Eng Laangzäitbeliichtung... Ech sin net sou frou mat dem Resultat. Et gëtt een Internetsite wou een bal iwwersaturéiert gëtt mat sou Biller. Dofir hunn ech och Zäit gehat mir unzekucken wat bei deenen beschten Biller wierklech "magesch" ass. Déi impressionansten Laangzäitbeliichtungen hunn een rouegen stateschen Sujet ganz alleng an enger absolut beweegten (awer doduerch rouegen) Ëmfält stoen (ewéi een Zen-Gaart). Se sinn am Prinzip zimlech Kontrastaarm.
Wat mech hei stéiert ass dass däin Sujet zimlech onroueg ass an doduerch d'Ae net zu senger Rou kennt. Et ass och ganz staark kontrastéiert. Dem Bild fehlt déi Rou déi richteg gelongen Laangzäitbeliichtungen sollen ausstrahlen. Et ass keng richteg Harmonie dran.
Sou... an elo kréien ech der e puer gudder op d'Panz...
Fir wat solls du dann elo der hei "op d Panz kréien" ?
Du hues vun engem "onrouege Sujet" geschwat. Fir mech ass de Sujet mol net "onroueg", mais inexistent.
An awer gefält mir déi Foto, an ech froe mech op ech dat gesinn wat de Fotograf gemengt huet. Wann dat de Fall wier, wier se méi interessant wéi ee géif mengen. Et ass, op jidder Fall, keen "déjà vu".
@Charel... Merci... op jiddefalls kritt de Nagarjuna keng op d'Panz.
Den Titel: Amerika ... Bal nemmen alles Privat. Och wollt ech kén Zen garden duerstellen .
Wat hues du dann drann gesinn ?
Wat ech hai gesinn hunn war keng Rou ... Eng Loft dei dech mat ewesch gerappt huet ... an dei Zong vun Fielser dei do an dei agiteirt Mier erann gangen ass .
Den Himmel ... menacant ... eng vue vun engem Wanter Mie
"Eng vum Mënsch vergewaltegt Natur", Gennaro,
dat hunn ech hei gesinn.
Dramatesch gewisen,
och den Himmel:
"sublime".
Ee Sujet brauch dës Foto net:
deng Foto ass de Sujet,
am Groussen an am Ganzen.
@Nagarjuna :
Ech wollt am Fong neischt no machen, nemmen LangzaitExpo.
De Kontrast ass stark well just nemmen sous exposeiert ... D'Wasser hunn ech nett waiss gemét wei en sech dat erward , an, ech hun och net alles eweschgewescht wat haett keinten steiren fir eng minimalistesch compo.
Et ass wouet dass eng spannung drann ass mé dat ass no menger Ménung den Himmel.
Kontrast: mmmh dei méscht dei ech gesinn hunn sinn am Fong stark kontrasteiert ... An ech mengen kontrasteieren ech d'Foto relativ vill.
En plus , muss ech mol kucken wei dat alles gét.. Ech muss d'Gefill kreien fir esou eng Sort Foto... Mol kucken wat fir Objektiver ech brauch , wei lang d'Expo muss sinn, wei dat alles aennert mat aenneren vun der Luucht ... an dann mol kucken wei es^ch dat personaliseieren kenn.
Ech hunn nach vill an dem Domaine ze leieren an et ass ne emmer einfach... 1- Sujet , 2 Technik.
Vielläicht hätt ech als éischt sollten Froen wat's du wolls mat der Foto duerstellen. Ech sin mol dovun ausgangen dass et den Wellenbriecher ass. D'Langzäitbeliichtung passt awer fir mech nët richteg dobäi. Ech hun an Frankreich eng ganz Serie Langzäitbeliichtungen mat Wellenbriecher gemeet an et ass schlussendlech keng déi mir selwer gefall huet, bis op eng eenzeg wou ech den ND net drop hat. Mat "onroueg" hun ech d'Stäng gemengt. Ganz vill Detailer... An, wéi's du et selwer sees ass den Himmel och net friddlech. Ech denken dass se ouni Laangzäitbeliichtung besser gewiecht wier.
Genau dat ... Den rivhteschen thema, muss alles nach experimenteiren. Me eierlech gesoot , mir huet se och net iwerzecht an esou sinn frou dass ech an mengem gefill confirmeiert ginn sinn. Wes awer net wei ech dess (en particulier) besser kenn machen
..ech hun dëss Foto elo X Mool gekuckt, an waat ech ech se méi oft kucken waat se mer emmer besser gefällt..
ët ass genau daat, waat de Charel beschriwwen huet, de Sujet ze définéieren an ze gesinn, obwuel en inexistent ass..
Eng gudd Foto brauch kee Sujet, et muss een just d'Ambiance am Bild spieren déi de Photograf bei der Opnahm emfond huet, an där ass hei masseg drann.. ennerstëtzt durch d'Langzaitbelichtung, de Moment, d'Gefill gëtt mat iwwerdroen, an daat mecht fir mech d'Faszinatioun aus.
....et ass eben net ewéi bei enger Beliichtung vun emem Sekonnenbrochdeel, Ausleiser gedreckt, ofgeschloss, agepaakt a färdeg...
Merci villmols! Dein kommentar ass vir mech ee kompliment mat senger justifikatioun. Et ass Keng berougend foto Wei effectivement den nagarjuna erausgehuewen huet. Et ass eng spannung drann dei ech matkRitt hat wou ech mech dohinner gesaat hunn.