Also et dess ass keng direkt Kritik zu denger Foto, mee ech fannen et emmer schued wann d'Leit hier Fotoen op "aal" trimmen... Kuck daat dooten haess de och hin kritt mat engem Film deens de henno ugeklookelt, zerkraatz an dono an Ueleg gezapt haess. Dann während dem entweckelen als eischt uewen beliicht dann enner onschaarf beliicht an dann nach just eng Sepia Teinung op d'Foto! Voila Villaicht en bessi nei emständlech mee vlait mei autentesch
Mee vum Stil hier gefällt mer se awer!
Soffel... du gess eenz. Ech hätt dat do alles net gewosst...
Ass bestemmt mega intressant, fir sou Saachen mat Film ze probeieren.
Zum Bild, gefällt mer besser wei di Eischt...
Greisstendeels duerch d'Pose, an duerch d'Lach beim Aan.
An d'Veraarbechtung ass wei de xaph seet
ass eng Saach vun probeieren, sin schon vill Negativer drop gaang sou :-S an ass deck vill Arbescht bis de daat hues wats du wells. Mee wanns de et bis hues, dann bass de gehierlos stolz
Soffel, ech hunn Eemerweis verhonzten Pabeier aus Experimenter an den ronne Classeur getässelt, ... d'Filmer hu mer mat 30 Meter ! kaf
Polaroidtranfert a Peeling sin honnerten gemach ginn. An ech ginn der Recht,
en Originalbaryth ass eppes immens flottes, mä et ass iwwerlieft ... Haut kanns de se vun engem Print aus engem anstännegen Drécker net méi Ënnerscheeden.
Also eng Saach nëmme nach fir Puristen , wou ech awer wierklech frou sinn dat et der nach ginn !!!
Soffel, meng Biller sinn e bëssen ewéi ech ech selwer, déi eng oder aner Fall mat e puer Schréipsen, an och net méi esou ganz frësch.
Mä am eescht elo, ech weess a ka mer gutt virstellen dat en groussen Deel vun de Läit hei um Site mat der Art a Weis vu der Duerstellung vu ville menger Biller net gefëllt. Et ass awer nun emol en "dada" vu mer an de Biller ze knujelen fir se net ganz normal ausgesinn ze loossen. Natierlech kann en seng Biller direkt aus dem Apparat eraus weisen, wat ech och immens flott fannen !! Ech selwer hu vill "Phasen" an der Fotografie mat an duerchgemaach, vun Dia iwwert Faarf a sch/w, koloréiert, Street, Porträt oder nëmme Studio, momentan ass dëst hei eppes mat dem ech Spaass hunn, an dofir si mer jo hei, eppes ze weisen , wat gut (?) an acceptabel soll sinn. Et ass awer immens schwéier eppes ze maachen wat jidderengem gefëllt, .. an ass dat dann och de "But" eppes ze weisen wat anere Leit gutt gefëllt an der selwer net esou richteg an de Krom passt ?
Soffel ech soen der villmools merci fir dein éierlechen an opriichtege Kommentar ! )
Also ech well der just soen dass ech 100% mat denger Ausso averstaanen sin an dass den Kommentar vun mir op kee Fall eng Kritik war! Ech fannen dass eng Foto engem selwer an eischter Linn gefallen muss an dass et kloer ass dass daat net emmer den Gout vun engem aaneren ass! Ech hun der den Kommentar amfong just gin well daat einfach meng vue ass an ech well guer net behaapten dass daat elo daat gielt vum ee soll sin Dofir heescht daat nach laang net dass mer d'Foto net gefällt!
Cyborglady, een interessanten Bildobbau, an daat meet dein Stil aus, wees een direkt vun weem Foto ass, ier een se obgemach huet, fannen ech ganz speziell.... schéin