eierlech gesoot, an huel et net perseinlech. mais ech fier main gout hun ech net sou gaeren sou street. fier mech as daat en bessen "emotiounen-fescherei" .
Dirk, et ass wouer dass dess emotioun fescherei ass. Mee daat ass och ee stil vun street. D menschlech emotiounen anzefaengen, onoofhaenglech vum kontexte. Fir ee beispill aus der fotogeschicht ze huelen , lee Miller huet emotiounen aus dem 2 ten weltkrich geknipst waerend de kappa fakten festgehaalen huet. 2 verschidden stiler!
Dofir ass den emotioncatcher och e stil. Ech sinn keen reporteur vun fakten. D emotiviteit verstinn ech besser .
Ech soen dir merci.
Den Himmel stéiert mech e bëssi well en sou hell ass. Eventuell kéints du den nach e bëssi gro afierwen fir dass en de Bléck net sou op sech zitt. Et ass awer schwéier ze behaapten dass hei eng Emotioun agefaangen ginn ass. Wat gesinn mir hei? Mir gesinn hei dat wat mir aus eis eraus op dat Bild projezéieren, also just eis eegen Emotioun well d'Bild net an sengem ganzen Kontext gewisen gëtt. Ech kéint mir gutt virstellen, well ech den Chaos an den Stroossen do kennen, dass déi al Madame sech do just duerch d'Masse vun den Mënschen, Autoen, Vëloen an Rikschaen gekämpft huet an sech dobäi gefrot huet, wou si wuel nach gutt Gromperen kritt fir den Aloo Paneer virzebereeden. Interessant ze gesinn wéi all Mënsch seng eegen Gefiller doran projezéiert well se als Detail aus dem Gesamtkontext (oder Szene) gerappt ass, an och eng sou ënnerschiddlech Gesellschaft zu eiser Gesellschaft weist.
Mrrci fir dest wieder, du ergaenzt am fong waat ech wollt soen. D projektioun vun sengem eegenen gefill an daat waat een gesait ass oft onvermeidlech. Dekontextualisatioun isoleuert d madame vun sengem geosozialen environnement an dofir kenn een dest foto net gerad als reportage foto betruechten an leisst dann dem subjektiven deel vum betrachter freiheet zur interpretatioun. Aloo paneer!!! Eng sach dei mir feelt an emmer mei
hmm, sin net iwwerzeegt das daat ganzt sou neutral as weis du mengs. Et gett jo awer jkontext gewisen: Alter, decken iwwert dem Kapp, e gestressten bleck... alles zesummen en rezept fier matleed ze erreegen, eng vun deenen ueblechsten an meescht genotzten emotiounen an der photography. Just eng aaner versioun vun enger roud-kraiz oder unicef werbekampagne. Mais daat as dann och alles - nemmen een level. duerfier steiert et mech am fong. well et sou simplistesch fierurteeeler zerveiert ouni mei asiicht an verstaendnis ze brengen...
Interessant, mee bass du dann esou secher dass dest fra mattleed evokeiert? Mir eierlech net esou! Et geseit een och keen armut keen leiden an och keng nout. E bessi eweist du keinst sinn bei eng denklecher attitude! Ech mengen du gees iwert d intentioun vun der foto(mol net vum fotograf) d h du iwerinterpreteierst villeicht?
Ech verstinn ganz genau wat's du mengs an ech kéint mir och virstellen dass déi Foto tatsächlech fir eng Roud-Kräiz oder Unicef Werbekampagne "mëssbraucht" kéint ginn. Dat läit och ganz kloer un der Art an Weis wéi se presentéiert ass. Den Moment, den Bléck, den Cadrage, d'Kleedung, etc. Ob den Gennaro elo genau dat mat der Photo an mam Titel ausléisen wollt soll dohin gestallt bleiwen. Awer dann wier et een Spill mat Stereotypen den menger Meenung guer net der Realitéit entsprécht. Definitiv léist se jo bei verschidden Leit Matleed aus obwuel ech net denken dass déi Fra do Matleed brauch. Awer, wéi gesot, ech verstinn ganz kloer wat dir un der Foto net gefält, an dat ass den emotionalen Bäigeschmaach, den se huet.
lo gesinn ech dat eréischt Gennaro, net fir elo d'Moral ze zerstéieren, gell !
Dat ass dach de neien 70-300L f5,6 a net schaarf ??
jo ok se ass e bëssen verwackelt , wat mech interesséiere giff ... also wengst dem Objektiv ... ISO 400? an d'Zäit 1/200? Ausschnëtt, vill gecroppt ? ( an ech wées dat e gutt !! as )
Also et ass eng kleng Bewegungs onschaerft am gesiit an ech hunn guer net mamm Compu gepusht.
Den 70-300 ass én super apparat an nach lang net esou deier mé et muss én Luucht hunn!
Gekroppt , e bessi 30% /-
D'Exifen hues du jo.
Probeieren gét iwer studeieren, komm lanscht an dann probeiersten ganz einfach, ech fannen dén Stén einfach super (net esou performant ewei den 70-200 f 2.8 mé vill besser ewei den 100-400. Liicht an kleng ... super fir den transport
ech knaen a spueren elo mol fir eng Vollformat an halen mein aaaalen 70-200 f4 Mä am eecht, et wäR eng alternativ techt dem 70-200 an 100-400, déen e nie derbäi huet !