Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Lion ?

 
Lion ?
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    20.01.2011
  • Gekuckt:
    35665
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    26
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    700x800
  • Späicherplaz:
    512 KB
  • Originaldatum:
    15 Januar 2011
  • Fotoapparat:
    Lumix-LX3
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobaussen
2. Kategorie: Allgemeng »» Formen an Strukturen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=52471]
Kommentar vum Fotograf:
Art par hasard ?
suraki 20.01.2011 - 23:45
eng wäiss Rumm an nach !! besser (jo ok et gét heiansdo mat mer duerch)
nee wierklech Charel gefält mer gutt !
Maimonides 21.01.2011 - 20:21
Merci, Ed,
an dat mat der Rumm, dat foxt mech.
Ech muss mech mol druginn
fir där kënnen ze bastelen.
suraki 21.01.2011 - 20:54
et ass ganz einfach Charel, muss mol kucken ob ech e interessante Link fannen
Maimonides 22.01.2011 - 15:39
...a Merci am Viraus.
suraki 23.01.2011 - 17:34
kuck mol hei Charel

Traumflieger as och e KlassikerTester asw fir Canonléit closed_eye

Maimonides 23.01.2011 - 18:26
Merci, Ed.
closed_eye
JADE 20.01.2011 - 23:54
am thumb: taureau
ech gesin einfach keen lion ??

gutt gesin smile
suraki 21.01.2011 - 16:10
ech gesinn ënnen e Smiley closed_eye
Maimonides 21.01.2011 - 20:37
Ech och, Ed.
smile
Maimonides 21.01.2011 - 20:27
Du an d' Zora, dir hutt Recht:
éischter e Stéier.
Ech hunn d' "Ärem" an den Täschen
als "Oueren" gesinn,
an dir hutt se
als "Haren" gekuckt.
Esou kéint dat mol sinn.

Merci, JADE.
Zora 21.01.2011 - 08:36
Jep, eischter een Stéier, leiw sin mer alleguerclosed_eye
Maimonides 21.01.2011 - 20:36
Dat ass de Mantel aus de Solden:

Also: elo mol am Eescht...
!

Du hues Recht: éischter e Stéier.
closed_eye
Zora 21.01.2011 - 20:57
Wans de Foto ob der Kopp kukks, gesäit et aus wei een Fesch, waat een alles an engem Mantel gesäit, oder ech hun meng Pellen erem vergiessclosed_eye
Maimonides 22.01.2011 - 15:38
Wann's du dat well ouni Pëlle gesäis, da froen ech mech awer wat 's du dann eréischt mat Pëlle géifs gesinn.
closed_eye
Zora 22.01.2011 - 17:29
Huel der 2 Deeg frei, an ech zielen der et closed_eye
Maimonides 23.01.2011 - 00:11
2 ganzer Deeg ?
(Ech gi bezuelt wann ech schaffen,
a wann ech net schaffen,
ginn ech net bezuelt.)
Eng laaang Geschicht, also.
closed_eye
Zora 23.01.2011 - 07:15
closed_eye
gtaddei1 21.01.2011 - 11:27
Op elo a Lion or not ... haellt mech net zereck ... awer den Art par hasard , fir dess foto ass eng Ekzellent Affirmatioun .
Art par hasard geif hai soen né. Daat ass dein Art , réfléchi, muri, et developpé... Typesch Charel.
An senger Simpliziteit dreckt dess vill aus ... waat ... Emotioun ... Et bleiwt én dobai stoen, Minimalismus, Banaliteit dei Artistesch ausgedreckt gett just durch nemmen Gro Tein.
Stell dir awer elo fir ech geif dei eroplueden ... geif ech dann bei menger égener Foto stoen bleiwen ... vue dass ech wés dass et deng ass ... zitt dei mech unn... Art par hasard... dess keier net... Ton art par reflexion , au début, an dann spontan
Maimonides 22.01.2011 - 16:01
L'Aphrodite de Cnide (Praxitèle)
et une des Nanas de Niki de Saint Phalle,
zb ...

sinn 2 komplett verschidde Welten,
an awer Konscht.

Firwat ?
gtaddei1 22.01.2011 - 17:04
Firwat?
Well et Ausdrock ass vun der Creativiteit , vun der Gefillswelt,
Kommunikatioun duerch duerstellung.
Foto ass én language , Skulptur och...
Me dann sinn awer och Sponsoren do ... dei den Art pushen... bis et gefaellt. Art par hasard ass daat nun elo guer net.
Bon de succès ass eppes aneschters.
Firwaat huet den Gunther Eich gerad esou én Succès als Littéraire als de Goethe an den Hermann Hesse get net als Litteratur bedruecht ? Firwat dat ?
Wou ass den Ennersched tescht dei different Art an Weisen ze Kreieren
Nu je ... D'Fro war net schlecht
Maimonides 23.01.2011 - 00:24
Bis bei d "Sponsoren" sinn ech mat dir d Accord.
De "succès" ass eng Hypothees.
An de "Steppenwolf" ass Weltliteratur,
ee Klassiker,
dat weess du grad esou gutt wei ech.
gtaddei1 23.01.2011 - 01:07
Klassiker an aisen jonken aan awer net onbedingt fir d literatur kritiken.
Villeicht war deen einfach zefill freakesch, peace and love, hippi
Maimonides 23.01.2011 - 01:18
Di meeschte Kritiker hu selwer näischt vu grousser Literatur produzéiert. Kritiker sinn wei Ratingsagencen: si broden hiren eegene Bifdeck.
gtaddei1 23.01.2011 - 11:57
Daat Gefill hunn ech och oft
Jeanny 21.01.2011 - 13:02
An Äerm an der Täschsmile cool
Maimonides 21.01.2011 - 20:47
Merci, Jeanny.
(Et war deen aus de Solden).
closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 310 Gäscht online