Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Muse

 
Muse
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (19.10.2010). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    19.10.2010
  • Gekuckt:
    62063
  • Favoriten:
    8 (Wen?)
  • Kommentarer:
    57
  • Beliichtungszäit:
    1/250
  • Blend:
    f/F/3,5
  • Brennwäit:
    50 mm
  • ISO:
    160
  • Blëtz:
    studio
  • Beliichtung:
    -4
  • Gréisst:
    800x595
  • Späicherplaz:
    327 KB
  • Originaldatum:
    17.10.2010
  • Fotoapparat:
    Nikon D700
  • Programm:
    M
  • Objektiv:
    nikkor 50mm f1,4
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=49945]
Kommentar vum Fotograf:
Vania ouni seng Gasmask...
Scorpius 19.10.2010 - 20:17
Also wan ech deng Models emer sou kuken, dan well ech och ufänken Models ze Fotografeieren hehe cool Flott gemach, alt rem..
m-otiv 19.10.2010 - 20:36
jo, esou e shooting ass méi angenehm wie Ruinen ze knipsen...(waat mir awer och gefällt)
Poly 19.10.2010 - 21:08
jo oft huet och models, déi wei Ruinen ausgesinn, wann d'Fassad nach net opgedroen ass smile
flotte Portrait, eng natierlech Haltung, ech huelen un dat, dat net den éischten shooting war
Scorpius 19.10.2010 - 21:14
Hahaha beiiiise Poly, pfui tongue
Poly 19.10.2010 - 21:20
schwätzen aus Erfahrung bigsmile
m-otiv 19.10.2010 - 21:15
Also sein 4ten matt mir... Awer och den 1sten shooting war hat top...een naturtalent...meng muse halt
Poly 19.10.2010 - 21:21
dann sinn ech frou fir dech, hal der et gutt warem closed_eye
Scorpius 19.10.2010 - 21:12
Ech war bis lo weder an enger Ruin nach hun ech sou schenheeten geknipst weis du closed_eye me dat hun ech demnext awer mol welles auszeprobeierencool
m-otiv 19.10.2010 - 21:18
Majo sin gespaant smile
Schluck 19.10.2010 - 20:22
Ditto Scorpius !!

Ganz flott Photo an scheinen Bléck! An ausserdem gefällt mer dei Model ouni Gasmask besser closed_eye
m-otiv 19.10.2010 - 20:35
jo mir och smile hehe...an wéi den Titel et schon seet, ass et matt hier schwéier eng schlecht Foto ze maan
tomdi 19.10.2010 - 20:48
Ganz schein Foto. D'Beliichtung ass op den Punkt closed_eye
m-otiv 19.10.2010 - 21:17
Merci Tom...ah du kucks d'beliichtung ? closed_eye
tomdi 22.10.2010 - 16:19
euhhh, .... jo als zweet closed_eye
m-otiv 22.10.2010 - 17:16
bigsmile
Cacha 19.10.2010 - 21:36
Halleluja waat fir eng super Foto an m-otiv bigsmile
m-otiv 19.10.2010 - 21:54
Praise the lord
ekimlux 19.10.2010 - 21:47
(geläscht)
m-otiv 19.10.2010 - 21:53
Merci Mike, och fir den fav...
shingo 19.10.2010 - 22:54
Wonnerbar Photo!
Perfekt!
m-otiv 19.10.2010 - 23:18
Merci shingo...hat elo net matt esou vill feedback gerechent...freet mech
shingo 19.10.2010 - 23:32
me dach,
bei deem Model
an deem Photograph! closed_eye
TomEwert 20.10.2010 - 00:07
ech fannen d'luuchtsetzung och interessant. d'effektluucht op den hoer ass gudd agesat, ech haett vielleicht den cerne ennert den rietsem (sein lenkst) aa weggestempelt, respektiv opgehellt. mat der schreft an den verschiddenen faarwen kann ech mech net esou richteg ufrennen.

waat fir liichtformer haas du am studio ? ech kann d'reflexer am aa net richteg deiten smile ??
m-otiv 20.10.2010 - 00:33
Eng eenzeg luucht...d'luuchtverdeelung ass am PS entstaan (intuos 4 nogemolt)...hoer sin aus enger zweeter méi beliichter raw (doppel-raw konvertéirung)
TomEwert 20.10.2010 - 02:03
hdr am portrait bereich ... ok sin am fong guer keen fan vun esou geschichten, mais hei ass et wierklech gudd gemeet.
m-otiv 20.10.2010 - 12:12
jein... gang und gebe an der beauty retouche
gtaddei1 20.10.2010 - 15:46
HDR net mé Blending ...
HDR am Portrait ass immens interessantmé schweier.
HDR kombineiert mat Blending dat ass nach well nach mei interessant ... Et bricht én mol net mei d'Schieter opzepassen (ombre jettée)
Zur Foto: flott an ganz douce
m-otiv 20.10.2010 - 16:10
Merci Gennaro smile
Babalux 20.10.2010 - 01:31
Top
m-otiv 20.10.2010 - 09:15
merci fir den fav
BlueRic 20.10.2010 - 01:32
Dierf een froen wéi s de d'Foto bearbecht hues. Also haptsächlech d'Haut mengen ech.
alex 20.10.2010 - 01:34
Wonnerschéin gemaach Vito, Respekt. Wéi wier ët mat enger Serie Fotoen, sou 12 Stéck, mat dengen Modelen, dengen Idien an Ëmsetzungen, ech mengen ech géif deen Kalenner wëllen smile
m-otiv 20.10.2010 - 09:16
bréng mech net op Iddien bigsmile
Jeanny 20.10.2010 - 06:54
geseet aus wei eng Parzeläinspopp,
ganz flott fotograféiert a verschafft Vito
m-otiv 20.10.2010 - 09:16
Merci Jeanny
CocoW 20.10.2010 - 07:52
schéinen Portrait,gefällt mir gudd
m-otiv 20.10.2010 - 09:16
Merci Coco...och fir all deng Aaner comments
Laurent76 20.10.2010 - 08:23
Excellent Vito....., ech mengen besser get et net souwuehl Beliichtung Haltung Cadrage...., eng vun deenen beschten dei ech hei um Site gesin hun....!
m-otiv 20.10.2010 - 09:17
Wow Laurent smile wann dat keen Kompliment ass smile
arwa 20.10.2010 - 10:04
TOP - mei fällt mir dozou nët an
(wann ëch bedenken, weivill Models ëch an déen letzten drei Joër virun der Camera hat......... dei méescht sou ëm dei 90 unhappy unhappy....)
m-otiv 20.10.2010 - 10:12
smile am bèschten alter .... Merci Armand
henridacruz 20.10.2010 - 12:21
Wow gefällt mer gudd déi doten.
gudd geschafft Vito!!! closed_eye
m-otiv 20.10.2010 - 12:23
merci Heng...och fir den Fav
ChLo 20.10.2010 - 12:22
Wow. Super Portrait.
m-otiv 20.10.2010 - 12:24
merci Christian...freet mech...an och natierlech fir den fav
ekimlux 21.10.2010 - 01:18
(geläscht)
Lola 21.10.2010 - 18:34
wonnerschein! smile
m-otiv 22.10.2010 - 10:53
merci Lola
rom 22.10.2010 - 13:42
Super
m-otiv 22.10.2010 - 15:13
merci Romain
DenShadoW 22.10.2010 - 16:15
Ganz flotten Portrait closed_eye ..gudd an Szene gesaat
m-otiv 22.10.2010 - 17:17
merci villmols...och fir den fav
OK-Photography 22.10.2010 - 21:38
flott an propper!
allerdings as mer dengem Model seng Hat zefill glaat...wees net op ech do ze kriddlech sin oder op do zefill SPachtel as....firunallem ronderem dAan an op der Stier steiert mech iergendswei....

as awer eppes waat mech bei 98% fun den Beautyfotoen stéiert...sen einfach keen Fan fun dem Make-up-aus-der-Dous.... cool

as awer propper beliicht an och soss flott fir an den Portfolio! smile
m-otiv 22.10.2010 - 22:11
Merci fir dein Kommentar.. freet mech
Natierlech ass et aus der "Dous" Oli smile an Ech wees Ech kréien dech net derzou deng Meenung ze änneren. Du bass jo guer keen Fan vun HDRen, beauty Retouchen etc. Bei 800px gesait een bestemmt keng Poren méi oder Haut Textur. kuck dir se villaicht an voller Opléisung un. Glatt ass se net smile
Lfullres ...
retouchéiert? Jo...guilty as charged...
Ech probéieren mech ze besseren an ze doséieren weivill nach no foto soll ausgesin...Mä mir gefällt den "e bessi molerechen" look am moment ganz gutt
OK-Photography 22.10.2010 - 22:16
harharhar bigsmile bigsmile

okok - FR gesait schon direkt FILL besser aus!! closed_eye
do sin nach puer Poren op den Baaken iwreg, daat geet mer duer hihi ;p

retouchen gehéiren bei sou Fotoen derzou...allerdings fir mech net méi wei onbedingt néidech...am Endeffekt sin mer dach all nemmen MENSCHEN :P

merci fir den Link! closed_eye
m-otiv 22.10.2010 - 22:42
bigsmile ma graad... Ech machen et effektiv offensichtlech extreem retouchéiert...wei e konschtwierk...wier schued esou vill ze schaffen fir das keen et mierkt (och wann dat di besser retouchen sin)
OK-Photography 24.10.2010 - 11:23
hehehe bigsmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 322 Gäscht online