Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Krypteria

 
Krypteria
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (30.12.2010). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    30.12.2010
  • Gekuckt:
    30442
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    12
  • Beliichtungszäit:
    1/125
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    28 mm
  • ISO:
    3200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    560x800
  • Späicherplaz:
    511 KB
  • Originaldatum:
    22.12.2010
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 1D Mark IV
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 24-70 f/2.8
Kategorie: Events »» Concerten
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=51826]
Kommentar vum Fotograf:
Hei eng Concertsphoto vum Ji-In, der Sängerin vun Krypteria, geknippst den 22.12.2010 an der Rockhal. Ech wollt mol eng keier eng am Rouden Toun eroplueden ...

Ët ass ëmmer schweier do eng einegermossen passabel Photo ze kreien mais dei hei huet mer awer zimmlech gudd gefall.

Dei anner Photoën vun Krypteria fann der hei:

http://www.heavymetal.lu/index.php/concert-reports/3975-krypteria-rockhal-eschalzette-22122010-
nostromo 30.12.2010 - 15:33
Whow !
Schluck 30.12.2010 - 23:28
Thx !
zersch01 30.12.2010 - 21:48
béim Ji-In hat ech méih Chance wéi béim Doro
all Kéiers wann e weissen Spot mat derbéi war ass d'Foto och "gudd" ginn
déi hei gefällt mir ganz gudd vun der Perspektiv hiir an dem Gesiichtsausdrock
Schluck 30.12.2010 - 23:28
Bei mir ass ët genau ëmgedreint ... leider sin meng vun Krypteria nët sou gudd gin an ech woar frou dass ech der weinstëns ee puer hat dei ech op den Site konnt setzen.

VeloBen 30.12.2010 - 21:52
Pardon ass vlait eng domm Froe : Ass daat normal daat een bei Konzerten mat esou héichen ISOen muss schaffen?
deBaemm 30.12.2010 - 21:58
waat heescht normal closed_eye et ass fiirdeelhaft, wann deng Camera sech et kann erlaaben! Net vill Luucht = länger Beliichtungzaiten ergo erhéischte Verwacklungsgefoor, wat op Concerten net wiirklech de Brüller ass... am Endeffekt hängt et halt vun der ambienter Beliichtung of déis du zur Verfügung hues!

Bon et gin dann nach aaner Methoden fiir d'Beliichtung kuerz ze haalen:
-Blëtzen : ass net emmer erwënscht op Concerten aus diverse Grënn
- Grouss Blend : zevill Bokeh ass och net emmer den Hit, och wann et ganz artistesch ka wiirkent

a schlussendlech ass et wi mat allem iegentwou stéisst alles an jidereen u seng Grenzen, deen ee mi fréi deen aanere mi spéit. De Schluck ass een vun deenen mi spéide bei de Grenzen mat senger 1D closed_eye
VeloBen 30.12.2010 - 22:00
Merci fier déi detailléiert Aentwert!
Schluck 30.12.2010 - 23:32
Och vun mier Merci fir d'Aentwert
Schluck 30.12.2010 - 23:24
Dei heich ISOen sin mechtëns neideg well soss einfach ob denen meschten Concertën nët genuch Luucht do ass fir Photoën ze machen mat enger Beliichtungzait wou's de d'Bewegung (mol nët d'Verwackelen) kann "anfreierën".

Ech huelen mechtens eng Beliichtungszait vun /- 1/100 an och dat get oft nët duer vu que dass ech ausschliesslech HeavyMetal/HardRock knippsen an d'Jungs ob der Bühn ëmmer zimmlech Gas gin.

Blëtzen ass zu 99% ëmmer een absoluten Tabu ... d'gëllen Regel vun den Concertsphotoën as "3 songs, no flash".Ausserdem fresst de Bletz d'Foarwen an dofir och nët flott.

Heich ISOën hecht mechtens och vill Rauschen an dofir brauch een och een ordentlechen Boitier an liichtstoark Objektiver wat dat ganz zu engem deieren Spass mëcht.

Ech probeieren mechtens fir nët iwwer 3200 ze goën obwuel och nach 6400 nach gudd an 12800 passabel gët.

VeloBen 31.12.2010 - 18:34
Nees eppes beigeléiert! Villmols Merci!
JG 09.01.2011 - 15:51
Woar mer déng Gallerie unkucken. He geseit dach super aus.......do get et naischt ze meckeren géng ech soen. Bass de zefridden mat dénger MarkV ?
Schluck 09.01.2011 - 15:58
Zwar!! Hat virdrun eng 7D (hun ech och nach) mais dat sin anner Welten

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Early

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 428 Gäscht online