ah ok, jo ech hunn am Prinzip meng Astellung op dee wäert gesat, well ech dann kann voll zoomen, mat enger klenger Brennwäit, an ouni Verwackeltes, a méi schärft
den apparat verdréit dat ouni verpixelung, ech setzen meng Beliichtung bal ëmmer op -1, da kommen Faarwen jons besser zur geltung
de Wee fir erop huet ënnerenaner 400 Trapen, an do schleefen d'Awunner vun der Insel al Dag ze Fouss, all hier Saachen erop, well de Buergermeeschter net wëll dat do e Lift gebaut gëtt, fir de Site ze erhalen, sou dat d'leit do ënnerwee hir Wueren stockéieren, déi se dann lues a lues, erop droen, wann se gebraucht ginn
jo, du hues de Recht, déi leit haten e liicht grinsen um gesicht, wei se eis gesinn hunn, mat eiser "highttech" ausrüstung an ausser Otem,
an eis iwwerholl hunn, mat 2 Këschten Gedrënks um Réck,
oder engem Waasserfaass, dat Waasser wat mer hanneno als Toilettenwaaser benotz hunn