Cool Wanterserie! Mer gefaalen 1 an 5 am beschten.
1 ass mol eppes anescht wei di üblech Wanterfotoen (an flotten Opbau) an 5 huet eben de Plus dass se duerch d'Fuerwen eng cool Stëmmung huet.
(Wat net heeschen soll dass di aner aus der Rei mer net gengen gefaalen, ne )
Et wonnert mech dass ech do nach keng Leit mat Fotoapparat begéint sinn (den Zerberuz war jo och schon do). Ech trëpelen all Dag doduerch. Iergendwann erwëschen ech een vun Ierch.
Den Mëttwoch hunn ech mir nach geduecht dass ech am Fong besser hätt mol eng Kéier den Fotoapparat dobäi ze hunn an iergendwéi war ech mir awer sécher dass bestëmmt eng aner Persoun, déi net sou liddereg ass wéi ech, dat gierf iwwerhuelen. Gefält mir excellent. An elo brauch ech mir och keng Gedanken méi ze maachen dass déi schéin Ecker do onfotograféiert bliwwen sinn. Du hues dat wonnerbar emgesaat.
Villmols merci Nagarjuna, daat héiert een gaeren , ech schaffen an deem Eck dofier hun ech direkt vun deem Wierder profitéiert. An well ech mein Apparat all Daag mat op d'Schaff huelen, huet alles gepasst