Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Doro Pesch

 
All Fotoen an dëser Serie:
11786 Thumbnail
11787 Thumbnail
11788 Thumbnail
Doro Pesch
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    06.12.2010
  • Gekuckt:
    28298
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    18
  • Originaldatum:
    03.12.2010
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 1D Mark IV
  • Objektiv:
Kategorie: Events »» Concerten
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=51227]
Kommentar vum Fotograf:
Hei eng SW Photo vum Doro Pesch geknippst ee Freideg an der Arena zu Treier. Ech wollt probeieren d'Photo irgendwei ze retten well sei ass komplett rout an mir as neicht mei annechters iwwereg bliwwen ass wei SW. Vu que dass ech mat SW Photoën nach guer keng Erfahrung hun freën ech mech fir all Hëllef

Hei de recht:


http://www.heavymetal.lu/index.php/concert-reports/3912-motoerhead-arena-trier-03122010
Nagarjuna 06.12.2010 - 22:03
Jo SW... Du has Recht... do ass näischt méi ze retten, och net mat Filteren. Awer am SW kennt se gutt... Een Routstach kritt een jo nach eraus, awer do ass jo alles just nach Rout. (PS: D'Foto ass och schéin bigsmile)
Schluck 06.12.2010 - 22:13
Merci fir d'Bestaetegung ... hat mer ët schon geduercht mais hat gehofft ët geif nach eng anner Meiglechkeet gin ... oder een "Magechen" Filter, Mam Color Efex ass ët jiddenfalls nët gangen
Nagarjuna 06.12.2010 - 22:14
Dat gleewen ech dir 100%. Awer am SW ass se och gutt... virun allen vill besser wéi rout... bigsmile
Schluck 06.12.2010 - 22:23
Jo du sees ët ... gët et keen Routfilter fir op d'Kamera ze schrauwen fir dass ech firbereet sin wann et den 22.12. an d'Rockhal kënnt ?
Schluck 09.12.2010 - 18:38

Kleng Fro .. mech ët een Ennerscheed op een d'Kamera op SW sëtz oder herno am Lightroom konverteiert ??
Nagarjuna 09.12.2010 - 18:41
Et ass besser dat am Lightroom ze machen, falls du mat JPG Fotograféiers. Am RAW ass et egal, do bleiwen d'Faarwinformatiounen och dran wann se desaturéiert gin (obwuel ech mol net wees ob een RAW am SW kann fotograféieren). Awer d'SW Konversioun ass emmer besser um Computer ze machen.
Schluck 09.12.2010 - 18:44
Ok ... schaffen just mat RAW ... wollt wëssen ob ët sech lount fir ëmzestellen. Merci fir d'Info !
Zora 06.12.2010 - 22:42
Daat huet dach schon bei den Dinosaurier gesongen bigsmile ganz flott closed_eye
Schluck 07.12.2010 - 20:32
Jo ... zwar .. mais ëmmer ërm TOP
Zora 07.12.2010 - 20:33
bigsmile
VeloBen 07.12.2010 - 18:47
Wéi ass d'Doro live dann esou?
Schluck 07.12.2010 - 20:29
Dat as einfach ... G. E. N. I. A. L.
zersch01 07.12.2010 - 19:52
egal wéi derlanscht d'Foto och ass ... d'Doro geséit gudd aus! closed_eye
fréen mech op den 22ten an der Rockhal

@Zora: d'Dinosaurier lauschteren ët awer och nach ëmmer gären ... bigsmile
Schluck 07.12.2010 - 20:31
Hat nach keng Zait dorop ze aentweten.. Also do hues de recht... Dinosaurier ... jo Power ewei een T-Rex
Schlimpitz 09.12.2010 - 15:36
einfachen Tip fir concertsphotoen dei durch beliichtung kacke ausgesinn (entweder durch Rout oder durch den photokopeirer, och bletz genannt) einfach an SW konverteiren, geet zu 99 % gut aus smile))


schecken der nach en klengen preset fir LR deen ech fonnt hunn dann kanns de deen direct mol testen smile
Schluck 09.12.2010 - 18:38
Ass getest ... brengt awer do och nët vill, sin um Lätonguepi an dofir hun ech der ët nach nët gescheckt.

Kleng Fro .. mech ët een Ennerscheed op een d'Kamera op SW sëtz oder herno am Lightroom konverteiert ??
Schlimpitz 09.12.2010 - 19:27
ech geif alles am lr machen. du wees jo net am fieraus ob bild scheisse getbigsmile
Schluck 09.12.2010 - 20:04
Bei der do wosst ech ët ...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 415 Gäscht online