Ech hunn vun engem Frënn gesoot kritt dass de Mark Twain geschriwwen haet dass al Bakterie an Virus den sech respekteiert geif net am Ganges iwerliewen!
Klaeranlagen get do bestemmt net.
Waat geschitt dann matt denen Lait dei sech do bueden , d'Zaenn waeschen asw?
Kreien dei dann Duerchfall oder stierwen dei?
jo Recht huest de, ech denken hiren Imunsystem ass en aneren wei eisen, ech ka mer sos et aneschtes virstellen
dat selwecht wei Latäinamerika vu 80% vu den Touristen och den Virus erwëschen, ech schwätzen aus Erfarung
Lokal lait, sprich Inder, hun en komplett aaneren imunsystem. Vue que dat all hindu puer mol am daag waerend engem religiesen akt sech dran waeschen muss, wei zum schluss eng schlupp aus deem fier sie hellegem Ganges drenken mussen, hun se direkt, just kleng probleemer... Indirekt as et erem eppes aaneschters. Do kommen mer dann zu dem noowues vun deenen dei all daag aus dem Ganges drenken.
Zu Varanasi hun ech lait gesin, mat déformatiounen, lepra, hautkrankheeten am generellen, an geeschtleg zereckgebliwen lait. Daat hun ech an deem ausmoos an kenger aanerer region gesin (ech hun just puer regiounen gesin, et get nach eng gudd steck ze erfuerschen )
Ech schleissen einfach, dat daat duerch den Ganges as.
Zu den klaeranlagen. Et get een hydrowessenschaftler, deen sait den 70er joer fiert propreteit vum Ganges mam staat kaempft, an reicht sait kuerzem huet en deen "kampf" gewonnen. Den staat huet sech neemlech derzou entscheed an e puer joer klaeranlagen beim ganges z'installeieren.