super de ido vito,
hues de am Royal t'zemmer missen bezuellen ?
ech sichen och graat en zemmer fier weineg, resp. guer keen geld fier 2-3 Stonnen , freen mech schon op den Bleck wanns de dann mat 2 Fraaleit ukenns
t'leppsen geiff ech e bessen mei erausschaffen, dei sin mer zefill an der teinte vun der Haut ... no den Aan as den Mond daat sennlechs am gesiicht ... deen fehlt hei e bessen ...
kadrage geiff ech gär gesin wann ennen e bessen mei ze gesin wier, mais esou gefällt en mer och gut, en gesait spontan aus ...
hun ech mer och schon geduecht, als alternativ, zemmer lounen, shooting, scheinen owend (mat der Fra, net dem Model) an den Daag drop den eichten um Bureau !
wann ech mech net täuschen hues du probéirt vum filtrage hiir an richtung cross-development ze goen. grad sein ielenbou (riets) huet en bessen vill magenta ofkruet, also ménger meenung no. fannen ech schued dass du séng (schein) hoer net ganz mat dropgeholl hues, daat haett dei ganz szenerie direkt méi weiblech riwerbruecht. eppes wourunner ech perséinlech mech en bessen schwéier doen, ass dat d'aen duerch den maquillage dermossen hervir gehueven sin, dass den bleck awer an der photo selwer net richteg vill ausseet. d'kleed ass par contre schéin an szene gesat, eng touche décolleté get eng touche sexyness. mais : waat steet do um nuetsdesch ? an den luuchtschalter giff ech nach schnell wegmaan, daat ass eng saach vun 2 clicken.
Tom,
Mir sin définitiv net am selwechten Film ...Déi Fotoen hunn ech och...hunn mech awer fir dëst décidéiert wéinst dem indirekte Bléck an deen spontaane kadrag
Die Luucht huet "absolut" missen an d'Bild, Dorems ass et mir gaang, mir gin net am Hotel fir dann den hannergronn ewegzeretouchéieren....mengste net dass, wann Ech se weg wollt, wier se weg?
Merci awer fir deng Mehnung, mä an mengen Ae hätt d'Foto alles verluer ouni di onschaarf Luucht
ech mengen jo net d'luucht, ech mengen den luuchtschalter.
an jo bon, wann dir den bleck gefaellt ass daat natiirlech och gudd esou just dass et zevill poséirt ass fir spontan ze sin. awer daat sin just my 2 cents.
// EDIT
ganz nierwenbei zweifelen ech net un dengen photoshop qualitéiten fir eng luucht wegzemaan, mais wéi gesot ass et jo just em den schalter gaangen
gudd gesinn den schalter kéint effektiv fort...daat mam Magenta Aarm hues och rèscht...durch d'vignet ass déi méi donkel ginn, wosst awer net op ech op där plaatz d'vignett erausmaskéieren, an dann wär den arm net ofgedonkelt par rapport zur vignet, oder et esou lossen...Ech hun dann déi plaatz liicht gedodged (et war nach méi daischter)
Do kann ech och nemmen soen Tip top geschafft. Mir gefällt Retrolook souwisou am allgemengen. Deng Téinung ass dir gudd gelongen, an déifteschärft och. Och prise de vue.
PS: Wosst net dass de Royal Retro Zemmer hätt. Esou eppes kann een emmer gebrauchen, vir e shooting. Freet sech just waat de Spaas kascht.
keen Thema den Daag wou Ech et fäerdeg bréngen eng Foto ze knipsen, die jiiderengem gefällt, dann haalen Ech op matt schaffen
PS: Dës ass méng méscht gefaveden foto op flickr (vun all meng Fotoen)...
Mais on ne peut pas plaire à tout le monde...Fotografie ass "emmer" eng affaire de Gout
Flotten Retro Look. Du häss nach e bessen Grain kennen dra maachen (respektiv gesäit een net well se ze kleng ass .
Daat eenzegt waat mech do stéiert ass den Schalter (waat den Tom och schons soot, gesäit aus wi en Fleck oder eng Méck an d'Model kuckt drop), well deen fällt direkt an d'Aan, den magenta Aarm fannen ech net sou schlemm