Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

US Trilogy

 
US Trilogy
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    21.01.2011
  • Gekuckt:
    27777
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    42
  • Beliichtungszäit:
    HDR
  • Blend:
    f5.6
  • Brennwäit:
    17mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    473 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Canon 5 DMK2
  • Programm:
  • Objektiv:
    17 TS
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nei Bauwierker  
Extras:
Dreifouss
Zait haat ech et war den Leschten Daag

Fir anzesetzen: [pg_img=52483]
Kommentar vum Fotograf:
Aus mengen Mini Trip zu Boston am November.
D'Foto ass e bessi verschafft ginn:
HDR
Contrasteiert an Lightpainting am Gebai fir LumenKontrast drann ze brengen (soss ass et Flaach, oder ech haett et missen am SW maachen)
Aberratiounen eraus geholl
En liichten Glow just am Himmel fir et e bessi mei douce ze maachen
D'Gebaier matt engem Sketch Layer d'Linnen verstaerkt an oofgedonkelt (well ech matt 5.6 geknippst haat (aus versehen)
High Pass mat 1.7 R an 60%
Voilà
D'Farwen sinn net verstaerkt ginn an den WB ass dén vum Orginal Shot
m-otiv 21.01.2011 - 19:35
mir gefällt se immens, den Linnen sinn zwar Riicht, gesait awer verzerrt aus (waat mir perséinlech graad gutt gefällt)
gtaddei1 21.01.2011 - 19:37
Dofir hunn ech dei malgrés den f 5.6 trotzdem gehaalen
Merci Vito
Eng aaner Vue
http://www.flickr.com/photos/gtaddei1/5373670503/
_MiAmI_ 21.01.2011 - 20:38
gefaellt ma ganz gud wei Gebeier sech spiegelen.
gtaddei1 21.01.2011 - 20:59
Thx a lot .
Zora 21.01.2011 - 21:02
Waat eng Ennerdreckung an deem Bild, hues de dei kleng orange Häisecher ennen lenks am Bild gesin, dei fierten hier grouss Noperen, dei gewaltesch iwert hinnen trohnen, ganz flottclosed_eye
gtaddei1 21.01.2011 - 21:06
An waanste d autoen riets kucks dann mengt een am playmobil world ze sinn
Zora 21.01.2011 - 21:11
Kukk ganz ennen, do hun ech geäntwert, hun meng Pellen erem net geholl, sorryclosed_eye
suraki 21.01.2011 - 21:06
interessant, flott awer trotzdem hin an hier gerappt well et vun der, esou en opfällegen knätschegen HDR, ongewinnt as smile
gtaddei1 21.01.2011 - 21:08
Ed den hdr effekt ass net esou do. Wannste 1 orinal foto kuckst dann ass daat aenlech. Boston huet eng flott luucht am hierscht.
gtaddei1 21.01.2011 - 21:08
Ed den hdr effekt ass net esou do. Wannste 1 orinal foto kuckst dann ass daat aenlech. Boston huet eng flott luucht am hierscht.
suraki 21.01.2011 - 21:10
staun, dann ass et flott do !? smile
gtaddei1 21.01.2011 - 21:23
Also d wolleken hunn eng hdr struktur, d farwen sinn matt engem fuji velvet filter wou d bloo tein desatureiert ginn sinn. Also d farwen sinn schon e bessi italpainting
Zora 21.01.2011 - 21:08
Dei hun ech elo an der Vergreisserung och gesin, dei gin jo total verschluckt, d'ass awer interessant, waat een an esou enger Foto alles kann eraus fannen, gell closed_eye
gtaddei1 21.01.2011 - 21:25
Et sinn monsteren. An dem lenken hunn ech ganz uewen giess. 72ten stack
Zora 21.01.2011 - 21:30
Ah bon, an d'Iessen ass dobannen bliwwen? Mär get et um 3. Stack schon schlecht!
suraki 21.01.2011 - 21:33
gtaddei1 21.01.2011 - 21:43
Zora d gebai hai dreint mool net, am lafsyette maillot dreint de restaurant an ass um 26 ten stack
gtaddei1 21.01.2011 - 21:44
Yesss ed als mario verkleet smile
Schluck 21.01.2011 - 22:00
Hun mer dat Bild lo ee puer mol mistten unkucken fir dat ee bëssen wierken ze lossen. D'Foarwen passen immens gudd zesummen sou blo, greng, orange, blo, schein douce .. gans flott.

D'Perspektiv kann een sou richteg op sech wierken lossen an ët huet een d'Gefill wei wann een se sech keint vun all Sait unkucken.

D'Spiegelung um lenken Turm gefaëlt mer och immens, den Detail vun den Strukturen vun den Fensterën kënnt och super raus.

Den Himmel passt gudd, zimmlech bewölkt mat engem liechten Hoffnungschimmer op bessert Wierder (Zaiten ?)

Ganz flott Bild ... dezenten HDR ... gefällt mer ganz gudd !
gtaddei1 21.01.2011 - 22:39
Villmols merci fir dei analyse. Ech wees daat et eng e bessi mei schweier foto ass, an fir eierlech ze sinn, hunn ech schon e bessi zait gebraucht bis ech mech gudd platzeiert haat fir d gebaier esou do haat wei ech wollt an an engems den virgrond equilibreiett haat mamm himmel. Daat war meng intentioun.
Mrrci villmools
Poly 21.01.2011 - 22:53
buah, eng Heedenaarbecht, awer d'resultat ass super,déi verschidden Architekturen zesummen op engem Bild chapeau
gtaddei1 21.01.2011 - 22:59
Merci.
Oft ass den hdr eng s.. Arbescht. An daat muss sinn . E bessi manner mamm hdr efex pro muss ech soen. Ech faengen un de plugin ze apprecieieren.
Poly 22.01.2011 - 18:22
wann e bis eng kéier domat ugefangen huet, gëtt e richteg süchteg drop closed_eye
gtaddei1 23.01.2011 - 12:01
Daat ass meiglesch... Me ech hunn mech elo vill mei dem Non HDR gewidmet. An ech fannen wann ech nemmen no 5 Min alles verschafft hunn , hunn ech d'Gefill wann et ze einfach war.
Den Hdr ze verschaffen ass eng Ekzellent Schoul fir dourno d'Luucht ze verstoen
Poly 23.01.2011 - 12:08
jo wei bei de neien Apparater déi et automatesch maachen,en Saach vun Astellung zur Fotografie, wei mat der Automatik mam Auto fueren smile
gtaddei1 23.01.2011 - 12:38
Jo mee...
ZerberuZ 21.01.2011 - 23:09
ganz schein unzekucken vun den linen der faarw an eigentlech vun allem
gtaddei1 22.01.2011 - 00:05
Merci villmols.
Archtektonesch Glamour.
Flott zillen an geglaetten himmel....
mischii 21.01.2011 - 23:49
Schéine Kontrast zwescht aal an Nei
den HDR ass dezent, mee ech hätt dat awer léiwer méi natiirlech, fir mech ass dat do einfach nët sou wi mir et gesin
gtaddei1 22.01.2011 - 00:04
Ech mengen dass eng enzel foto nach manner natiirlech geif ausgesinn. Et ass e bessi mei farw drann wengst engem Filterchen.
De Problem vum HDR ass das et mei natiirlech ausgesaitewei eng enzel Foto an desem Fall. An do ass en oft net drunn gewinnt.
mischii 22.01.2011 - 00:44
mmmhh, fannen eben dass et nët natiirlech ausgesäit ass e bessi wéi gemoolt aus engem Architektebüro, do zitt d'Realitéit de Kierzeren
gtaddei1 22.01.2011 - 01:53
Archtektur photographie an innenarchitektur gebraucht emmer mei hdr phoyographie. Autocad ass awer nett onbedingt realiteit, wann een sech op de buro limiteiert.
Mischi, d architektur war net onbedingt den thema mais mei d ambiance. Ech lueden dir maar dei bescht exposeiert foto op, nemmen zum verglach.
http://abduzeedo.com/awesome-architecture-hdr
Dest sinn beispiller vun Mickey mouse hdr.
Mischi,
Eng foto ass neischt aneschters ewei e language den duerch ikonen eng analogie vun deer realiteit zebeck get. Ass elo hai d realiteit subverteiert? Ech mengen et ass net ze iwersinn waat fir eng atmosphaer do war. Schweier wolleken, eng schweier November luucht . Geif ech elo daat alles mat 1 expo alles zereckginn? Ech mengen net. 1 expo ass limiteiert an oft subverteiert deen typ vun photo d realiteit. Den hyperrealismus ass awer elo manner douce , mei spartanesch, mee d bedeitung vun deer realiteit ass relative fidele duergestallt. Bei 1 expo ... Do muss alles stemmen!
Soit de rescht ass esthetik...

Dito !Dës Foto ass net méi am System!
Metalbambi 22.01.2011 - 11:18
Also wann déi Biller op dem Link Fraleit wieren géif ech soen et wieren iwwerdriwwen opgedonnert Tussen...
Wann däin Ziel ass, sou Biller ze maachen, muss de nach en bëssen méi iwwerdreiwen, mee géif hei éischter soen ''less is more''.
gtaddei1 22.01.2011 - 13:36
Mein But ass einfach dess Foto esou duerzestellen.
less is more .... ass emmer wouer.... du hueste recht
Me Studio do ginnse dach all opgedonnert?
Filteren gebrauch an missbrauch hai um site ass awer d'Condition sinequanon ginn ... ech gesinn ganz rare biller dei net "verfälscht ginn sinn" dei awer d'Esthetik beibehaalen hunn ... Equilibre am opbau an an den FarwKontraster ...
Wou lait hai den Onesthetismus.
Metalbambi 22.01.2011 - 16:07
Ech gesinn och keen Problem mat Verfälschung, verstéi mech do net falsch, ech sinn just keen Fan vun iwwerspëtzten Biller. Dat hellt den Biller ganz oft de ganzen Charme an d'Atmosphär. Déi Architekturfotoen vum Link wieren zB vill besser wann den HDR-Effekt manner staark wier, dann hätten se eng ganz aner Wierkung.
gtaddei1 22.01.2011 - 16:58
Ganau ... Me waat firwaat eng Atmosphaer an enger Purer Architektur Foto ze stiechen
Wannste Varanasi kucks , do ass HDR guer net appropriert, an d'Schaerfung asw asw asss och net neidesch
Do wou atmosphaer drann ass mecht en Atmosphaer drann ... du wou keng drann ass do net.
Pixelman 22.01.2011 - 11:14
Den Highpass mecht sech gut an den Strukturen bemierkbar, schon immens was Du aus der Opnahm do eraus geholl hues !
gtaddei1 22.01.2011 - 13:37
Merci ... Awer fantastesch wei d'Ménung awer esou verschidden sinn ... An daat mecht daat alles hai flott
Jeanny 22.01.2011 - 15:43
einfach de Glanz Gennaro, gefält mir wonnerbar,
do muss ech nach vill leierensmile
gtaddei1 22.01.2011 - 15:45
Merci Jeanny...
Fir dei eng ze fill fir dei aaner gutt asw... Eng flott Diskussioun.
Leieren? Geif ech absolut net soen!
Nathalie 22.01.2011 - 18:32
Flott Foto, gefällt ma gud
gtaddei1 23.01.2011 - 11:59
Merci villmols Nathalie

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 596 Gäscht online