Du och? Ech och! Iwwregens war des läscht eng ganz interessant Sendung iwwert Fraktalen, de Mandelbrot an d'Konsequenzen vun där Geometrie/Mathematik op arte, mengen ech. Dat huet mir gudd gefall.
Wéi déng Foto hei iwregens och. Et bleift awer nach d'Fro ob Far "einfach" ass??
merci Nico,
leider sinn ech net genuch Mathematiker fir ganz déif an d'Matière ze gesinn,
et ass awer eng immens flott Saach sech mat dem ganzen Chaosthema do,
e bësse méi genau, auserneen ze setzen.
Ech wollt emol op mengem Mac, just wengst de Fraktalen, en Windof drop geheien,
do ginn et nämlech Wahnsinnprogrammer, déi net op OSBasis lafen.
Als Info fir PCuser, méi Stolz huet mer dat awer net erlaabt
(néé et war net echt, et war e bëssen gestëppelt, mer as d'Plattform net "esou" wichteg )
Mengs du ech wier da Mathematiker genuch, fir dat ze verstoen???
Ech hun hei Bicher driwwer stoen an deelweis glies dran. Och wann ech net vill verstaanen hun, wat do dra steet, et ass awer duer gaange, fir méng Begeeschterung fir déi Saach ze stëpelen an an der Riicht ze haalen.
Net freien. kaafen! Wanns du op pabeier rulle kanns verzichten, dann kriss du näischt besseres fir dee Präis. Ech hun den 3800 schon zanter 2 Joer a sin nach ëmmer total begeeschtert. An ech printe vill, gaaaanz vill.
ech kann dem Nico nëmmen zoustëmmen,
also ech hun dee "klenge Bruder" vum 3880, den 2880 "A3plus" weinst dem Pabeier op der Rull, deen mat denen selwechten Faarwen ewéi den 3880 hantéiert, Ultrachrome K3 mat Vivid Magenta, an deen ewei den 3880 ebenfalls enorm gudd an den Tester ofschneid, zemols waat den S/W Drock betrëfft. Ech printen zu 99% S/W, an ech kann just soen... "excellent", zemools op Barytpabeier /- 300g an driwwer
Thx fir d'Info, klengt ganz intressant.
Eng Software also fir kennen iwwert d'Standardlängt vum Pabeier ewech ze printen, also méi grouss ewéi 61cm bei A2plus , wéi bei denger Foto vun Lëltz??
Wéi verhällt et sech dann mat der Qualitéit, wann ech d'Foto richteg aschätzen misst se jo ronn 1m lang sin?
merci dir Zwee, elo hunn ech d'Zong esou laang, dat meng Vollformat e bëssen no hanne rëtscht ! Ech wäert iech nach matdeelen, wat an de nächste Wochen geschitt
@ marker: de Mirage ass ee super Programm fir Héichqualitéit's Ausdréck mat Epson. Ech hun den Tipp aus der Zeitung "Fineartprinter" kritt, wou se dee Programm firgestallt hun. Do hues du net di Problemer mat dem Color Management wéi am PS oder LR. Et ass also net nëmmen ee Programm fir di technesch Limite vum Epson Driver ze ëmgoen. Ech hun iwwregens nach eng Foto vun engem Panorama. Deen ass net grad 2, 5 Meter laang. Kuck mol hei! http://www.abload.de/image.php?img=dsc_6003_coth.j...
Ma dee Pano do gesait ofphotographéiert scho gudd aus, dann kann ech mer virstellen dat en an der Realitéit super ausgesait. Respekt..!!
Ech printen praktesch guer net méi faarweg, wëll dee ganzen "Zingelabumm" , weder mat Faarwprofiller vun de Pabeierhiersteller, an en plus de Color Management am Ps op Anhieb keng zefriddenstellend Resultater liwwert, an daat ganzt méi eeng experimentell Geschicht ass ewéi een geplangten Print.
Ech konzentréieren mech haaptsächlech op S/W, an do hun ech excellent Resultater déi praktesch mat enem Baryt-Print aus der Duka kënnen mathalen, an daat aleng mam Color Management vun der Imprimante.
"fine art printer" ass wirkeleg eng Top Zaitschrëft, an et sin och durch Tester aus dëser Zaitschrëft wou mech zum Kaaf vum Epson Printer bewoen hun.