Super Bild! Daat erënnert mech un d'Vergaangenheet, wéi ech nach mat den aalen 55er op Leek gefouer sin. Den Führerstand war e bessen ähnlech, an deemols waren se schons grad esou ruppech. An et war emmer eng Lotterie op een de Wee L-Leek-L och packt ouni ennerwee en Pann ze hun, meescht wéinst Waassermangel well d'Kühleren emmer ondicht waren. Eemol z.B. zu Kautebaach ze bessen fest gebremst, a schons sin d'Schellen ugang well daat bessen Waasser waat nach am Behälter war, hin an hier gelaaf as an dodurch den LWR ugesprach huet....
Jo d'55er sin déi Belsch déi technesch baal d'selwecht sin wéi eis 1800er, just dass se eng elektresch Heizung haaten an d'Undriwsmotoren permanent seriell geschalt waren, statt dass et eng Transitioun gouf vun seriell op serien-paralell. An durch d'elektresch Heizung as den Diesel emmer um 3. Cran gelaaf wann se a Betrieb war, waat am Stand schons gehierlos Kaméidi gemaat huet.
Daat do schengt mer keng 55er ze sin well bei der war een anert Bremsventil drop an daat war lénks. Den Führerstand war jo och lénks an net riets wéi um 1800er. Ech hun esouguer mäin aalt Buch nach aus der Léierzäit. Et goufen och 55er mat Dampheizung an déi waren gréng, déi aner türkisblô.
Ech vermessen den aalen Schrott awer net als Arbechtsgeschier. Foueren haut vill léiwer 2200er .
Ok de mann ass informeiert
Gleewen der mol einfach alles
Bei dengem Bild zu Athus 1 km weider da bass de bei dese maschinnen, sin 2 verschidden modeller do.