e Sport deen ech ni wäert verstoen, sech vir net vill Suen (hei emol) d'Maul bluddeg schloen ze loossen
ok, dat ass awer nëmme meng perséinlech Meenung fotografesch ass d'Serie awer ok
Freet mech dass d'Fotoen der gefalen. Jo mam boxen ass et nun mol esou, dass een et entweder gär huet oder net. Ech kucken den Sport lo schon säit ech 8-9 Joer al war an kommen iergendwéi och ni dovun lass. An ganz Éierlech fir den Sport ze verstoen muss een och eppes domadder ze dinn hunn, an domat mengen ech net nëmmen Fotoen dovun maachen.
Photo 1 4 wieren genial, (super d'Schweesperlen an der Loft) (Hätt een direkt fier een Sportsbuch kéinten huelen!) ... wann se en Tick méi scharf wieren. Och hei wélt ech gaer wessen waats de vun Verschlosszeit haas. Wéi war den AF eigentlech agestallt ?
jo dat mat der schärft hun ech na net sou richteg raus. majo en 320sec. Ech muss mol mat aneren Leit verglaichen, vlait fannen ech dann eraus wat ech falsch gemach hun.
AF war op continous angestallt. jo mat den miessfelder ass effektif richteg wats du sees. emplus leeft do ausser vlait dem arbiter keen an bild wou net soll, an och soss taucht do nix onerwartes op. nächsten keier probeieren ech dat mol aus. thx fir den tipp.
jo ech wees och nach net esou richteg weisou ech hun mussen esou erop goen.
hei ass een link, do geseiss du wei anerer schaffen http://www.photo.lu/image/2009-06-12-boxing/_71R6838.jpg . den huet och 1600 iso awer bei blend 2,8 an 1/640sec. dat ass dei selwecht beliichtung just et war en aneren daag.
jo dat hun ech mer och schon iwerluecht. muss dat mol dei nächsten keier probeieren. Mee den problem ass och emmer et dass een net zevill well experimenteieren well een soss vlait dei richteg foto verpasst.