Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Manta rush hour

 
All Fotoen an dëser Serie:
12580 Thumbnail
12581 Thumbnail
12582 Thumbnail
12583 Thumbnail
12584 Thumbnail
Manta rush hour
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    11.01.2011
  • Gekuckt:
    39294
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    24
  • Originaldatum:
    24/11/2010
  • Fotoapparat:
    Fuji S5 Pro
  • Objektiv:
    Tokina 7-14mm
Kategorie: Déieren »» Wëll Déieren  
Extras:
Vill Loft fir mat der Streimung mat ze haalen!!!

Fir anzesetzen: [pg_img=52177]
Kommentar vum Fotograf:
No Ufro vum Locke, hei da mol dei eischt Manta-Fotoen.
D'Manta (Manta birostris) sin fridlech Deieren. Si kennen eng Spannweit bis zu 7m hun. Des waren 3-4m. Am Geigensaatz zu aneren Rochen hu si och kee Stachelam Schwanz. Et si mat dei elegantesten Deieren, dei ech bis elo esou no gesin hun. Mir als Staucher struwelen eis e wech an enger mega Streimung an si hänken ganz cool do, kukken dech mat engem Aan :" Geet et Kolleg?" :)
Eng mantastesch Erfahrung!!!
Locke 11.01.2011 - 11:54
jaaaaaaaaaaaaa top smile
Fav derwert smile

ps: bass du lo daat eenzegt daat op d`WM geet, haat mam Gedanke gespillt o puer Fotoen ranzeschécken, mee ka mär keng 3 Vakanzen am Joer leeschten, knéckeg FLASSA do closed_eye
moustique 11.01.2011 - 12:06
messi smile

nee, mir gin zu 2, den Denis Palbiani an ech
Locke 11.01.2011 - 13:46
ah geet hien rem mat.

a propos gesäis de mol waat mäin Drängen op Manta Fotoen där hei fir gudd Kritike brengt closed_eye
svenia 11.01.2011 - 12:30
Ass ee Genoss fir déi Fotoen ze kucken.. Wat muss dat wierklech immens sinn fir déi Déieren esou no ze gesinn.. sinn ganz jalous closed_eye
Gaga 11.01.2011 - 13:33
EINFACH GENIAL DAAT DO ... ECH BENEIDEN DECH FIER T'FOTOEN, MAIS FIRUN ALLEM EM T'ERLIEFNIS ...
MRD, NACH EMEMR CAPSLOCK UN !!! TJÖ
smile
Scyv76 11.01.2011 - 13:39
Freck daat dooten ass beandrockend !! Respekt
JADE 11.01.2011 - 13:48
XLNT - WAOW - MOND AN AAN OPSTOEN HUN- ...

MERCI



(esou eng Serie verdéngt och eng Kéier eng Wochenfoto-"Vitrine", fannen ech smile )
TomEwert 11.01.2011 - 14:21
immens beandrockend serie.
mech flashen einfach d'eleganz an d'schéinheet vun denen déiren. déi liichtegkeet, déis du an dénger photo top eriwerbréngs.
moustique 11.01.2011 - 15:33
Villmols merci alleguer.
Jo et war de Schwees waert closed_eye
Hun nach eng Serie mat enger schwarzer Manta (total schwarz, och om Bauch).
Dei sin immnes schweier ze knipsen, well op der schwarzer Fläch den Autofokus geckech spillt..., muss dei mol nach verschaffen...an all dei aner
pfoto 11.01.2011 - 16:23
Dat sin wirklech faszinéierend Déieren.
Super Fotoen !
Jeanny 11.01.2011 - 19:36
wonnerschei Fotoen
Schluck 11.01.2011 - 22:46
Eng herrlech Serie ... deng Ënnerwasserphotoën gefallen mer ganz gudd ... woar och op den Flickr loussen
moustique 11.01.2011 - 23:15
smile
Maimonides 11.01.2011 - 22:49
Grousse Kino, moustique,
an di 5. gefält mir nach bal am Beschten.
moustique 11.01.2011 - 23:15
ech wees nach emmer nett wei eng mir am Beschten gefälltbigsmile
Blimchen 11.01.2011 - 22:50
immens smile wat muss dat spannent sinn esou engen schéinen Déier iwwert den Wee ze schwammen.
Ech mengen ech hätt Angst.
smile
Also du hues den Moment wierklech super obgefangen. An Qualitéit vun den Fotoen sinn wonnerbar.

ApplEric 12.01.2011 - 14:21
Fantastesch!
Ech sen emmer rem faszineiert vun sou Ënnerwaasseropnaahmen, firun allem wann se sou spektakulär sen.
Bis lo wor ech nëmmen eenmol op Korsika an sou engem Taucherschnupperkurs, ma d^wor wuel net den letzten.

Wierklech all Respekt, gëtt et der dann do net bessen mulmeg, wann sou riesen Mantarochen laanscht een schwammen?
moustique 12.01.2011 - 15:42
merci Eric,

nee mulmeg kee Moment. Wanns de d'Eleganz vun deenen Déiren gesais, kenns de der just fir wei deen leschten Trellert, matt all dengem Material smile
Déi Eleganz kennt och ganz "pacifistesch" eriwwer.
Daat eenzecht Gefill ass Respekt a Bewonnerung...
...et muss een just oppassen datt engem den Detendeur dobei nett aus dem Mond kippt. bigsmile
Ech haat hei bei deser Sequence deelweis eng Dozen ronderem mech. Si hu sech nett gestéiert gefillt a mech an hirem Milieu akzeptéiert.
De Moment steht bis elo a menger Top-Ten vun "Once in a lifetime" Momenter.
Wéi gesoot : einfach mantastech!!! bigsmile
ApplEric 12.01.2011 - 16:50
Jo, ech kann mer gudd fierstellen dass deen Moment engem eiweg an Erennerung bleift, scho leng d'Fotoen sen wei aus enger aanerer Welt.
Du schings och dat richtegt Material ze hun, Fuji S5 PRo, bestemmt dat richtegt ënnerwassergehais derfier, etc.
Hat mer an der Summervakanz eng Sea&Sea Motormarine II Ausrüstung kaaft, ma dei mecht awer laang keng su Biller. closed_eye

Wou muss een dann do ob eisem Bloen Planeit hireesen, fier sou Fësch ze gesin, an wei laang muss een dann do schons Taucherfahrung hun?
moustique 13.01.2011 - 10:17
Meng eischt Ennerwaasser- Kamera war Sea&Sea MII... DIa gemaat. Daat woar schons anescht...
Hun dei och nach emmer doheem smile

Manta-Secherheet hues de zu Tofo am Mozambik. Genial Tauchgäng, mee sportlech, mam Zodiac erausfueren oft vill Wellen, mee genial!
Dann an Indonesien ...Komodo NP, wou ech elo war, och alles Streimungstauchgäng an Sangalaki, eng kleng Insel am Osten vu Borneo.
Dovun ass Sangalaki dei einfachst ze tauchen. Du kanns op deenen platzen all tauchen, wanns de e Brevet hues. mat der Erfahrung ass daat esou eng Saach... Een den 100 TG just hei am Stau gemaat huet, kritt wahrscheinlech mei den Hick, wei een mat 30, deen 15 TG op de Malediven an 15 an Indonesien gemaat huet. Alles relativ. Anescht gekukkt, ass eise Stau och schwierech well et kaal ass. Et seier deischter gett an d'Siicht deels nett emwerfend ass. Do kritt dann den "Cocktail-Diver" den Hick. closed_eye
mischii 15.01.2011 - 11:50
groussartech Biller
ech war beim Schnorchelen op de Malediven sou engem mat Spann weit vu 7 m begéint, do fillt een sech ganz kleng an et mengt een et kéim een Ufo
Dan 18.01.2011 - 13:08
Wow! Impressionant!
gtaddei1 18.01.2011 - 13:13
fantastesch
Blimchen 18.01.2011 - 13:16
schued, dass deng Fotoen net "Foto vun der Woch" ginn sinn.
smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 356 Gäscht online