Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Leiwer Häergottsblieschen...

 
Leiwer Häergottsblieschen...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    19.11.2010
  • Gekuckt:
    24370
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    51
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    683x1024
  • Späicherplaz:
    406 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=50805]
Kommentar vum Fotograf:
... bréng ons Speck an Iebessen ee Pont, zwee Pont dat anert Joer da gidd der gesond, da gidd der gesond! Losst déi jonk Leit liewen, an déi al doniewend. Kommt der net bal? D'Féiss ginn ons kal! Kommt der net gläich? Da gi mer op d'Schläich! Kommt der nit gewëss, da kritt der ee Schouss voll Nëss!"

KLICKEN!!!!
Zora 19.11.2010 - 20:54
Igggggiiiitttt, dovun well ech awer naischt iessen, erennert mech un menger Bôm hieren Keller, schööön smile
gtaddei1 20.11.2010 - 02:22
Dat ass alles nemmen gutt saachen aus italien
Zora 20.11.2010 - 07:31
Jaaaa kloer, wans du dat sees, dann gleewen mer daat emol closed_eye
gtaddei1 20.11.2010 - 12:42
Hoppopopp... et ass angemét an dat haellt! sech Joeren laang.. d'Fuerwen vun den Gaardenbounen ass net mei gerad dei original ... mé do ass én mamm Photoshop lanscht komm smile
Zora 20.11.2010 - 12:59
Ma wann daat esou ass, kanns de jo een leckert italienescht Geriicht draus man,bigsmile, daat well ech schmaachen Herr gtaddei1 closed_eye
gtaddei1 20.11.2010 - 15:17
Ok ... mir organiseieren dat ... mat lauter grengs wat de Hue verluer huet
Zora 20.11.2010 - 16:12
Rofl smile
gtaddei1 20.11.2010 - 18:43
ROFLissem
JohnJ 19.11.2010 - 20:58
Ma gudden dann
gtaddei1 20.11.2010 - 02:22
Ech lueden dech ann!
suraki 20.11.2010 - 13:22
an ech verzichten !bigsmile
gtaddei1 20.11.2010 - 15:16
... net ! dat hueste hoffentlech vergiess ze soen so!bigsmile
m-otiv 19.11.2010 - 21:16
e bessi fréih drun...mam liichten...

Schwéir Foto, matt de linien....fir di vertikal riicht ze kréien, sin d'plättercher ennen verzerrt an elo rauten....
Wéi gesoot ganz schwéier an du hues et esou gutt wéi méigleg hikritt.
Deng bea ass wéi emmer top an sujet och
Cacha 19.11.2010 - 23:51
am Vakum hällt daat sech schon smile
dei Linnen gefalen mir gudd closed_eye
gtaddei1 20.11.2010 - 02:27
Cacha, leiw vun dir. Ech hunn nach neischt awer ech soen dir op ech 1 doctor gebraucht hunn.
gtaddei1 20.11.2010 - 02:24
Vito , ech hunn effectivement probeiert linnen riicht ze beien mee et waar schon ales kromm gebaut.
Merci fir de compliment
Schluck 19.11.2010 - 21:20
Hmm ... wat gëtt ët dann den Owend gudds ze nammen ? Dat Gehier do uwen am Glass ??

Dei ass Perfekt fir an irgend ee Restaurant *grins
gtaddei1 20.11.2010 - 02:30
Ech loosen dei drecken an ech proposeiren dess fir expogast 2014. Dei went villeicht... Me et ginn nacho aaner an desem urbex kulinareschem genre
Schluck 20.11.2010 - 09:43
Hehe .. nach besser ewei den Resto *grins.
gtaddei1 20.11.2010 - 18:38
smile
shingo 19.11.2010 - 23:28
Gulp.... een Eck am frankenstein séingem Labo???

Ganz flott verschafft, gefällt mir!
gtaddei1 20.11.2010 - 02:34
Jo sou keint een data och gesinn. Ech hunn Mir elo alt net zefill froen gestallt iwert deem contenue
Nagarjuna 20.11.2010 - 00:28
Ech kennen Leit déi sinn dovun eng Woch krank ginn... bigsmile Wat den Bauer net kennt... dat huet en besser net ze schmaachen... smile))))
gtaddei1 20.11.2010 - 02:36
Mool gesinn , ech hunn nach e puer konserven dei plus ou moins den selweschten alter hunn nach aus engem keller ze schmaachen . En sonndesch soen ech dir bescheed. smile
Schluck 20.11.2010 - 11:03
Wëlls dein Mo alt mol un dei naechst Vakanz gewinnen ?? closed_eye
Nagarjuna 20.11.2010 - 11:06
Ech denken déi doten sin awer bestemmt schon 15 Joer do. Hmmm... Ech mengen do gierf sech de Mo awer sou richteg freen. bigsmile
Schluck 20.11.2010 - 11:24
Zwar ... an och d'Toilette, den Doktor, ... asw. tongue
gtaddei1 20.11.2010 - 12:44
Dir spannt d'Koat ëmmer virum Ox ... mool oofwarden ... et ass net emmer Eisen wat net blenktbigsmile
Schluck 20.11.2010 - 12:53
Hehe ... du sees ët ... oofwaarden. Ech geif op sou engem Trip bestëmmt erhingerën closed_eye
gtaddei1 20.11.2010 - 12:57
Do sinn der awer dei MenschenHam giess hun smile
JohnJ 20.11.2010 - 07:30
Ech kennen Leit dei gin elo an eng Vakanz wou et baal nemmen esou Saachen ze iessen gett
gtaddei1 20.11.2010 - 12:46
Uffff.... dir sidd mir awer der e puer Kautzen... do versuergt mech d'Apdikt mat enger Tuut gudden Pëllen... et waerd ais absolut neischt gescheien...
An dir HAALT ELO DEFINITIV OP ais ONGLECK UNZEZEIEN!!!bigsmile
Jeanny 20.11.2010 - 06:02
Sou sangen si zu Haassel.

Hei kommen däi Haasseler Kanner,
dass eppes kléngs derhanner,
stell däi Leeder, un däi Wand,
huel dat Messer, an däi Hand,
schneit op, schneit of,
schneit, en decke fette Greef erof,
a mäi Kuef, a mäi Kuef,
an, an deen aner hiren och.smile

dat gefält mir, ganz flott

gtaddei1 20.11.2010 - 12:47
Ah Jeanny ... Ekzellent Aentfert ... dat schreiwen ech mir op!
Merci villmols

Jo dei VErsioun ass och ganz super vum Lichtmesdaag
sylvie 20.11.2010 - 08:18
Et giff een niemols zouloossen sou en dreckegen Eck ze hun, an op denger Foto wirkt et awer gudd. Gefällt mer closed_eye
gtaddei1 20.11.2010 - 15:16
Dreckeschen eck? Dé flottsten Eck vum Haus wellste soen... Lo stipo nennt én dat op Italienesch oder d'Reserve op Lux
sylvie 20.11.2010 - 19:44
Ah ok, elo hunn ech alles verstaan closed_eye
Baba 20.11.2010 - 09:40
Gefällt mier iergendwéi déi Bild.
Verschidden esou Spezialitéten sinn einfach besser wanns esou wéi elei gelaagert ginn closed_eye

Mee ech fannen den Original Text vum Lidd vum Nik Welter géif besser passen. Do ass nämlech eng Zeil définitiv aanescht.
...
Loosst déi jonk Leit liewen,
Loosst déi al Leit stierwen,
...
gtaddei1 20.11.2010 - 12:49
Jo ech wés ... mé dat war jo net Beiss vun him gemengt ... Loosst dei Al Leit stierwen huet jo geheescht dass sie an Rou geloossen sollen ginn an dat dei Jonk sech um Dill sollen saetzen an mol eppes machen , fir dat de Krom weider keim
mischii 20.11.2010 - 10:58
gefällt mer immens als Bild a meng Iwwerleeung dozou ass nun e bessi méi seriö.
Wat hun eis Grousselteren sech fréier oofgerackert fir alles am Gaard ze zillen an duerno anzemaachen fir am Wanter eppes ze hun
D'Frigoen waren rar, awer d'Spënnchen an d'Haascht ware gefëllt.
Haut iesse mer Krëschtdaag Erdbier ouni Gout aus Spuenien, grouss Cargoen bréngen eis exotesch Friichten aus Südamerika, a bal keen denkt drun wat mir eisem Planéit do alles undin. De Colorado kënnt nët méi bis an d'Mier, an a Südamerika verrecken Leit déi an de Plantagen musse Gëft sprëtzen ect ect
sorry, ech war viru kuerzem " home" vum Yann Arthus Bertrand kucken, dee geet schon un d'Gemidd
gtaddei1 20.11.2010 - 12:53
Eng Sérieux interpretatioun vum Bild ass mei ewei wellkomm
Du huess vollkommen recht ...mé mach dir keng Suergen ... esoulang Leit do sinn dei traditiounen frech opdecken an weiderdélen dann sinn mir gerett.

Mir machen nach vill selwer... Tomaten Sauche, Tomaten Bokaler, Iertsen , Karotten asw asw ... esouguer Liqueur, ... an mir sinn steannesch ennerwé fir dei Griechesch an Italienesch Kulinaresch Traditiounen frech ze entdecken... Gléf mir do sinn Kuminaresch Van Goghen dorenner!
suraki 20.11.2010 - 13:34
an deen Ätonguepelkäerelikör Michèle, ass exzellent !
gtaddei1 20.11.2010 - 15:15
Ed ... an de Kiischtenliqueur ... ?
suraki 20.11.2010 - 19:39
no du hues mer nëmmen een ze schmaache gin ;(bigsmile
gtaddei1 20.11.2010 - 20:11
Dann mussen mir dann dat nohuelen so!!! mamm Michel an Mamm Charel an wann d'Jeanny och matmachen well ass sie wellkomm... an dei sech wellen unhaengen dei sollen sech hai bei dir mëllen! smile
ZerberuZ 20.11.2010 - 13:28
esou wei et freier eben war bei den lait doheem et ass alles verwaert gin an gehaalen gin ...
herrlech kromm an awer gudd foto
gtaddei1 20.11.2010 - 15:14
Ben natiirlech kromm! Ech hunn an allen ecker gezunn mé ech konnt dat wat kromm op d'Welt koum net mei riicht beien.
Also kromm kenn och flott sinn! smile

Jo dat vun freier keinten mir mol och ais nés e bessi drunn ginn anstatt de Goard verfaulen ze loossen an dann alles an den Auchan kéfen goen
ZerberuZ 20.11.2010 - 18:16
ganz denger meenung ... manner konsum an eweggeheien wier den richtegen wee mais et ass een haut jo keen wann een net mindestens esouvill huet wei den nooper ..

also ech ziteieren dein "Also kromm kenn och flott sinn! smile " bei menger naechster foto dei kromm ass bigsmile
gtaddei1 20.11.2010 - 18:41
Nix ... kromm ass kromm wann et vun ais ofhaengt ... wann et kromm op d'Welt koum an esouguer keng Plastesch PSchirurgie mei helleft dann mussen mir als gutt Chreschten dat akzepteiren... smilebigsmile
endorphine 20.11.2010 - 15:39
nice!
gtaddei1 20.11.2010 - 18:41
Upps ... mengste ... nice ? ech soen dir merci

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 633 Gäscht online