ech fannen dëss photo charaktervoll... kéint eng krass pub gin fier d'préventioun routière mam motorad... genre: "dëst kéint dain leschte bléck nom rennen sin..." du bas am tunnel, du gesais d'luucht mee du kënns nët méi dohinner! Ech sin getraff...
ma ganz einfach well d'warscheinlegkeet esou um buedem ze leien méi heefeg um motorrad wéi um auto as, am auto häss de warscheinleg e steierrad gesinn ne?
et as nët ëmmer einfach d'bild daats de am kapp hues mat wieder kuerz ze faassen. Mee main bild wor wéi gesoot en motorradfuerer deen do lait, den donkelen tunnel erennert mech un den dout, di orange luuchten eben grad d'atmosphere déis de nuets op der strooss hues an am fong, du luucht baussen eben grad di plaatz wou een am léiwsten grad dee moment wier statt do ze leien...
muss eech leider enttäuschen sou weit hunn ech mol net geduecht, mä flott Gedankenspill hutt dir do ... hunn mer just geduecht "wär et net flott an engem Tunnel eng Foto ze maachen" : ) sen leider nach een décken Amateur an hat wahrscheinlech eichter Gléck als Kennen bei dëser Foto : )