.lu/pano
oder direkt dohin: http://erics.lu/pano/dortmund.html
Gaga 11.02.2011 - 00:10
genial arbescht daat do.
den 6000px link onbedenkt klicken.
mier gefällt wei t'bild vun kaal op warm an erem kaal verleeft.
ApplEric 11.02.2011 - 11:50
Villmols Merci! An och nachemol Merci fier den Favorit!
Jo, ech hun ugefaang wei d'Sonn grad am Gaang war ënner ze goen, hun also net su laang meissen beliichten. An wei ech dun op der aanerer Seit vum Tuerm war, war keng Sonn do ma just Stroossenbeliichtung. closed_eye
Kwitchibo 11.02.2011 - 00:56
majo dann do huet een ZEIT!!
99Fotoen esou vill hun ech da net dei leschten mount gemachsmile

weider esou flott Arbecht!

mbG
ApplEric 11.02.2011 - 11:51
Zeit net grad, mee matt Intervallopnahm an dem Braketing stellt een d'Kamera an, dreckt op OK an dann mecht se automatesch dei 9 Beliichtungsstufen. Beaarbechtung hudd mei laang gedauert, dat gin ech zou, mee ech hat gëschter effektiv bëssen Zait! closed_eye

Villmols Merci!
Jeanny 11.02.2011 - 06:56
eng wonnerbar Aarbecht a Panorama. Top
och de Fernsehtuerm ass ganz flott ginn.
ApplEric 11.02.2011 - 11:54
Villmols Merci fier d'Kompliment!
Freed mech dass den fernsehtuerm och gudd ukënnt, wor als klengen Bonus fier ze weisen wou een dann do ropp kann goen.
Focus 11.02.2011 - 09:17
genial wéi Stroos am Panorama verleeft. Schued das zimlech vill Lensflare dran as.
ApplEric 11.02.2011 - 11:56
Villmols Merci!
Jo, Lens flares stéiren mech och nach bëssen, e puer krut ech raus iwwer en neien Layer matt dem selweschten Panorama an aanerer Saturatioun, Tounwerter an Faarwen an deen dann op Weiches Licht an maskeiert, ma et hudd net iwwerall geklappt, e bessen d'Intensiteit kontn ech awer nach änneren.
Kenns du keen Tipp wei een d'Lensflares retuscheiren kann?
Killertik 11.02.2011 - 09:50
Liichter steieren mech net. Gudd Arbecht.
ApplEric 11.02.2011 - 11:57
Villmols Merci! closed_eye
Paukl 11.02.2011 - 09:53
Respekt daat ass Aarbecht....an e flott Resultat.

Fir d'eischt HDR an dann gesticht oder gesticht an duerno HDR? Hoffen dei zweet soss ass et wirklech Aarbecht!
Mat waat stichts du?
ApplEric 11.02.2011 - 12:02
Villmols Merci!

Neenee, fier d'eischt HDR an duerno gesticht.
Als Stichingsoftware benotzen ech seit Dezember wëll den PTGui, deen et fier 79 €uro gëtt. Den Hugin, deen et gratis gëtt, baseiert um selweschten Kär, ma ass awer nach laang net sou gudd, mee awer dach vill besser wei den Plugin am Photoshop.
Mam Hugin hun ech awer och scho gudd Resultater kritt, mee wann et mei kriddleg matt den Kontrollpunkte gëtt, geht naischt iwwert den PTGui.
Gëtt et och alle beides fier Mac an PC.

Hei nach d'Links: http://hugin.sourceforge.net/
http://www.ptgui.com/
Paukl 11.02.2011 - 21:23
Thx Eric
Ech hun den Pro an den Autopano Giga
Den Pro huet den Firdeel dats HDRen direkt am PTGUI maachen kanns.....
ApplEric 12.02.2011 - 10:18
Ah, den Pro hun ech mer och well iwwerluecht, grad weinst däer Funktioun.
Maan nach emmer am Fierfeld am Photomatix meng HDRen an den Tonemapping op 16bit. Geht dat dann och am PTGui Pro, fier den 32bit HDR hanneno an en 16bit ze tonemappen?
Fannen et jo schons immens dass den Pro HDR-Panoramen vun sech aus mecht, 32bit kann ech suguer als Beliichtungsquell bei engem 3D-Modell huelen, fier d'Reflexiounen asw. vun der Emgeigend ze kreien.
Paukl 12.02.2011 - 10:24
Jo daat geet et muss en seng Kontrollpunkten just oofsaven an beim nexten Pano (iwerbeliicht oder ennerbeliicht) dei Punkten rem lueden. Duerno get dain Pano genee zelwecht zesummengebaut.
Blimchen 11.02.2011 - 11:01
Eric, dass wonnerbar ginn. Geseis de mol Dortmund ass guer net esou iwwel smile An kann en schéin Fotoen machen.
Den Owend kanns de den U och nach knipsen dat ass en scheint Fotosmotiv.

ApplEric 11.02.2011 - 12:03
Villmols Merci Blimi!
An och Merci fier den Favorit!

Da sen ech mol gespannt op den U den owend, ech hoffen deen ass et derwärt. Muss een dann do Stativ och mattschleefen?
Michelp88 11.02.2011 - 12:05
Do as jo o irgentwou meng wunneng drop.
Jo vum tuerm aus geseit een vill. War bis lo just 1 keier am dach dorop mee geseit jo owes bessa aus.
Schein fotoen mat den faarwen an o den florian mat mound gefallt ma.
ApplEric 11.02.2011 - 12:22
Ah sou, studeiers de och zu Dortmund?
Mengen d'Wunning hudd een awer mei séier op Google Earth fonnt.
Villmols merci fier den Luew fier d'Fotoen! closed_eye
gi87 11.02.2011 - 12:42
Flott Farwen ! Gefällt mir !
ApplEric 11.02.2011 - 12:44
Villmols Merci!
Metalbambi 11.02.2011 - 15:51
Deen Pano ass béis! Flotten Himmel an Faarwen, ech fannen och net dat den Lens-Flare stéiert.
ApplEric 11.02.2011 - 20:16
Villmols Merci! closed_eye Freed mech dass den Panorama gefällt, an em sou besser dass Lens Flares net stéiren.
He-Lx 13.02.2011 - 13:40
Do hues de ërem eng flott Oarbecht gemach.
ApplEric 14.02.2011 - 22:11
Villmols merci! closed_eye
benem 15.02.2011 - 22:34
Eric, ech hätt de Pano gäer als Print! Gail!
ApplEric 16.02.2011 - 12:06
Oho, villmols Merci!
Gett et dann sou en länglecht Panorama-Format?
Da kucken ech mol wou een et printen lossen kinnt.
benem 16.02.2011 - 13:33
Jo, ech mengen et gin puer Online-Fotodruckereien déi och Panoramen printen. Mëcht foto.lu dat net souguer och?
ApplEric 16.02.2011 - 14:30
Dach, foto.lu machen och Panoramen, hat haut nach do ugeruff. Dann muss ech mol kucken den pano unzepassen op een gängegt Format.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 313 Gäscht online