Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

stairs to heaven

 
stairs to heaven
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    18.10.2010
  • Gekuckt:
    30292
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    42
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x1201
  • Späicherplaz:
    361 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=49910]
Kommentar vum Fotograf:
an enger verlossener aaler Industriehaal gesin
m-otiv 18.10.2010 - 18:00
stairs to heaven n°154 op PG smile Stairway to...
Mochel 18.10.2010 - 18:13
hehe jo, waat natirlech och top waer, wann deng Rolltrapp ganzt an waiss goen geif. Geif mer dann esou virkommen wei an engem Film, wou een um Buedem leit an an Gedanken gesait een deem seng Seil an den Himmel eropfueren. Makabar mee
m-otiv 18.10.2010 - 18:39
Nee also eischter den titel closed_eye den esou oft benotzt get hehe...ech mengen ech war och schon emol op däer plaatz...mä des trapp war mir net esou gudd geroden...den johnj haat och eng gudd kritt
ZerberuZ 18.10.2010 - 18:00
cool dei traap smile
Mochel 18.10.2010 - 18:13
merci villmols
dr_kim_veis 18.10.2010 - 18:10
schein perspektiv, schein propper...
Mochel 18.10.2010 - 18:14
merci daat freet mech, mee propper wor et do net ... closed_eye
dr_kim_veis 18.10.2010 - 18:14
smile
suraki 18.10.2010 - 18:27
mer gefält déi vue do och smile
Mochel 18.10.2010 - 18:31
merci ED freet mech
Miisamm 18.10.2010 - 18:41
Mega perspektiv, lo sin ech se schon baal eropgefall bigsmile
Top
Mochel 22.10.2010 - 12:53
thx
VeloBen 18.10.2010 - 18:50
Schéinen point de vue fier den Weitwenkel anzesetzen.
Mochel 22.10.2010 - 12:53
Des Foto as mat engem Fisheye gemeet gin. Mam Weitwenkel hätt ech net esouvill drop kritt. Merci vir den Comment
VeloBen 22.10.2010 - 19:44
Gutt ze wëssen. Hei hues deen optimal agesaat. Ass jo soss net esou einfach brauchbar motiver fier fisheye ze fannen.
gtaddei1 18.10.2010 - 19:57
Flotte cadrage , me ech haett dei fensteren vum fong net mat drpp gemeet oder , plutot , mei dropp geholl. Esou steiren dei e bessi. An dengen fensteren sinn vill esou bli an roud streifen, wat een chromatesch aberratiounen nennt. Dess sin extrem onesthetesch. De FE mmmh leiwer den BW.
Flott teinung
Nagarjuna 18.10.2010 - 22:30
Dat huet mech am Fong och gestéiert. Ech duecht een Moment dass et um Knascht vun dem delabréierten Gebäi läit. Awer dann hun ech rischtesch gesinn. D'Objektiv ass wuel net dat bescht?
gtaddei1 18.10.2010 - 22:45
Oder den auteur wees net em waat et geet, dat ass och meiglech. Do war en oofgestuerwenen eng zait op photogen , den huet eng foto gemeet wou an 1000 fensteren net eng enzesch aberratioun war. Eng aaneren keier huet hien all distotioun manuell korrigeiert op de mm genau.
Esou en waerten mir net mei hai fanne n.
Schued dat hien FIR emmer verschwonnen ass.
Den hat och esou en exoteschen numm wei du. Me mir sinn na well hai gewinnt indesch mythologesch n imm ze fanne n. An menger zait dei ech kappwenker zait defineiren war dat och schons esou
Nagarjuna 18.10.2010 - 22:57
Ah OK... Kappwenker... Cool smile Dat erennert mech un een Film vum Louis de Funès.
Poly 19.10.2010 - 00:47
bigsmile
gtaddei1 19.10.2010 - 13:08
Louis de Funès?
Wou wenkt den dann mamm Kapp?
Ech kenn mech net errenneren dass hien an engem Film mat enger Misett duerch Geigend getreppelt ass wou den Anarchisteschten Zéchen drop war and 200 x Peace drop stung. BAnnen waren emmer esou Blieder ... Cannabis ... Blieder gemoolt.
Dei mescht haten eng Militar Jacket unn oder én langen Groen Wollen Mantel an eng Palestinaenser Schal ronderemm den Hals. Ah jo ... net d'Rasta Mutz vergiessen... Eng Fusion Mode , an anneren Wieder
Enfin hunn dei dann mamm Kapp gewenkt bei all Wuerd wou sie gesoot hunn ... Eng Flott Zait!
Nagarjuna 19.10.2010 - 13:19
:D
Beim Louis de Funès gëtt et jo och den Film wou hien Gendarme ass, an einfach eng Popp vun sech op een Stull gesat huet déi och ëmmer mam Kapp gewénkt huet. Awer deng Kappwenkerten kennen ech och ganz gutt.... smile smile smile
gtaddei1 19.10.2010 - 14:13
Ah , Yess ... wés elo wat fir én ... an engem vun sengen St Tropez Filmer
Mochel 22.10.2010 - 12:59
Zali, ech hun daat schons mat der chromatescher aberratioun gemierkt. Hun et ewer leider net ganz behuewen kritt. Ech muss weider dorunner schaffen, mee esou wei dain ofgestuerwenen get et secher ni closed_eye

Mee wien wees villaischt steet den ofgestuerwenen irgendswann eng Keier vun den doudegen op. Hoffnung soll een net opgin. Esou wei ech se net opgin dei chromatesch aberratiounen irgendwann eng Keier an den Greff ze kreien. Dei nerven mech nämlech gewalteg
gtaddei1 22.10.2010 - 13:13
smile
Den Ofgestuerwenen: Shantideva den Buddhist... dann ass jo schons erem do an enger Form vun engem Normalen, villeicht.
Jeanny 18.10.2010 - 20:21
eng ganz flott Perspektiv a Foto
Mochel 22.10.2010 - 12:59
merci Jeanny daat frett mech
jeromed 18.10.2010 - 20:32
Schein gin Mich, mengen brauch och en Fisheye,... closed_eye
Mochel 22.10.2010 - 12:59
thx jo mam Weitwenkel as et hei net duer gaangen wann een ganz no drun wor un der Traap
gloda 18.10.2010 - 20:45
Foto: gutt, flott Perspektiv.
Titel: komm schonn. E bëssen Kreativitéit fir vum Kitsch ewech ze kommen.
Nagarjuna 18.10.2010 - 22:32
Firwat Kitsch? Inspiréiert vun engem "ultra" bekannten Lidd vun Led Zeppelin (obwuel et do Stairway hescht).... oder huet et näischt domat ze din? (Obwuel... no Heaven gesäit et do net aus... oder ech well net stiewen)
gtaddei1 18.10.2010 - 22:41
Nagarjuna, de mochen get elei hechstens op den 2 stack do wou d control zentral ass. Ech war dohinner mat engem , haut, doudeschen kolleg.
gloda 19.10.2010 - 14:06
Kitsch well al zweet Foto wou eng Trap drop ass sech bei deem Lidd inspiréiert fir en Titel.
Nagarjuna 19.10.2010 - 14:28
Ah OK, stemmt... Ech war mol Googlen (Images), an do ginn et der och genuch. smile
Mochel 22.10.2010 - 13:02
@glado: Merci a mam Titel wert mech besseren, haat ewer elo net geduet daat deen schons x-mol benotzt gin as

@gtaddei1: maach wann deen dech geif heieren dats du en als Doud erklärs, oder as en erem operstanen vun den Doudegen hun virun kurzem nach eng Mail vun him kritt gehaat closed_eye
Poly 19.10.2010 - 00:46
flott Perspektiv, do war bestëmmt emol eng kéier d'Paradies fir Suen ze verdéngen, iert ausser Betrib gesat ginn ass
Mochel 22.10.2010 - 13:03
Jo, an daer Branche as zwar nach Suen ze verdengen mee et geet emmer erem op Käschten vun deenen klengen, well dei grouss an deck emmer mei Boni maachen wellen.
He-Lx 19.10.2010 - 14:08
Extrem wirkungsvoll.
Mochel 22.10.2010 - 13:03
merci villmols
Metalbambi 19.10.2010 - 16:16
Ass mir ze vill Gro, zumools d'Trap selwer, kéint en bëssen méi Kontrast verdroen. Den Cadrage ass menger Meenung no och ze enk, ass net harmonesch.
Mochel 22.10.2010 - 13:05
Zali, also weinst der Faarw kann ech net haat ni mam Architekt ze din gehaat smile.

Soss soen ech der ewer merci vir deng Kritik. Et soll een jo och eppes dobei leieren
JohnJ 19.11.2010 - 15:26
.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 437 Gäscht online