Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Spontanen Photoshoot

 
All Fotoen an dëser Serie:
12858 Thumbnail
12859 Thumbnail
12860 Thumbnail
12861 Thumbnail
12862 Thumbnail
Spontanen Photoshoot
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    25.01.2011
  • Gekuckt:
    18754
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    23
  • Originaldatum:
    23.01.2010
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 1D Mark IV
  • Objektiv:
    Canon EF 24-70
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Männer / Jongen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=52610]
Kommentar vum Fotograf:
Hei een eischten Test vun Portraitsphotoën am Studio... si hun mer am SW besser gefall dofir wollt ech dat mol eng keier probeieren.

Merci un den Alex fir d'Modelën an dem Tom, Gaga an Xaph32 fir hier Anfeierung an d'Studiophotographie
He-Lx 25.01.2011 - 21:40
TipTop Schluck. Kompliment und ech an den Alex, ouni de Gaga an de Xaph 32 ze vergiessen. cool
Henri
alex 25.01.2011 - 21:47
Merci Henri, mir haaten ons gudd ameséiert smile
Schluck 26.01.2011 - 20:36
Merci He-Lx woar ganz lëschteg
Gaga 25.01.2011 - 21:44
ganz kloer n°5 fier mech. mat Kapen an Hit hun ech nemmen schlecht erfahrungen gemach (net op der strooss closed_eye ) am studio ... oder du muss wierklech mat der luucht vun ennen erop kommen, waat awer erem um model komesch kann ausgesin (Aen etc) ... t'Box keinnt nach e bessen kontur verdroen, mais t'Gesiicht , den Audrock an de Bleck gefaalen mer bei der 5 eben am beschten. gut arbescht fier deng eicht studiofoto schluck.
Schluck 26.01.2011 - 20:38
Jo, woar am Fong nët geplangt dass hien sollt an d'Kneien goen an un d'Luucht hun ech nët geduercht gehaat ... alt ërem eppes beigeleiert
alex 25.01.2011 - 21:45
Hey Schluck, déi sin gudd gin smile merci. Ouni Kaap fannen ech besser, Nr 5 ass mein Favorit, do ass d'Luut am Gesicht besser
Schluck 26.01.2011 - 20:36
Merci Alex, ouni Kaap fannen ech och besser
mischii 25.01.2011 - 21:51
Gudd geschafft Dir 2 smile
fir mech och nummer 5
alex 25.01.2011 - 21:53
Merci Michèle, den Schluck haat sech gudd drun gin
Schluck 26.01.2011 - 20:34
Thx
Schluck 26.01.2011 - 20:34
Merci mischii, den Verdéngscht geet un déi ganz Equipe ... bei mir ass ët 3 an 5
TomEwert 25.01.2011 - 22:03
mir gefaellt virun allem dei 3. am beschten. eben duerch den ball deen deen super schied op sein lenken baak setzt. super geschafft. d haett een kennen nach en zousaetzlechen reflektor ennen hin setzen fir d jeans nach en bessen opzehellen. dei verschwennt baal zevill am schied.
Gaga 25.01.2011 - 22:19
hehe wonnert mech elo net, ech hun en eichter als "fehler" am bild gesin, mais en dreit am fong zum bild bei. ech muss mech nach vill mat sch/w an Luucht beschäftegen ... as eng welt fier sech !
Schluck 26.01.2011 - 20:35
Jo ... dohannen hun ech nach iwwert den Schiet gefluucht an besonnech am SW fannen ech en awer flott
Schluck 26.01.2011 - 20:32
Den Schiet ob der 3ter huet mech am Unfank gestéiert, mais herno hun ech ën ganz interessant fonnt, virun allem am SW. D' Beliichtung ass nët main Verdingscht an ouni aer Hëllef wier meng eischt Studioportraitën bestëmmt net gudd ginn. Effektiv keint d'Jeans nach mei Beliicht sin an ee Reflektor haet do bestëmmt nach gehollef... d'Bild woar jo och nët esou geplangt an um Viewer ass dat nët sou obgefall. Just eng Fro ... ass d'SW konverteierung ok ?
Gaga 26.01.2011 - 22:51
de probleem as villeicht dat t'Luchten nach mei heich hungen, also fier een deen um Hocker setzt. ech mengen dier haat se net eroofgesaat wei den Alex an t'Kneien gaang as, kann daat sin ? Dofier as ob den Been keng Luucht!
Schluck 27.01.2011 - 08:28
Jo genau ... dat mat an d'Kneien goen woar zwar gudd fir den Ball nët iwwer dem Background ze hun mais ech hat nët drun geduecht dass dann och d'Beliichtung nët mei klappen geif. Wei den Tom schon soot wier ee Reflektor wuel genau richteg gewiercht, well ech fannen am Fong flott dass se nët ganz ausgeliicht ass mais ee bëssen mei Luucht keint se awer verdroen.
Jeanny 26.01.2011 - 06:21
Tip Top Schluck , lo hues de dech an eppes era gelooss, ob s de do nach e raus kenns smile
e ganz flotte Modell has du closed_eye Hallo Alex. fir mech ass et Nr 4
Schluck 26.01.2011 - 20:27
Merci Jeanny, jo den Alex huet dat Top gemach an ët woar och ganz flott eppes zesummen zemachen. Hun an allen Hisiichten bäigeléiert bigsmile
xaph32 26.01.2011 - 08:36
jo, nr 3 wenst den schieter an dem kontrastéierten mix, mir gefällt se
Schluck 26.01.2011 - 20:23
Den Schiet ob der 3ter huet mech am Unfank gestéiert, mai herno hun ech ën ganz interessant fnnt
suraki 26.01.2011 - 12:12
flott Serie Schluck
Schluck 26.01.2011 - 20:21
Merci suraki, woar eng cool Erfahrung

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 532 Gäscht online