jo dat ass eng Philosophie, hu mer emol soen gelooss dat zb Beispill a, Asien, respektiv Indien, d'leit all esou fuerweg ugedoen sinn fir e bëssen eng aner Atmosphère an hiert oft trist "dasein" ze bréngen, an och eng Saach vu Religioun, fir den ënnerscheede an de Faarwen ze bréngen, wat zb ganz oft an Indien de Fall ass..
eng interessant fro, mä leider kann ech der och net mäi dozou soen, villäicht de google
Jo merci, ass jo schon ganz gudd erklärt, ass mer ebend ob dengen Biller obgefall, an hun mer geduet d'ass daat een Hannergrond muss hun, ech google mol, merci
erëm flott a schéi faarweg,
Poly eng schwaarz Rumm erënnert mech ëmmer un en Doudebild, as awer wahrscheinlech nëmmen en Perséinlech Saach
An dat vun engem deen de Gros vu senge Fotoen verrummt a vergarrelt, ech wollt der just zevirkommen
jo ech hunn och jons oft iwwer dat Thema rumm de kapp zerbrach,
hun se gekuckt mat rumm an ouni rumm, an ech fannen dat eng rumm Foto fäerdeg mëscht,
natierlech hänkt et och oft vum Sujet of,e Kannerporträt gesinn ech net, weist de sees mat enger schwaarzer rumm, dann ass et fir mech en Doudebilt, do hues de recht, do giff ech zb eng wäiss maachen mä fir mësch, mëscht eng rumm Foto fäerdeg, wei bei engem Tableau,
ka mer kee Van Gogh ouni net virstellen, e Picasso jo,
hu mech jons an Fotosausstellungen inspiréiert , wou ech nach net bal eng Foto ouni gesinn hunn
mä du hues en interessanter Thema ugeschwat, dat wir jons e Forum wäert
jo Poly du heels mer d'Wieder aus dem Mond, ech setzen och ëmmer debéi a soe mer, soll ech dës Kéier keng maachen? Ech kommen och ëmmer erëm op dat nämmlecht Resultat.
Am sch/w , wann een vill Biller weist, hëllefen d'Rummen, wann et ëmmer déi nämmlecht oder ähnlecher sinn aus dem Ganzen eng "ronn" Saach ze maachen.
Kuerz ... ewéi du geschriwwen hues, ouni geet et nëmme ganz selten (bei mer )
ech fannen esouguer dat net oft genuch déi "Saach" mat der rumm ugeschwat get, wou jo awer sos als Stëbskär(gottseidank) ugeschwat gëtt
fir mech fannen ech dat e gudden Ustouss zu enger Diskussioun wir
Freier hat bal all Foto eng gezackte wäiss Rumm, fannen dat esou schéin, oft mécht eng Rumm eng Foto fäerdeg.
eng schwaarz Rumm ass fir mech traureg.
deng Foto ass wonnerbar Poly,
eng Rumm mëscht d'Verbindung tëscht der Foto an dem Hannergrond,
du kanns net eng Serie déi harmonesch soll wierken, an zwee grondverschidden Emfelder weisen. Et wär fléicht interessant, mä et giff eppes (komplett) aneschters weisen. ... meng Meenung
Dat stëmmt, vir eng Serie.
Fir eng eenzel Foto misst eng Rumm awer och un den HG ugepasst ginn. Di nämlecht Foto, fir an den Album, hei gewisen, oder fir an eng Ausstellung: huet déi di nämlecht Rumm ?
ech denken souwisou ëmmer an Serien, och wann ech hei meeschtens nëmmen Eenzelbiller weisen. Dat klengt elo fléit arrogant, as et awer net! Fotografie ass fir mech eng Geschicht a Biller déi zesumme muss gewise ginn.
dat kann awer och elo eng Serie vun Hippches an Happches sinn, an Charel ech vergiessen och d'Bild wat eenzel an der Stuff hänkt net, a schléissen dat do aus
An engem Album ass dat natierlech quatsch a kitscheg, woubäi et hei op der Säit awer erëm flott kann sinn