Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Helmut

 
Helmut
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    04.12.2010
  • Gekuckt:
    31253
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    26
  • Beliichtungszäit:
    1/80
  • Blend:
    f2.8
  • Brennwäit:
    24mm
  • ISO:
    1600
  • Blëtz:
    Keen
  • Beliichtung:
    +3
  • Gréisst:
    532x800
  • Späicherplaz:
    301 KB
  • Originaldatum:
    17.11.2010
  • Fotoapparat:
    Nikon D700
  • Programm:
    M
  • Objektiv:
    Nikkor 24-70mm f2.8
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=51157]
Kommentar vum Fotograf:
Hei aventuréieren Ech mech an engem ongewinnte Terrain fir mech....Kloer inspiréiert vum Newton (also wat ech vun him an Erënnerung hat). Erausfuerderung war mat all deene Luchtquellen an Spigel dat hinzekréien:

Ech géif mech wierklech op konstruktiv Kritik fréen...Och wäll dat heiten guer net mein Style ass (hei hunn ech mech matt der idealiséierung ganz zréck gehaal)
Gaga 04.12.2010 - 13:12
also t'bild u sech gefällt mer ganz gut, et gin awer e puer sachen dei mir perseinlech hei net gefalen :
- sch/w ennerwäsch, gewohten actioun, mir gefällt et net
- den grain fannen ech hei (resp. op flickr am original) ze stark
- de kadrage gefällt mer och net 100% well zevill buedem an baal keen plafong drop as, dier hätt et bestemmt am nachhinein och gefall dei lenks seit och mam eck vum plafong an den eck vum bild ze kommen, nee ? closed_eye
- den spigel, oder dressoir as ABSOLUT den HUMMER, t'luuchten och mat dem stärenförmechen strahl ...

vun de schung schwätzen ech elo net, soss machen se erem de Géck mat mir unhappy
m-otiv 04.12.2010 - 13:31
Bon ennerwäsch konnt ech net eraussichen...model koum vun Nancy ...an Ech haat meng ennerwäsch net derbei smile

Gutt gesinn mam Kadrage... deen cm iwwert dem spigel hunn ech am PS nogestempellt fir iwwerhaat e bessi loft do ze hunn.. méi no lénks war erem eng mauer...ech haat 2m carré fir ze schaffen sad
Den grän (fir meng Verhältnisser) ass och extreem...awer hun meng hausaufgaben gemaach an baséiert sech op 35mm film: Film: 120/220 for 12 or 24 exposures exp. 6x6, & 35mm adapter Rolleikin 2. op enger Rollei Rolleiflex 2.8GX Model 1...
Ech hunn guer keng Aahnung vun waat ech schwätzen...also kann och sinn dass mein grain do falsch leit
Gaga 04.12.2010 - 13:54
ech hun och keng ahnung vun grain, mein kommentar as einfach adg, mein gout eben ... sin keen aus der analog-generatioun ! closed_eye

deng enenrwäsch hätt och net gepasst, hoffen ech emol ganz stark !!! confused
pfoto 04.12.2010 - 18:01
Hat an denger Ennerwäsch, dat hätt ech gaer gesin ! smile

Also ech fannen se immens gudd !
m-otiv 04.12.2010 - 18:27
Merci Patrick.... jo...elo stell en mir dat Bildlesch fir....daat wär och eng Iddi....souguer eng gudd smile...
Merci fir den fav
ZerberuZ 04.12.2010 - 13:16
Also mier gefaellt se super ... ausser dass den model awer vleicht haet keinten schwarz ennerwaesch un hun .. den rescht super .. an erennert iergentwou wierklech un newton biller ...
et huet daat gewessent verruchtend futtist smile
m-otiv 04.12.2010 - 17:11
merci an och fir den fav
Houll-art 04.12.2010 - 15:51
Well ech selwer e groussen Fan vum Helmut sinn, an iwerhaapt vun esou engem Genre Fotoen kommentéieren ech des mol, esou wéi ech et gesinn.
Foto ass an sech e bessi ze kleng vir verschidden detailer, mee waat mir net esou gefällt, sinn dem Meedchen seng An. Déi sin vir mech einfach ze donkel.Et wees een net op et op de Buedem kuckt oder soss irgendwou. Et fehlt och un Ausdrock am Gesiicht D'Ennerwäsch kéint ganz am schwarzen gehal sinn. Denken daat passt hei einfach besser. (mee daat has du jo schon erklärt closed_eye
Location ass net grad aus dem Helmut senger Ära. Mengen hien hätt och méi een uniformen a einfacheren schlichteren Hannergrond erausgesicht. De Buedem, Plafond, Mauer hannen, an Mauer op der Säit sinn all verschidden Strukturéiert waat mech stéiert.
Beliichtung ass gudd bis op Hoer hannen, déi schéinen mir op 255,255,255 ze leien, an doduerch sinn Nuancen flöten. Ech wees selwer dass et net einfach mat Spigelen ze schaffen, an deemno wéivill Plaatz do ass gett et nach méi schwiereg.
Pose vum Model ass gudd gewielt. Wann Broscht vum Meedchen net bedeckt wär, wär et nach en Tick méi Helmut, mee dann wär se hei zenséiert ginn.
Well ech och mol gär Grain an Fotoen dranmaachen, hun ech festgestallt, dass et nie deeselwechten Grain ass wéi een am Analogen erauskritt. Ech wees net u waat daat läit. Hun schon mat verschidden Layeren geschafft, doséiererung verännert,asw... mee et gelengt nie wirklech gudd.
Grain schéint net gläich Grain ze sinn smile Viläicht léiwer e bessi manner Grain wéi de Kontraire, well zevill Grain och de Gesichtsausdrock verännert, zemol wann et keng grousopnaam ass vum Model sengem Gesicht. Hei scheint vir mech de Grain awer éischter gelongen.
m-otiv 04.12.2010 - 17:12
merci dass du dech esou matt desem bild beschäftegt hues...
Probéieren draus ze léieren
endorphine 04.12.2010 - 15:52
sexy
m-otiv 04.12.2010 - 17:13
eh...jo smile
Zora 04.12.2010 - 15:56
Also et wonnert mech emmer rem, wéi's du den Fotoapparat ritt kans haalen bei esou Modelen, very hot closed_eye
m-otiv 04.12.2010 - 17:17
keen probleem smile et kuckt een emmer matt engem Kënschtler Aen...et geet em d'Foto...et ass e bessi wéi beim Dokter. Et ass professionel an net sexuel (hunn daat elo missten schreiwen wäll méng Fra och hei um site ass closed_eye )
Zora 04.12.2010 - 17:28
Ahjo Herr m-otiv, ech verstinn, där Männer sid emmer profesdionnel, versteet sech vum Selven closed_eye bigsmile
dr_kim_veis 04.12.2010 - 16:48
vier den helmuth komplett ze maachen feelt der lo just nach eng mettelformat filmkamera... domadder kris de einfach mei detail an den zaitlosen film flair...

gefaellt mer nach am beschten vun dengen laeschten saachen...
m-otiv 04.12.2010 - 17:20
do bass Du den grousse Spezialist...wéi gesoot, wollt emol eppes neies (fir mech) probéieren...an huet mech duerno vaguement um Helmut errenert...
Mä et ass awer net fir d'läscht dass esou eppes vun mir kennt....
Ech wäert mech e bessi matt analoguer simulatioun beschäftegen
gtaddei1 04.12.2010 - 16:52
Den Helmut huet awer é Schied dén der Foto deift gett, oder guer kén.
De Grain ass awer e bessi ze stark, den Helmut huet am groussen ganzen en relativen Feinen Grain gebrauch.
En plus d'Bild Opbau an d'expressioun vum Model:
Den Helmut huet an sengen Foteon e relativen Absenten regard , eppes Zeitloses . Dat duerch é Sched am Gesiit den eiwesch regelmeissech ze gesinn ass.
En plus d'Hand um Lavabo ass netzlos .. den Helmut huet alles en scene gesaat... och d'Hand
... soss ass des Foto super
Jo den Helmut ass den Helmut ... soss wier dat Buch wat ech dohém um StufffenSchaaf stoen hunn Vito Marinelli intituleiert... awer ech apprécieiren ganzesch vill deng Richtung vun der Evolutioun!!! smile
m-otiv 04.12.2010 - 17:21
merci Gennaro fir deng exact Analyse....Ech wäert, wéi Ech dem Dirk scho soot, mech e bessi méi matt deser matière beschäftegen..
gtaddei1 04.12.2010 - 17:25
dat geif mech vill fréen , wann ech dat soen dierft.
Do kennt én an eng mei Konzeptuell Welt , wou d'Perfektioun én Dél vun der Kommunikatioun ass. En plus , D'Imperfektioun ass dann och én Dél vum Bildopbau...
Ech sinn gescht den Darzaqc lauschteren gangen... hien sét (als non Esthetesch Fotograf) genau dat waat ech ennert Fotografie verstinn ...
Et ginn esou Art Fotografien ewei et och vill Arten vun Molereien ginn. An mein Dada ass d'Konzept Foto wou d'Symbolik emmer mei eng Roll spillen misst... Nu je et ass net einfach.
Super nach eng keier Vito
suraki 04.12.2010 - 21:28
well hei awer schon alles steet, mer gefält d'Bild, soen ech nëmmen eppes zum Grain, dén ech ganz gelonge fannen.
d'Rollei selwer, den Apparat also spillt nëmmen eng relativ kleng Roll, ewéi de grain duerno ausgeséit. Den Rolleikinadapter ass just do, fir dat een an enger 6x6 Rollei en normalen 24x36mm Film kann benotzen. Wann doranner esou e Film a kéen 6x6er verschafft ginn ass, as de grain natierlech vill méi grouss.
m-otiv 05.12.2010 - 00:43
Merci fir deng opklärung...hunn selwer nie analogue geschafft...an die ganz film, grains an crossprozessings, uwm, well ech mir elo eranzeihen an villaicht an mengen iwwerbearbecht fotoen matt eran combineieren...à voir
Jaycee 04.12.2010 - 22:58
Am Usaatz gudd, ech si mer awer sëcher dass den Helmut N. de Model erëm heem geschëckt hätt oder zumindest zerëck an d'Garderob... wéi schons hei gesoot ënner aanerem; d'Aen schéinen just 2 schwaarz Klecksen ze sin, s/w lingerie Mix an de schrecklechen Tatoo um Arm... ze vill no-go's fiir dem Helmut och nëmmen am Usaatz gerecht ze gin. Schued fiir den Opwand a fiir d'Arbecht...
m-otiv 05.12.2010 - 00:23
Et ass nie schued smile aus fehler léieren Ech...an dorems ass et mir hei gaang...dofir ginn mir eis wierker hei zur kritik frai...
Et war mein eischte versuch an daer richtung an elo wees ech waat ech nächste keier aanescht maan.
Awer alles ass subjectiv... Helmut sollt jo nemmen inspireieren...wollt elo keen plagiat maan oder eng 1:1 copie
Jaycee 05.12.2010 - 11:41
Ech mengen fiir é Plagiat misst de eng bestëmmte Foto vum H.N. méi oder wéinier exakt nostellen... den eenzege Fehler hei ass, dass de Model den H.N. Stil nët eriwer brëngt, sou dass een och nët direkt vun H.N. Inspiratioun ka schwëtzen. Un denger Technik hun ech näischt ze bemäkelen...
yannicon 04.12.2010 - 23:07
Also mir gefaellt se am groussen ganzen... Fir sech un dem Newton senger Konscht erun ze trauen muss een eppes koennen... (Vill koennen...) Also mein groussen RESPEKT fir des emol "aanescht" Foto. Wei gesoot, Ech fannen se gudd. Menger Mehnung no muss eng Foto och net " perfekt" sin, den Obbau an den Message sinn fir mech perseinlech daat wichtechst. Veraarbeschtung bleiwt eng affaire de gout... Dem Newton seng Aarbescht gefaellt och net jidderengem... Fir mech dierften d'Fotoen all an daer Richtung sinn, sinn ne onbedengt den Fan vun iwer-beaarbeschten Fotoen... Et geet fir mech perseinlech eichter em Fotographie, an net em Graphiker-Aarbescht... Also weider esou!
m-otiv 05.12.2010 - 00:31
Merci, an och fir den fav...also meng "graphiker-Aarbechten" sin an bleiwen meng grouss leidenschaft...Ech maan jo gäer saachen die am grousse ganzen gudd ukkommen, ech muss awer derbei net meng eegen preferenzen vernolässegen: on ne peut pas plaire a tout tout le monde... Probéieren awer gäeren emmer nei saachen aus... An mettlerweil kreien ech eben viel ufro eben grad weinst deem grafegen style...
Mä al kritik huelen ech mir zu haerz, an versichen e kompromiss ze fannen...
Merci nach eng keier

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
2 Benotzer an 491 Gäscht online